Schwéier ze verdauen! Domadder mengen ech net den indische Curry oder den Tandoori Chicken, deen hei wonnerbar schmaacht.

Vill méi schwéier ze verdauen fir eis Europaer sinn déi onendlech Usammlungen vu Mënschen, déi an der Milliounenstad Delhi oder der "Klengstadt" Roorkee (100.000 Awunner) sech bewegen, lafen a fueren.

Alles op d'Strooss ...

Um Wee fir op Roorkee, dat 130 km oder 6 Autosstonnen vun Delhi am Norden vun Indien lait, bidden d'Stroossen iwwerall dat selwecht iwwerfëllte Bild. Egal op am Dag oder an der Nuecht, den Traktor fiert nieft dem Taxi, Velo, Camion, Motorrad (max. 4 Persounen!), Bus, Ochsen oder Kaméilgespanner mat risegen Unhaenger an natierlech net ze vergiessen, den obligaten Kéi, déi sech fräi op der Strooss bewegen kënnen!

Op der Breed vun zwou Stroossen draengelen an iwwerhuelen sech heinandsdo bis zu 4 Gefierer. Ech faerten awer net bei der Abberzuel rsikanten Iwerhuelmanoever. Dat wier zwecklos, well soss géif een aus dem Faerten guer net méi erauskommen.

Bei desem bevoelkerungsräichste Land vun der Welt mat sengen 1,2 Milliarde Menschen kënnt ee liicht vergiessen, datt Indien d'Land vun den Dierfer ass. D'Majoritéit vun den Menschen lieft hei iwwer Land, a klengen Dierfer.

Eist Ziel ass dann och eent vun dësen Dierfer an der Regioun Luxor am Norden vun Indien. Do hu sech d'Räisbaueren an enger Kooperativ zesummengeschloss. Si maache mat am Fairen Handel zënter 2003. No ronn 6 Joer ass et dofir héich interessant ze gesinn, wat si erreecht hunn. Wat huet sech fairännert fir si duerch dës Zesummenaarbecht?

De Wee vum Fairen Handel ...

Fir bei si ze kommen sinn d'Stroossen net méi esou iwwerfëllt. Awer och net méi geteert, soubal et vu Roorkee aus fortgeet op d'Land. An domadder si mir och direkt bei engem vun den Räisbaueren hire schlëmmste Problemer.

Hir Weeër, oder besser gesot Stëbsweeër, ginn an der Monsumzäit, déi elo geschwënn ufänkt, am Reewaasser ënner!

... ass d'Zil!

Dofir ass dat eischt wat hir "Clubs", sou nennen si hei hir Mini-Kooperativen, decidéiert hunn ze bauen mat de Prämiegelder aus dem Fairen Handel: Stroosseweeër! Fir datt d'Räisbauere sech endlech kënnen och zu Reenzäite bewegen an net wuertwiertlch am Reewaasser ënnerginn, hu si dës Weeër ugeluecht.

De Wee ass d'Zil! An dat ass an dësem Fall net nëmmen symbolesch ze verstoen.

En anere "Club" vu Räisbaueren huet sech entscheed, fir mat de Fairtrade-Primen eppes nieft sou engem Wee opzebauen. E Bushaischen aus Zillen, fir datt déi, di an  der Monsunzäit de Bus mussen huelen, net och ënner a komplett naass ginn.

Jiddereen huet eppes dovunner!

Vill vun dëse Projekter, di vun engem vun den 30 "Clubs" vun de Räisbaueren réaliséiert goufen, kommen net nëmmen de ronn 1.000 Memberen vun der Kooperativ an hire Familljen ze gutt. Dovunner profitéieren och d'Awunner aus den   Dierfer, wou si sech zu 20 oder bis zu 80 Baueren zesummengedo hunn, an esou engem "Club" oder enger Mini-Kooperativ.

Houfreg op dat, wat si mat de Sue realiséiert hunn, gesäis de ëmmer och op engem Schëld stoen, wou di Suen hirkommen, mat deenen dëse Stroossewee, dëst Bushaischen oder dëse Schoulareal finanzeiert gouf: den Suen aus dem Fairen Handel.

RTL

"Wat huet de fairen Handel Iech dann nach bruecht, nieft de Suen?"

Den Här Singh, President vun der Kooperativ zanter 3 Joer, brauch bei dëser Fro net laang ze iwwerleeën: decisioun making power! Duerch hiren Zesummeschloss an den 30 "Clubs", di an der 1.000 Member staarker Kooperative federéiert sinn, ass Gemeinschaft e Wuert mat Inhalt fir si ginn. Si huelen zesummen Entscheedungen, di si all betreffen a virun allem hirt Liewen verbesseren.

"A wéi gesäit et aus mat der Roll vun de Fraen an den Dierfer bei dësen Entscheedungen?" Op dës Fro ugeschwat, seet den Här Singh: "Eis Fraen, di froe mir och, wann Entscheedungen geholl ginn. Demnächst wärten mir mat eise Suen aus dem fairen Handel Trainingscoursen organiséieren, déi eise Fraen zegutt kommen."

Och wa bis elo am traditionnelle Rolleverständnis vu Mann a Fra just Männer Member vun de Kooperativen sinn, esou sinn éischt Schrëtt a Richtung vun enger Verbesserung vun der Roll vun der Fra geholl. Awer dëst ass nach e Wee, deen nach eng Rei vun Schrëtter verlaangt.

En neien Wee zesumme mam fairen Handel - en neit Zil.

* TransFair-Minka ass déi Lëtzebuerger Initiativ fir e fairen Handel mat den Entwécklungslänner.