Blog 37: New Zealand (Deel 5): Christchurch a Whale Watching

De leschten Deel vu dem Tony a menger gemeinsamer Rees war CHRISTCHURCH.
Ech kann des Stadt leider net beschréiwen wéi se virdrun war, also virum Erdbiewen vum Februar 2011. Duerfir kann ech awer soen wéi déi momentan Situation ass. Baal de ganze Stadtkär ass nach gespaart. Een Deel vun de Gebaier ass schon ofgerappt ginn, mee deen aneren Deel – oft baufälleg – steet nach an ass ofgespaart. Daat ass och daat eenzegt (tragescherweis) waat een zu Christchurch kann kucken. Christchurch war vir den Tony Endstatioun vun senger Neuseeland-Rees. MERCI Tony dass de spontan dech entscheet haas mir e bessi Gesellschaft ze leeschten op menger Weltrees.
Video01: Spuren vum Erdbiewen zu Christchurch 1
Video02: Spuren vum Erdbiewen zu Christchurch 2
Video03: Kaikoura moies fréi
Video04: Here we go!
Video05: Pottwal 1
Video06: Pottwal 2
Video07: Do ennen ass d'Actioun, net héi Schmisi
Video08: Pottwal 3
Video09: Daat sinn alles Delfiner do am Waasser
Video10: D'Séiléiwen loosen sech net stéieren vun eis Menschen
Nodeems ech den Tony den Dag drop um Fluuchhafen ofgesaat haat, goung meng Rees weider op HANMER SPRINGS. Hanmer Springs si bekannt vir hir waarm Quellen. Et leit direkt beim „Jolie Pass“ “a wann d'Sonn schengt huet een vun de Quellen aus e kloeren Bléck op Bierger. Bei mir haat et gereent an war nieweleg; sou présentéiert sech den Hierscht an Neuseeland.
Dest huet mech natiirlech net dovunner ofgehaalen e bessi treppelen ze goen. Well sou maachen Thermen herno riichteg Spaass.
An der Skisaison muss et nach e bessi méi flott sinn, well en kann erhuelen nom Skifueren.
Vun den Hamner Springs hunn ech meng leescht Statioun ugestéiert: KAIKOURA. Dest Duerf leit um Mier an ass genee wéi Bays of Islands, dem Abel Tasman National Park bekannt vir seng Robben, déi een mam Kajak ka begéinen, virausgesaat et ass d'Saison. Et sinn jo schliesslech well Déieren, déi kommen net op Kommando; e bessi chance gehéiert schons derzou.
An enger vun de Buchten kann een se vun ganz bewonneren; jo scho baal upaaken (e Mini-Video weist wéi no se do louchen).

Ech wollt meng NZ Rees mat eppes „extraem“ ofschléissen a waat roueg e bessi Suen kéint kaschten : dem „Whalewatching“. Dobai geet et de Wal ze fannen an hiem nozekucken wéi en aus dem Waasser kennt, Loft hellt an nees dauche geet.
Et ginn 3 Méiglechkeeten.
1.Méiglechkeet: mam Schëff erauszefueren, ze hoffen een ze gesinn. An desem Fall ass een ganz no beim Déier, waat schon enorm muss sinn. De Wee bis an d'Walzone dauert scho mol 2 Stonnen an dann heescht et waarden.
Eng 2.Méiglechkeet ass mam Sportsfliiger gudd 200 Meter iwwert dem Mier e puer Tiirerecher ze dréinen an ze waarden an ze hoffen een ze gesinn. Virdeel vun deser Method ass dass een de Wal a senger ganzer Gréisst gesait, an och de Moment wou hien nees optaucht nodeems en Loft geholl huet.
Eng 3.Méiglechkeet ass der 2. zimlech ähnlech, mam Ennerscheed dass se nach méi déier ass well daat ganz mam Helikopter gemaach gett. Allerdengs fléien déi 2 net wann schlecht Wierder ass; da bleiwt nemmen d'Schëff.
Gottsaidank haat ech de bloen Himmel op menger Sait an ech haat mech ugemellt vir mam Sportsfliiger op Siich ze goen no desen aussergewénlechen Déieren. Dese Spaass vun 20,25 Minuten kascht pro Persoun gudd 120 Euro.
Vir dese Montant gouf ech net enttäuscht an all Su war et dawaert.
Vun eis 3 Touristen am Fliiger war ech den éischten (deen Dag) deen e Wal erbléckst haat. Den oflaaf ass emmer de selwechten: de Wal kennt un d'Oberfläch vir Loft auszeotmen (daat erkennt een um typeschen Ausblosen),e bleiwt dann gudd 10 Minuten uewen (oder esouguer méi laang) an daucht dann nees. Dee Moment gehéiert och zu spektakulärsten an der Déierewelt.
Bei engem Ausfluuch gesait een normalerweis 1 Wal. Mir haate den Dag da esouguer 3 Stéck gesinn (also een nom aaneren)einfach TOP. Soubaal de Pilot e wal erbléckt haat huet hien per Funk d'Infoen duerchginn un d'Schëffen déi ennen gekreest sinn an méi wait eweg waren.
D'Waler waren awer net déi eenzeg un desem sonnegen Dag; Delfiner haat sech och zesummenfonnt.
Et huet een se gudd erkannt well et der vill, riichteg vill waren. Ech konnt et schwéier aschätzen well mir esou wait eweg waren.
Op eemol sinn se all wéi well „fort“gesprongen. De Pilot haat gemengt et leit dorunner dass villait en Orca an der Géigend wier an deen geet op Juegd, op Delfiner. Op alle Fall ass et impressionant déi ganz Horde vun Delfiner ze gesinn. Esou eng vue hätt ech vum Schëff aus nimols kéinten hunn.
Nodeems ech gudd gelandt war, hunn ech mech an den Autp gesaat a sinn erof op Christchurch gefuer, wou ech den Dag drop fréi moies op de Fluuchhafen gefuer sinn vir op Sydney ze reesen.
