Eng Weltrees ouni Australien? No way! An dofir ass de Schmisi elo "Down Under". An leet direkt voll lass. Hei säi éischte Aussie-Blog. EnjoY!

Meng Australienrees huet an der Weltmetropole SYDNEY ugefaangen. Obwuel vill méi Leit zu Sydney liewen (ronn 5 Milliounen), wéi an der Haapstadt Canberra sou ass et net d'Haaptstadt. Munch Persounen verwieselen oder vergiessen daat. Am beschten leist sech d'Stadt a sengen Attraktiounen mat enger Trëppeltour besiichen. Bei deser Tour vun 5 Stonnen gesait een den Hyde Park (jo esou een gett et net nëmmen zu London), d'Plaaz wou Sydney gegrënnt gouf, de Botanesche Gaart, e puer Haiser vun den eischten waissen Awunner vun Sdyney an natiirlech Circular Quay mat vue op d'Harbour Bridge an der Opera (House).

Schmisi on World Tour (38): Australien, endlech!
Sydney, Blue Mountains, Uluru ... dem Thierry Schmitz seng éischt Andréck vun Down Under. An nawell net ze knapp: 20 kleng Videoen!

Video01: Sydney 1
Video02: Sydney 2
Video03: Sydney 3
Video04: „Natiirlech“ Swimming-Pool um „Bondi Beach“
Video05: D'Surfer um „Bondi Beach“
Video06: „Blue Mountains NP“ 1
Video07: „Blue Mountains NP“ 2
Video08: „Blue Mountains NP“ 3
Video09: „Blue Mountains NP“ 4
Video10: „Abseiling“ an de Blue Mountains
Video11: Vun eisem „Abseiling“ nees zeréck a Riichtung Auto, si mir laanscht des Landschaft komm
Video12: „Kings Canyon“ 1
Video13: „Kings Canyon“ 2
Video14: Den „Uluru“ moies fréi gefilmt
Video15: Et ginn och well Kaméiler am Outback
Video16: „Kata Tjuta“
Video17: Aussichtsplattform vu wou een „Kata Tjuta“ an den „Uluru“ ka gesinn
Video18: De „Uluru“ huet vir d'Aborigines nach emmer grouss Bedaitung, wéi een hei kann erkennen
Video19: Sonnenennergaang wou een den „Uluru“ an de „Kata Tjuta“ ka gesinn
Video20: Den „Uluru“ vu no gefimt

D'Harbour Bridge an d'Opera House sinn bestemmt déi 2 Motiver dài am meeschten fotograféiert ginn an déi déi am meeschten bei de Leit (op der Welt) bekannt sinn.

De botanesche Gaart ass och interessant. E leit net wait eweg vun der Oper a roueg (erënnert e bessi un eise Park an der Stadt) an huet nierwend verschiddenen typeschen australeschen Beemaarten och eng speziell Vullenaart : de „Flughund“.

Et gesait aus ewei eng Flantermaus an huet och eng grouss Spannwait. Sie lierwen a Gruppen an de Beem, sinn och am Dag aktiv an ernieren sech vun Uebst. Daat ass gudd well wann se iwwert een ewegfléien, kritt een schon Respekt.

Et ginn 2 Aussichtspunkten iwwert Sydney: awer nëmmen en Turm huet eng 360° Bar daat heescht et kritt een eng Vue iwwert d'Stadt an et brauch een mol net hott an haar ze laafen. Et muss een just eppes konsuméieren wann een well d'Aussicht genéissen.

Wann een genuuch vun der Stadt an der Aarbechtshektik huet, gett et Zait sech bei enger vun hiren lokalen Plagen verdrécken. Zu de bekanntesten zielt de BONDI BEACH. Vum Zentrum kann een e Bus oder den Zuuch (an dann de Bus huelen) vir dohinner. De Bus brauch gudd 40 Minuten. No e bessi relaxéieren kann een laanscht d'Mier trëppelen bei déi aaner Plagen. Direkt bei dese Plagen ginn et „swimming pools“ déi reegelméisseg duerch Mierwaasser gespeist ginn (Wellen kommen permanent iwwert de Basseng eran).  Huiii, elo haat ech baal vergiess ze erwähnen, vu que dass mir vun plage schwätzen, waat Lieblingsbeschäftegung vun villen Aussies ass : SURFEN.

Ech sinn bis elo nie riichteg derzoukomm surfen ze goen an daat aus Zaitgrënn. Et muss en schon mat 2 Woochen Praxis rechnen wann een daat e bessi beherrsche well.

Bondi Beach ass déi bekanntesten vun Sydney, et ginn awer nach 171 aaner Plagen!

RTL

Lënks vun der Oper ass dann d'Harbour Bridge. Dest Woorzeechen kann een och eropklammen. Allerdengs vir e gepefferte Prais : deemno wéi Dageszait ass, ass et méi bëllg oder méi déier. De Prais pro Persoun schwankt tëschent 200 an 250 australesch Dollaren. Ech hunn et nët gemaat aus folgendem Grond: et daerf een keen Fotoapparat mathuelen. Grad duerwéinst wollt ech et dach maan, weinst der Vue.

Da gett et nach Plage Manly déi ee besiiche kann an déi wuel esou bekannt ass wéi Bondi Beach. Ech wollt se och besiichen (per Fähr) awer d'Wierder war schlecht an esou war et keen Plagewierder.

D'Stadt Sydney selwer huet zwar keng Metro, mee duerfir e gudd ausgebauten Zuuchnetz souwéi Busnetz.

Méi ewéi e puer Deeg brauch een net zu Sydney ze bléiwen, et ass am allgemengem déier.

RTL

Daat gudd Zuuchnetz geet nach e Stéck ausserhalb der Stadt an erstréckt sech och bis op eng Gare KATOOMBA genannt.

Katoomba ass eng kleng Stadt waat als Dier zum National Park Blue Mountains gellt.

De Blue Mountains NP ass gigantesch well en eng Gesamtfläch vun 2470km2 huet. Et kann ee per Zuuch heihinner kommen (2 Stonnen vun Sydney) vir en Dagesausfluuch oder et bléiwt een einfach e puer Deeg. Des 2. Saach huet mir besser gefall.

Sou konnt ech mir den 1.Dag „Three Sisters“ ukucken (eng Fielsformatioun), „Giant Stairway“ eroftrëppelen (et sinn vill Trëppléck) an ech willt net wessen wéi daat ass wann een se nees misst eropkraxelen. Alleng schon an der Géigend ronderem Katoomba ginn et eng sëllech Wanderweer, de längsten dovunner „Six Foot Track“ deen 6 Deeg Zait anhellt.

Blue Mountains hu mir esou gudd gefall dass ech mech decidéiert haat 3 Deeg do ze bléiwen. Nierwend engem vu e puer Trëppelweer deen erof an de Canyon geet, kennt een laanscht eng verloosen Mine (munch Saachen leien nach emmer genee esou do, wéi se virun 100 Joer verloos gi sinn). Vun der Mine ass et net méi waat bis bei 2 Kabelbunnen (eng dovunner geet 45° erop) an déi aaner ass eischter eng Gondel, mat där een eng Iwwersiicht vum National Park kritt. Des Saachen sinn „naturellement“ net gratis an ech haat eischter Loscht zu Fouss eropzegoen vir nach gudd Fotomotiver ze kréien an laanscht e Waasserfall ze kommen.

RTL

Wéi ech Enn Mee 2012 do war, war Dagestemperatur scho frësch a wann een dann wanderen geet (zumols ennen am Canyon) ass baal nëmmen Schied. Wann et a Riichtung Sonnenennergaang geet, gett et souguer schnell kaal (enner 10 Grad).

Katoomba ass awer just 1 Stadt virum Blue Mountains NP. Et gett och nach Blackheath wou een och kann trekken goen bis dass Batterie eidel ass!

An als eenzegt Plaaz an Australien kann een am Park Klammen goen oder Abseiling praktizéieren.

Ennert „Abseiling“ versteet en : sech ofseelen an en drechenen Canyon. Ech haat mech gefreet och daat ze maan an ech gouf net enttäuscht. Dese Canyon leit op engem verstopptener Plaaz, 2 Stonnen vun Katoomba. Beim Abseiling ass et agreabel well een net vill Waasser ofkritt. Dest Waasser ass permanent am Schied, duerifir eiskaal. Nodeems en dag voller Sport baal eriwwer war, huet mir eng waarm Duusch enorm gudd gedoen, an ech war zefridden.

Australien ass jo riiiiieseg an daat soll een als Lëtzebuerger net ennerschätzen! Wann een per Bus well an „Rout Zentrum“ reesen, beispielsweis Alice Springs, dann brauch een baal 2 Deeg! Den Zuuch hätt méi Style, allerdengs brauch och deen déi selwecht Zait wéi de Bus. Mëttlerweil sinn d'Inlandsvolen bezuelbar, manner stressig an et gesait een wéi d'Landschaft changéiert; vu bronger Erd op roudem Buedem. Mai Plang – vir meng Australienrees – war : den rouden Zentrum e bessi ze entdecken vir dann de gréissten Deel  vu mengem Openthalt op der Ostküst ze verbrengen.

RTL

De rouden Zentrum huet déi Touristenattraktioun schlechthin: den ULURU (oder och Ayers Rock). Mëttlerweil ass baal alles an Touren organiséiert, sou ass et einfaach déi flottsten Saachen ze gesinn.

Wéi ech zu Alice Springs ukoum, hunn ech mech spontan vir eng Tour vun 3 Deeg ugemellt. Den Dag drop moies Punkt 6 ass et lassgaang.

Ziel vum 1.Dag:

E flotte Canyon mat viulle Fotomotiver wéi een se aus dem Katalog oder Buuch kënnt. An eisem Grupp vun 15 Leit war Brasilein, Taiwan, Australien, Daitschland, England an Lëtzebuerg.

Den Englänner Ray haat eng „Spezialitéit“ : Bei all Highlight huet sech ausgedoen eng Pose ageholl an sech plaakeg knipsen geloos! Wéi gesoot, speziell.

Den éischten Dag war den „stressesten“ well mer 6 Stonnen gefuer waren bis op eis 1.Destinatioun, vir da mëttes gudd am „Kings Canyon“ ze wanderen. Vir sech e bessi ofzekillen konnt een an engem klengen Floss schwammen. Ech war den eenzegen an d'Waasser war alles aanescht wéi waarm.

Owes gouf e Lagerféier gemaat, matzen am Outback, wait ewech vun der Zivilisatioun a wou den Himmel voller Stären ass (déi komplett Mëlechstrooss war gudd ze gesinn). Wann Temperatur am Dag agreabel 28° C war, sou war et nuets de Contraire. Déi éischt Nuecht war Temperatur op 1° C gefall, de Wahnsinn! Geschloof gouf selbstverständlech dobaussen, ronderëm dem Lagerféier, an engem „Swag“ ( e Swag ass esou eppes wéi en Schlofsaak) An desem „Schloofsaak“ gett dann de riichtegen Schloofsaak drageluecht. Ier mir schloofen goungen hu mir e puer komesch Geraischer héieren, e bessi sou wéi Hënn déi „jaulen“. An desem Fall waren et Dingos. Dingos kennen an der Reegel dem Mënsch net geféierlech ginn, soubaal mer grouss optrieden huet Déier meeschtens Angscht a leeft fort.

Den 2.Dag goung et nees weider vir 2 Stonnen mam Bus a mir waren „Kata Tjuta“ deen ass leider net esou bekant wéi den Uluru obwuel e méi grouss ass. Dese Bierg huet déi selwechten Faarwen wéi den Uluru. Um Enn vun desem Dag hu mir eis e puer Béiercher genehmegt an den Sonnenennergaang genoss. Deen ass wirklech eenzegaarteg!

RTL

Déi 1.Nuecht konnt ech net gudd schloofen a mengem Swag well et méi kaal war wéi ech daat gemengt haat. Déi 2.Nuecht – no engem Aussie BBQ mat Kaméilfleesch, mmmm – haat ech mech e bessi clever ugeluecht an eng deck Jacquette ugedoen, déi mech virun der kaaler Loft geschützt haat.

Ennerwee hu mir – wéi am Katalog – Kängurus, Kaméiler, Emus gesinn, einfaach herrlech esou Déieren an Fraiheet ze gesinn (an net an engem Zoo).

Den 3.an leschten Dag huet sech alles em den ULURU gedréint. Den Uluru  oder och nach „Ayers Rock“ genannt ass hëlleg fir d'ABORIGINES (d'Urawunner vun Australien). Ech muss kuerz e krasst Beispill ginn waat des Menschen misste matmaan.

Virun 1978 haate d'Aborigines de Status vun engem Bam!

Jo, riichteg gelies, engem Bam! No 1978 huet sech d'Situation verbessert, mee vill Aborigines ginn et net méi an Australien. Zu Alice Springs haat ech e puer an de Stroossen remgeeschteren gesinn; hei probéieren hir Biller un Touristen ze verkaafen.

Den „Uluru“ ass hinnen hëlleg; am Sënn vun et ass hinnen verbueden eropzeklammen. Sie apprezieréieren och wann een als Tourist verziicht eropzeklammen aus Respekt virun hierer Kultur. Aus dem Grond ass et och op munchen Plaazen (ronderëm de Bierg) verbueden ze fotograféieren oder ze filmen.

Vun eisem Grupp huet just de Ray sech „getraut“ eropzegoen. Zudeem muss ech nach soen dass et nawell geféierlech ass wéinst der strammer Loft déi kann optrieden. Eng jet Touristen sinn schons em d'Lierwen komm a konnten nëmmen schwéier do erausgezunn ginn (wou se opfonnt goufen).

Als Alternativ zum Eropklammen kann een ronderëm den „Uluru“ goen. Des hellt och 2 Stonnen Zait an.

Owes nees zeréck am Hostel sinn ech nach 1 Nuecht bliwwen vir den Dag drop op CAIRNS ze fléien.

RTL