Blog 39: Australien (2) - Den Nordosten

Vir e bessi Zait ze spueren haat ech vun Alice Springs op Cairns de Fliiger geholl. Gutt bei desem Vol ass de kuerze Teschestopp beim Uluru.
Doduerch kritt een aus dem Fliiger eng aaner Vue vum hellege Bierg. E gett – aus Respekt virun de Aborigines – net iwwerflunn. No 2 Stonne sinn mir owes zu CAIRNS gelandt. Cairns kann een gudd als Start- oder Zielpunkt vun enger Rees zum Down Under benotzen.
Vir vill Touristen ass Cairns eng Méiglechkeet GREAT BARRIER REEF ze besiichen. Great Barrier Reef ass daat gréissten Korallereff op eiser Erd mat enger Längt vun 2300km (daat ass ongeféier d'Streck Lëtzebuerg – Algarve, Portugal) ! Zu de Klassiker vun Cairns an Emgéigend gellt TAUCHEN. Héi gett et awer als SCUBA Dive interprétéiert waat well heeschen : Och ouni Tauchschain kann bis zu 6m Déift getaucht ginn. Soss sinn nach divers Bootstripen méiglech.
Eng kleng Info allegemeng: Australien, a besonneg d'Ostküste, huet sou vill Méiglechkeeten unzebidden dass ech nëmmen e klenge Deel kann opzielen. Ech misst schon e ganzen Blog als Opzielung benotzen, vir ierch eng konkret Idee ze ginn, waat ech awer net maan wärt.
Eng Stonn vun Cairns leit e flotten Nationalpark, DAINTREE NP, engem vun de schéinsten Parken an Australien (ech hunn vill Leit getraff déi mir dovunner erzielt hunn). Mai provisoresche Plang huet virgesinn dass ech en Auto zu Cairns lounen a mat deem bis erof op BRISBANE „cruisen“, waat +/- 1700km sinn.
Den Auto lounen war och dei eenzeg Saach, déi ech zu Lëtzebuerg, respektiv zu Tréier bei enger Agence gebucht haat.
Cairns selwer haat mech selwer net enorm gereizt; ech wollt mech einfaach an den Auto setzen an GO.
Meng Kuar oder main Van war en sougenanntenen „Spaceship“. Ass en emgebautenen Van mat engem Bett dran, enger klenger Kiichen souwéi e puer Kachutensilien. Vun der Agence kruet ech en plus en inoffiziellen Guide deen all Sehenswürdigkeeten (teschent Cairns a Brisbane) opgezielt. Well ze campéiren ass an Australien net méi iwwerall méiglech. Vir awer e bessi ze wessen wou een kann campéieren – oft vir wéineg Suen – huet den Autoslocateur mir nach e Buuch matginn vir GANZ Australien. Elo war ech gudd équipéiert an et konnt endlech lassgoen.
Den éischten Touristenstopp war „The Boulders“ (beim Duerf Babinda), déck ofgeronnten Stëng (vum Waasser) a mat superkloerem Waasser.
Meng éischt Iwwernuechtung war zu MISSION BEACH, mam Auto 5m vun der Plage eweg geparkt.
Eierlech gesoot hätt ech ëmmer an der Géigend vun der Plage iwwernuecht (wéinst dem Geraisch vun de Wellen) mee daat war net méiglech.
Um Wee eraus aus Mission Beach, si mir déi vill Panneauen mat engem speziellen Déier opgefall. D'Aussies nennen dest Déier : Cassowarry. Op daitsch schwätzt een vun „Helmkasuar“ (ech mengen net dass et eng lëtzebuergescht Iwwersetzung gett). Dest Déier kennt an Australien, an der Haaptsaach an deser Geigend vun Queensland vir. Déier erënnert e bessi un en Emu; huet awer e ganz aaneren Kapp. D'Panneauen op der Strooss sollen d'Autosfuerer drun arenneren lues ze maan. Deen Moien wou ech Mission Beach verloos haat, sinn ech engem begeint. De Kasuar ass an aller Rou vun engem Feld an daat annert getrëppelt.
Daat schwieregst op menger Rees mam Auto war Videoen + Fotoen vir mai Blog eropzelueden. Et brauch een jo Internet. Aussies hunn et mam Internet baal sou schlëmm wéi Kiwis. Internet ass scho schwiereg ze fannen, gratis Internet quasi eng Saach vun der Onméiglechkeet.
No enger gratis Iwwernuechtung (bei enger Tankstell) an enger waarmer Duusch sinn ech nach 90 Minuten gefuer bis op AIRLIE BEACH.
Airlie Beach ass de Startpunkt vun Exkursiounen op WHITSUNDAYS. Whitsundays sinn eng Inselgrupp, déi (an ech haat mech do geirrt) NET zum Great Barrier Reef gehéiert! Wann een op der Landkaart kuckt, giff een zwar eppes aneschters mengen, awer des Inselgrupp haat sech virun laanger Zait vum Festland ofgespleckt an ass net duerch Korallen entstannen.
Eng Basis Tour dauert 3 Deeg op engem Katamaran. Déi meescht Touren offréieren Tauchen, Schnorcheln (an daat all Kéiers op enger aanerer Plaaz). Geschloof gett a Minikabinen. Vir mech war et déi éischt Kéier owes op engem Boot an enger Buucht ze schloofen. An iwwreens ech war den eenzegen vun den 18 Leit u Bord deen den Tauchschain haat.
Tauchen gett op desen Ausfliig en masse ugebueden an zwar wéi folgend: d'Leit kréien eng komplett Taucherausrüstung mat enger klenger Sauerstofffläsch; e kuerzen Briefing vun 30 Minuten an dann geet en a Gruppen zu 3 oder 4 (+Tauchinstrukter) op gudd 6m tauchen.
Desen éischten Tauchgaang gett och als Deel vun der Tauchausbildung (an der Reegel brauch een duerfir 3-4 Deeg) ugesinn an zielt scho mat.
Dag 1 vun eiser Whitsundays Tour: Tauchen oder Schnorchelen bei eiser eischter Insel. Als Alternativ: Op der Plage faulenzen.
Zur Info, Whitsundays bestinn aus ingesamt 74 Inselen. Et ass also grouss genuuch vir all Mensch.
Eis Deeg um Boot waren bestemmt ginn duerch de Sonnenopgaang an den Sonnenennergaag.
Mech huet daat un den Dschungel arënnert, am Ecuador, wou ech bei der Famill gehaust haat.
Soubaal et daischter war, gouf et och schons zu Owend iessen an moies war et baal d'selwecht.
Um 21 Auer louchen déi meescht och schons flaach. Moies gouf et um 7 Auer Kaffi.
Dag 2: Moies a mëttes e bessi de selwechten Oflaaf. Wierder haat sech leider e bessi verschlechtert. Allerdengs huet daat déi meescht vun eis net ofgehaalen sech vir an Netzer vum Katamaran ze leen an sech gudd nass ze maan an duerchschaukelen ze loosen. Et setzt oder et leit een vir am Netz a probéiert de Wellen standzehaalen. Am beschten deet een en Neopren un, well no 30 Minuten fänkt et op eemol un kaal ze ginn.
Am Nomëtteg vun dem selwechten Dag koum den Highlight vun eiser Bootstour. Mir hunn d'Plage WHITEHAVEN besiicht, Fotoen geknipst wéi Postkaarten :). Daat haat awer nëmmen geklappt well d'Sonn mëttes um Rendez-vous war.
Dag 3: Leschten Méiglechkeet nach moies entweder ze tauchen oder ze schnorchelen. Ech haat just geschnorchelt, waat och duergaang war, d'Siicht ënner Waasser war net esou gudd, well et gereent haat.
No desem Stopp goung et – just mat Wandkraft – zeréck op Airlie Beach. Och daat war vir mech eng Première.
Et war ab desem Dag dass d'Wierder permanent onbestänneg war an öfters länger Reenschaueren mat sech bruecht haat.