Ech haat Airlie Beach hannert mir geloos a sinn op Siich gaang no engem rouegen Camping. Dovunner gett an Australien genuuch ...

... a wann een Natur gären huet, dann ass en „bush camp“ genee daat riichtegt.

Wéi ech ukomm war, war et schons stackdaischter an et ass gudd dass ech en Navi dabei haat, soss hätt ech den „Platypus bush camp“ nie fonnt. Lo freet sech deen een oder aneren vun ierch: „Platypus“, hä, a waat ass daat?

Daat ass den engleschen Term vir „Schnabeltier“, daat ziemlech speziell ausgesait an och speziell ass.

Net nëmmen wollt ech hei iwwernuechten, mee och e Bléck op dest Déier gehéien. Angeblech wieren Chancen eent ze gesinn hei – bei deser Schloffplaaz – gudd.

Et ass just esou dass een Déier net op Kommando ze gesi kritt, et muss een schons e bessi Gedold hunn. Bei deser Campingplaaz haat ech net vill Gléck, mee „was noch nicht ist, kann noch immer werden“.

Den nexten Dag, nodeems ech mech gestärkt haat, sinn ech ech mol vir d'éischt e bessi waneren gaangen. Direkt nierwend dem „bush camp“ ass den Eungella NP.

Nomëttes haat ech geplangt desen NP kucken ze goen. Engersaits wéinst de flotten Aussichtspunkten, anerersaits ass an engem Floss, deen zum NP gehéiert, Méiglechkeet „d'Schnabeltier“ ze gesinn. Mat den Aussichtspunkten war guer naischt ginn, well et gereent haat an nieweleg. „Eungella Township“ leit op 1280m. Also sinn ech poulriicht bei de Floss gefuer, wou et eng Bréck gett. Anscheinend kritt een hei de „Platypus“ ze gesinn. Bei der Bréck haat ech zwar keen gesinn, duerfir awer 100m méi wait. D'Aussies hunn ech e Schëld opgestallt, waat  d'Auerzaiten annoncéieren, wou een am meeschten chance huet een kenne „live“ ze gesinn.

Daat war net esou einfaach: zum engem ginn et och Schildkröten hei an déi glaichen dem aneren Déier wann se optauchen. Zum aneren huet d'Waasser eng brong Faarw, waat et schwiereg mecht  dem „Platypus...“ ze suivéieren. Et kennt nämlech kuerz un d'Oberfläch, hellt e bessi Loft, taucht an kennt op enger aanerer Plaaz nees erop. Ganz wiichteg: verhaalt ierch roueg, well Déier ass schéi...

E groussen Deel vun der australescher Ostküst hellt de Bundesstaat QUEENSLAND an. Queensland huet eng wiichteg Industrie, dei een permanent ennerwee gesait: „Zuckerrohr“Plantagen riets a lënks laanscht d'Strooss. Direkt danierwt e Schinnesystem mat deem den „Zuckerrohr“ bis bei dei next Fabrik transportéiert gett.

Munchmol haat ech d'Impressioun, waat ech méi Riichtung Süden gefuer sinn, war ech öfters Reen krout. Fueren ass dann net esou flott a wann dann australesch Camionen hannert engem hänken vir ze iwwerhuelen, leist een se besser laanscht. Owes war ech schons ziemlech fréi daischter. Ab dann ass et besser net méi laang ze fueren, well et geint mol passéieren dass een e Känguru awescht. Ech haat schons verzielt (am leschte Blog) dass et geféierlech ass en Känguru ze erweschen. Net nemmen ass dann den Auto huddel a fatz, mee et kann een als Mensch schwéier verwonnt ginn. Ech kann mech nach erenneren, dass ech – knapps war et bessi daitscher – och baal eent ze paaken kritt haat!

Australien huet och e puer Höhlen. Eng vun desen Höhlen leit no beim „Highway 1“ (daat ass Schnellstrooss déi Cairns mat Brisbane verbennt) an nennen sech „Capricorn caves“. Nierwend Stalakmiten, Stalaktiten a Fliederméis gett des Höhl och vir Aussies-Hochzait benotzt :) Et ass zwar  e bessi daischter dobannen, mee originell ass d'Idee op alle Fall.

Vir bei der Entrée begréissen een Känguruen dei sech hei ausrouen oder wéi op menger Foto, sonnen.

Emu Park“ klengt wéi e Vergnügungspark, ass awer a Wirklechkeet en Duerf.An den australesch Dierfer ass am grousse ganzen nie vill lass, mee um Camping wou ech war, haat nees e puer cool Noperen: „Flughunde“!

Emu Park ass awer an der australesch entdeckungsgeschiicht ziemlech wiichteg. De berühmten Kapitän „James Cook“ huet Emu Park, oder méi genee „Keppel Bay“ entdeckt. Aus desem Gronn hunn d'Awunner vun der Uertschaft e Monument opriicht; et ass eng Zort „Uergel“ an produzéiert Geraischer wann vill Loft ass.

Australien ass berühmt weinst senger Déierewelt. A waat wier schons e Besuch bei den Aussies OUNI e Krokodil „live“ gesinn ze hunn. Mat vill Pech begeint een esou enger Panzereidechse an engem Floss, waat domm ausgoen kann.

Ech wollt main Liewen net op d'Spill setzen an trotzdeem dest Déier mol gesinn (ausserhalb vun engem Zoo). Hei am „Down Under“ kommen vill Krokodiler, dei dem Mensch ze no koumen, op eng Farm. Eng vun dese Farmen ass KOORANA Farm, zu Coowonga. De Proprietär, Mr Lever, zielt mëttlerweil 3000 Krokodiler. Déi meescht awer sinn selwer gezillt, mee en sinn schons vill Krokodiler hei ofgeliewert ginn. Daat decksten Exemplär op deser Farm ass e Krokodil vun 800kg!

Ech war nach net ganz zefridden domadder dass ech daat riichtegt Great Barrier Reef nach net gesinn haat. An genee duerwéinst haat ech mech spontan entscheet en Dagesausfluuch zu enger vun 2 Koralleninselen ze maan (dest ass de südlechten Deel vum Great Barrier Reef), op LADY MUSGRAVE Insel.

E Schnellboot bréngt een vun der „Town of 1770“ an 2 Stonnen op dei Mini-Insel. Am Dagesausfluuch war nierwend Iessen a Gedrënks inklusive Schnorchelausrüstung, en Tuur iwwert d'Insel an Geleegenheet mat engem „Glas Bottom Boat“ matzefueren (dest Boot huet Fensteren enner Waasser mat deenen eenen Korallen a hir Mieresbewunner bestaunen kann).

Nom Kaffi hunn ech mech an de Neopren geschmass an hunn Korallen gekuckt. Genial bei deser Insel ass: Munch Korallenzorten haaten an hirer Mëtt eng Schildkröt setzen, dei sech hei ausgerout haat. Ech haat bestëmmt 3 Schildkröten gesinn, déi desen „service“ benotzt haaten.

Mam Trëppeltuur iwwert d'Insel hunn ech effektiv gesinn dass se nëmmen aus Koralle besteet. Naturfrënn (an Camper) kennen mat enger spezieller Genehmegung hei e puer Deeg bleiwen. An deem Fall soll een awer wessen, dass een alles muss matbrengen an dass an enger Notsituation Hëllef méi laang brauch vir op Plaaz ze kommen.

Ech wier am léiwsten hei direkt virun der Insel an d'Waasser gaangen, mee daat war aus folgendem Grond onméiglech: am Niddregwaasser leien gëfteg „Coneshells“ (wann een mat hinnen a Beréierung kennt, daat heescht mat de plaakege Féiss, da sprëtzen se Gëft an eisen Kierper, waat am schlëmmsten Fall zum Doud féieren kann).

Wéi ech es genuuch vum schnorcheln haat, sinn ech an „Glass Bottom Boat“ geklommen an konnt esou Fotoen vun der herrlecher Korallewelt maan :)