Indien (5): Delhi, Roorkee, Agra an Darjeeling

An der Ouschtervakanz war d'ONG TransFair-Minka an Indien, fir sech verschidde Projete vu Partner am fairen Handel unzekucken ... awer net nëmmen!
Dertëschent ass och nach e bëssen Zait fir Leit, Kultur a Kulturen, Gewunneschten an Impressioune bliwwen. Déi Responsabel vun TransFair waren ënnert anerem an der Regioun vun Delhi, zu Roorkee (eppes méi nördlech), zu Agra an an der Regioun Darjeeling.
An Indien spillt sech immens vill op der Strooss of. Virun allem un dee méi chaotesche Verkéier an dee ville Kaméidi an de Stroosse vun der Haaptstad Delhi muss ee sech gewinnen. Mee och an den anere méi grousse Stied gëtt Dag an Nuecht getut - eng Nuetsrou kennen d'Inder net. Iwwer Land ass dat éischter anescht. Laanscht d'Stroosse pulséiert d'Liewen, lafe Kanner, ginn Liewensmëttel, Handwierksgeschir an all aner méiglech Gebrauchsgéigestänn ugebueden. Op de Stroossen dominéieren nieft ville japaneschen Autoen, d'Camione vun Tata (deem groussen indeschen Automobil-Konzern), Motorieder, déi sougenannt Tuk-Tuk'en (Dräirieder), an d'Kärercher, déi vu Béischte gezu ginn.
Ronn 170 Kilometer nördlech vun der Haaptstad Delhi läit Roorkee mat sengem 100.000 Awunner. Si gehéiert zum Staat Uttarakhand. Hei huet sech de Grupp vun TransFair-Minka virop verschidde Räis-Projeten ugekuckt (cf. Deel 1 vun eiser Serie).
Agra ass an éischter Linn wéinst engem Gebai bekannt: dem Taj Mahal. Dobei geet et ëm ee Mausoleum, wat de Shah Jahan senger Lieblingsfra Mumtaz Mahal gebaut huet, déi am Joer 1631 stënterlech gestuerwe war. D'Gebai - dat ee schonn eng ettlech Kéieren op Biller gesinn huet - grad wéi déi ganz Anlag ronderëm bleiwen een absolut Erliefnis. Deen Ofstiecher sollt een op kee Fall fale loossen. Nieft dem Taj Mahal ginn et awer och nach eng Hellewull aner wonnerschéi Gebaier, esou ënnert anerem den Agra Fort. Rondrëm de ganze Fort geet eng 2,5 Kilometer laang duebel Mauer mat rouden Sandsteeplacken. D'Gebai ass Mëtt vum 16. Jorhonnert vum Mogulherrscher Akbar gebaut ginn.
An der Stad Darjeeling, awer och am Distrikt mam nämmlechten Numm erënnert nach esou munches un déi britesch Kolonialzait. Déi grouss Téiplantagen, déi pittorek Eisebunn, déi zum Deel gutt erhale Kolonialhaiser an och den Niwwel, dee ganz regelméisseg um Rendez-Vous ass. An deen Niwwel huet der Reesgrupp och d'Vue vum bekannten Tiger Hill op den 8.500 Meter héijen Kanchenjunga verspärt. An der Régioun huet sech Transfair-Minka virop fir den Téi intresséiert. Do dernieft huet awer och d'Visite an engem tibetaneschen Flüchtlings-Center eng gréisser Roll gespillt. Do derzou kënnt Dir eis Reportagen an den zwou läschten Sonndeszeitungen noliesen, an nokucken. Vill Spaass dobei.
