LONDON: Flott Andréck aus der britescher Haaptstad

Den Daniel Nepgen war um Freideg, 13. Juli, de ganzen Dag zu London ënnerwee ... Hei seng Andréck.
D'Luxair hat hien op London geschéckt an owes dann och nees heem bruecht. Wat flott ass: D'Luxair flitt dës Destinatioun an der Woch 4 mol den Dag un. Den Daniel huet direkt den éischte Vol geholl, fir esou vill wéi méiglech z'erliewen ...
Fir unzefänken, huet e sech an de Stadkär kutschéiere gelooss. Daniel, eigentlech dohi wou d'Touristen och ëmmer als éischt higinn ...
Den Daniel Nepgen ass, wéi gesot, an der britescher Metropol a sicht fir eis e puer interessant Plazen a Leit eraus, déi mer zesumme kenneléieren. Well London ass ëmmer eng Rees Wäert a just e Kazesprong ewech. Daniel, d’Rees ass eigentlech och séier reservéiert ...
Fir d’Olympesch Spiller gi jo ëm déi 2 Millioune Leit méi zu London erwaart, an den “Orbit” ass sécher eng beléift Attraktioun. No de Spiller soll en da fir e puer Méint zougoen, an duerno gëtt dann eng regulär Attraktioun draus, déi ëmmer zougänglech ass.
De Gilles Capra iwwert London
Den Daniel Nepgen war och en typesche Londoner Kaffi schmaachen, war an e fréiere Sportsbuttek Äerdbiere plécken, an huet sech eng iwwerdimensional architektonesch Skulptur erkläre gelooss.
Elo sëtzt e bei engem Mann, dee Lëtzebuerg viru ville Jore verlooss huet, an aus London seng Heemecht gemaach huet. De Gilles Capra zeechent eis elo säin eegent Bild vun der grousser Stad, als Exil-Lëtzebuerger.
Um Maart ...
Well ee mat der Luxair um London City Airport lant, ass ee jo och séier an der Stad, zum Beispill mam ëffentlechen Transport.

Den Daniel Nepgen ass elo bei der Metro-Statioun “London Bridge” hale bliwwen an huet d’Anne Faber begéint. Dat huet sech jo zu London en Numm als Restaurant-Kritikerin gemaach, an huet och e beléifte Blog um Internet.
Eng leschte Kéier schalte mer bei den Daniel, deen de ganzen Dag fir eis zu London ronderëmgerannt ass. Dobäi muss ee soen, en hat sech gutt preparéiert, well et gëtt jo den eBooking vun der Luxair, wou ee seng Boarding-Kaart quasi direkt als Bar-Code op den Handy ka geschéckt kréien ...
Dat war en also, den Dag zu a vu London! Bei deem et och nach eng Rees ze gewanne gouf.