Blog 36: New Zealand (Deel 4): Gletscher a Fun-Sport

Iwwernuechtungsméiglechkeete ginn et méi ewéi genuch an Neiséiland ...
Nodeems mir Westport (an der Geigend vun der Deniston Mine) verloosen haate, si mir owes op OKARITO gefuer. Duerf Okarito besteet nëmmen aus e puer Haiser, mee duerfir direkt d'Mier virun der Dier an d'Geraisch vun de Wellen wann een owes am Bett leit. Firwaat mir hei stoe bliwwe sinn?
Ma well Okarito bekannt ass vir Kiwis (de Nationalvull vun Neuseeland) ze entdecken. De Problem war awer des Kéier: de Guide selwer haat irgenwéi keng Loscht, dunn haat sech daat leider erleedegt. Duerfir war eise obligatoreschen, deegleschen Trëppeltour awer net annuléiert.
Video01: De Gletscher Franz Josef
Video02: Beim 1.Deel vun eisem „speziellen“ Wanderwee hunn ech nach gefilmt
Video03: Hei ass d'Plage wou mir kuerz gepaust haaten
Video04: „Nevis swing“ an de Bungy, direkt nierwend Queenstown an engem Canyon geleen
Video05: Daat ass „Jetboat“ :)
Okarito leit 20 Minuten vun FRANZ JOSEF eweg. Franz Josef ass de Numm vum Gletscher an ass emrëngt vun ville Bierger, déi meescht mat Schnéikoppen bedeckt.
Wann ech schon beim Thema Schnéi sinn, kann ech erwähnen dass NZ och Skigebidder huet. Zwar kenne se mat eisen an Europa net konkurréieren, mee duerfir huet een se ziemlech no falls een un der Küst lierwt, da brauch een gudd 90 Minuten.
Organiséiert wéi Neuseelänner sinn huet een d'Méiglechkeet – mam Helikopter – iwwert Bierger ze fléien, op der Kopp ze landen oder einfach de Franz Josef, de Gletscher, aus enger aanerer Perpektiv ze kucken. Nodeems ech schon an Argentinien de Gletscher Perito Moreno gesinn huet, war de Franz Josef – vir mech – net esou spektakulär.

Obwuel d'Majoritéit vun de Gletscher weltwait zeréckginn, sou ass de Franz Josef onbestänneg; en huet mol méi mol manner Eis. Zum Zeitpunkt wou ech do war haat de Gletscher sech zeréckgezunn. Wann et owes nees frësch gouf dobaussen, si mir an déi 3 Thermalbieder gaangen, e Genoss!
Lues awer secher koume mir Queenstown méi no. Mee nach war et net esouwait. Mir 2 sollten nach eng „speziell“ Wanderung maachen. Eng ofgeleen Fëscherbucht ass JACKSON BAY. Hei gett et net vill ausser e puer Schappen vun Fëscher.
Den I-Site huet Jackson Bay an e puer Wanderweer agedeelt, vun liicht bis schwéier. Motivéiert wéi mir waren haate mir eis vir d'Erausfuederung entscheet. Eng kleng Remarque duerzou: bei desem Status ass de Wee oft schwéier ze erkennen. Orientéierungsschëlder ginn et esou gudd wéi keng. Den eischten Deel war wirklech spannend. No enger „Kraizung“ goung et e puer Mol duerch e Floss deem sai Waasser eiskaal war. Mir sinn de Floss nogaangen well desen an Mier fléisst an eist Ziel d'Plage war.
Plage haate mir arreescht, eng Paus gemaat an gekuckt wou de Wee dann elo weider giff goen. Op den éischten Bléck haat ech naischt erkannt, just eng Baach déi op der plage erauskomm. An do haat ech Schonofdréck gesinn. Ok, daat heescht also dass mir dohinner musse trëppelen.
Am Ufaank war de Wee net schwéier. Eis Logik war: mir ginn der Baach no a komme esou nees an der Jackson Bay un. Tjo, dee Plang war an d'Box gaangen. D'Baach huet sech e puer mol opgespleckt, Vegetatioun bei der Baach ass emmer méi diicht ginn, an den Tony an ech hunn eis geploot.

Ok, Plan B: mir probéieren op enger Kopp ze klammen an domadder eng besser Iwwersiicht ze kréien. Zwar stounge mir op der Kopp, genee konnte mir awer nach emmer net wëssen wouhinner mir sollten goen. Also hu mir eis vir daat Wahrscheinleschst entscheet. Ech haat oft op d'Auer gekuckt, well um 17 Auer gett et daischter an ech haat keng Tëscheluucht dabei an eist Drënkwaasser war knapp. Wirklech net einfach an no gudd 2 Stonnen erop an erof goufe mir midd an sinn e puer mol gefall an eis Kleeder goufe emmer méi naas. Net flott wann d'Sonn net duerch de Bësch kennt. Elo wees ech och wéi deemols déi éischt Europaer sech hu misse duerchschloen duerch all daat Gréngs.
Den Tony war et deen op eemol e Wanderwee entdeckt haat. Do war en also, de Wee no deem mir stonnelaang gesiicht haaten. Duerchgeschweest, midd, e bessi bleech am Gesiicht, awer erliichtert ware mir um 16 Auer nees beim Auto. Iwwreens de riichtege Wanderwee sinn mir knapp 10 Minuten gaangen.

Motivatioun war elo grouss direkt op QUEENSTOWN ze kommen; daat haate mir eis no de Strapazen verdengt.
Ech nennen Queenstown den „entertainement-center“ vun Neuseeland. Hei gouf zum Beispill de legendären Bungy erfonnt. An eng aaner Adrenalinattraktioun kennt och aus NZ : d'Jetboat.
Jetboat ass e Boot waat keng Schrauw huet. Aus desem Grond kann et op Plaazen fueren (op engem Floss) deen nëmmen 5-10cm Déift huet! Falls daat ze turbulent sollt sinn, kann een teschent 40 Wanderweer auswielen.
Den Tony haat sech vir de SWING entscheet, sou à la Tarzan mat fraiem Fall 120m an engem Schwong vun 300m! Als Souvenir huet hien sech DVD kaaft dei sai ganzen Swing aus e puer Kameraperspektiven weist.
Ech war net esou keng; mech huet virun allem Jetboat faszinéiert. Obwuel de Spass mech 90 Euro kascht haat an just 20 Minuten dauert, sou war et awer e Kick extrem no laanscht Fielsen ze düsen. Als Ofschloss vum Queenstown-Openthalt (wou een nawell Suen schnell lass gett) si mir mat der Gondel op den Aussichtspunkt gefuer a mat de Go-Karts nees erofgefuer; daat war och e Spaass.
