Paräis: Disneyland feiert seng magesch 20 Joer

© AFP
Dëst Joer feiert den Disneyland zu Paräis seng 20 Joer. Fir d'Occasioun huet de Park exklusiv seng Coulissen opgemeet fir e grousse Reportage vu France 3.
Disneyland verzaubert elo schonn 20 Joer laang kleng a grouss. Ma hannert de Kulisse bedeit dat eng Onmass un Aarbecht.
France 3 huet exklusiv konnten e Bléck hannert déi ganz Magie vun Disney geheien a weist eis an engem grousse Reportage déi Säit vum Park déi wuel nach ni ee gesinn huet.

Ugefaange beim Personal: 14.500 Salariéen trieden all Mueren un. Iwwer 100 Nationalitéite sinn am Park vertrueden a méi wéi 20 Sprooche gi geschwat. Ma impressionant ass virun allem déi Zuel u verschidde Beruffer déi do ausgeübt ginn: Vu Piraten iwwer Prinzessinne bis hin zu Techniker, Schneider oder och nach Moler.

Am Beräich vun de Kostümer schaffen déi meeschte Leit. 25.000 eenzel Stécker hänken an de Schief vum Disneyland an all Joers kommen der eng 5.000 dobäi. Stonnelaang setzen d'Schneider un deenen eenzele Stécker fir aus einfachem Stoff e regelrecht Konschtwierk ze maachen. Mat enge Piratenhutt ass ee ronn 40 Stonnen amgaang. Fir e Rack vun enger Prinzessin iwwer 200. De Stoff gëtt souguer an engem speziell klimatiséierte Raum stockéiert.

Déi meescht dovu gi gebraucht wéi déi alldeeglech Parade. 60 Artisten trieden 2 Stonne virun der Show un vir sech ze schminken, unzedoen an nach emol d'Choreographen ze üben. Déi 40 elektresch Ween setzen sech an d'Plaz, d'Musek geet un a scho geet et lass fir eng hallef Stonn Show. E Regisseur deen iwwer Kameraen alles am Bléck huet, koordinéiert da Musek, Luuchten an Distanze vun de Ween. Alles ass genau am Detail duerchduecht.
Eng Nuetsparade gëtt iwwregens och am Park. Fir dëse gi 7 Ween an de Asaz un deene jeeweils 700.000 LED ubruecht sinn. E magesche Spektakel.

Ass de Park da bis zou ass den Dag awer nach laang net eriwwer. Da gëtt nämlech dovu profitéiert fir nei Showen ze üben an alles ze beliwweren (42 Millioune Platen ginn am Joer am Park consomméiert). Alles Saache vun deenen d'Visiteuren absolut näischt matkréien.
Eppes duerft d'Equipe vu France 3 awer net filmen: d'Preparatioun vun den Haaptpersonnagen. D'Magie soll nämlech fir déi ronn 14.700.000 Visiteuren d'Joer komplett erhale bleiwen. Mir wäerten also wuel ni gewuer gi wien sech hannert der Mask vum Mickey verstoppt.

Den Disneyland wäert awer nach vill Joere laang d'Leit aus aller Welt verzauberen. An iwwregens: wosst dir dat dëse réischt zanter 2008 ufänkt e wéineg Profit ze maachen?
Eng onwahrscheinlech Aarbecht also déi dohannert Stécht, fir jidderengem säin Openthalt esou magesch wéi méiglech ze gestalten
