Viru 67 Joer: Iwerfall vun der japanescher Armei op dei an der Bucht vu Pearl Harbor stationneiert amerikanisch Pazifikflott.

Dess Attaque war ouni Zweifel een entscheedenden Wendepunktt am 2. Weltkrich,well durch dessen Iwerfall, USA gezwongen waren an den Weltkriich anzegreifen, nodem sie bis dohin sech doraner neutral gehaalen hun. Waat stecht hannert dessem 7. Dezember 1941? Firwaat Pearl Harbor? Firwaat Waren et Japaner dei USA ungegraff hun? Wei gedenken Amerikaner am Joer 2008 un dessen traueregen Daag an hiirere Geschicht?

Amerikanesch - Japanesch Relatiounen:

Den Iwerfall op Pearl Harbor huet den absoluten Deifstand zweschen den Relatiounen vun deinen 2 Länner maerkeiert.,Grond vun deinen Relatiounen war enner anerem  d`Froo iwer den Status vun China an d`Secherheetslaag an Südostasien.Japan huet seit 1937 Kriich mat China .D`USA waren am Ufank neutral an dessem Konflikt,sin awer mei op d`Seit vun den Chinesen gerooden,wei erauskomm ass,dass Japaner Gräueltaten un der chinesischer Populatioun durchgefouert hun.Sou hun Amerikaner domaten ungefaang Chinesen ze ennerstetzen an diem sie hinnen Krichsmaterial geliefert hun an hinnen eng Fliigerstaffel aus freiwellegen Navypiloten zu Verfügung gestallt hun.Och hun USA Japaner gewarnt ,an daat Franzeischt-Indochine anzemarschieren.Wei dann Japaner am Juli 1940 awer an dei franzeisch Kolonie angedrongen sin an sech do stationneiert hun,huet den amerikaneschen Präsidend Roosevelt am Juli1941 den amerikaneschen Export vun Petrol no Japan gestoppt.Aner Länner sin nogezun an dessem Embargo,waat dozou gesuergt huet dass Japanesch 75% vun sengem Aussenhandel an 90 % vun senem Petrolimporter verluer huet.Ausserdem huet amerikanesch  Armei demonstrativ hiir Pazifikflott aus hiirer Heemeschtsbaas San Diego op Pearl Harbor op Hawaii verluet!D`Japanesch Regierung huet all dess Drockmettel als Bedrohung vun hiirer eegener nationaler  Secherheet gesin.Obwuehl dei zwou Regierungen an diplomatescher Verhandlungen waren,haat Japan sech schon schon laang fir een Kriich gint d`USA entscheed.

Firwaat Pearl Harbor?

Den Iwerfall op Pearl Harbor war een Bestandsdeel vun der japanescher Gesamtstragie fir hir Expansioun am Pazifik.Hiirt Ziel war et, die  amerikanesch Pazifikflott ze zersteieren,sou dass d`Amerikaner dei gewalteg Invasiounspläng vun den Japaner net durchkreizen konnten.Obwuehl den Chefplaner vun dessem Iwerfall ,den japaneschen Admiral Isoruku Yamamoto perseinlech gint een Krich mat den USA war,wousst hien dass Japans Erfolleg  nemmen durch eng schnell an ouni Zweifel eng iweraschend militärischen Attaqiue ofhängeg war.

Oflaaf vun dem Iwerfall

Um 26.November huet sech  dei japanesch Flott mat 33 Kriichsscheffer an 6 Flugzeugträger vun Nordjapan an Richtung Hawaii gemacht.Um freien Moien vum  7.Dezember ass sie dann un hiirem Ungreffspunkt virun der Insel O´ahu unkomm.Um 6.Auer goufen dann 5 Mini-Uboote Richtung Pearl Harbor gescheckt.Hirt Ziel war et d`Fliigerattaque ofzewarden an dann sou vill Schued unzeriichetn wie sie konnten.Während diem Moien lungen 185 Scheffer vun der NAVY  am Hafen vum Pearl Harbor.Krichsfligger stungen niewendneen op deinen 6 Militärflughafen.Dei meescht waren an Gruppen opgedeelt,sou dass sie  besser virun Sabotage gesechert waren,waa tawer fir den Iwerfall vun den Japaner secherlech net postiv war.

Um 6.40 huet een amerikaneschen Scheff een japansch Mini U-Boot ausgamaacht an zersteiert.Sie hun den Zweschenfall per Funk gemelltDess Nochricht ass awer ereischt no deer eischten Ungreffswell unkomm..Ausserdem huet eng mobil Radarstellung een Signal opgeholl,daateng grouss Unzuehl vun Fliiger ausgemacht huet. Dess Warnung ass awer irtümlecherweis sou erklärt gin,dass et sech um eng amerikanesch Fliigerstaffel gehandelt sollt hun.Duerch dess falsch Interpredatioun gouffen keng weider Schrett an Bewegung gesaat.

Die eischt Attaque vun japaneschen Fliigeren war em 7.55.Dei verschlesselt Botschaften wei To,To,To oder Tora Tora waren Informatiounen un d`Japanesch Kommando dass den iwerraschende  Iwerfall gegleckt ass.

Um 8.06 Auer ass Arizona explodeiert an enger Zeit vun 9 Minuten ass sie mat 1177 Mann Equipage ennergaang.Och aner Scheffer hun dessen Iwerfall net iwerstaan.

Och anerer miltäresch Anrichtungen gouffen ungegraff,enner anerem Flughäfen waat dozou bruecht huet dass vill Fliigeren zersteiert gouffen.

Um 8.40 gouf dann die 2 .Ungreffswell gestart dei als Haaptziel dei komplett Zersteierung vum Hafen haat.

Amerikaneschen Piloten ass et gelongen hir Fliiger an d`Loft zebrengen an wahrscheinlech 12 feindlech Fliiger ofzescheissen.

Um 10 Auer hun sech dann Japaner zreckgezunn.Den Ungegreff war eriwer.

Den 2.Weltkrich huet Amerika errescht.

US Navy huet domaten hiir greissten Niederlaag an hiirer Geschicht erlieft. 21 Kriichsscheffer waren zersteiert. Dei amerikanesch Loftverteidigung gouf et net mei. 2390 Leit hun dessen Iwerfall net iwerlieft.No dessem Iwerfall  huet sech daat amerikanescht Vollek wie nach nie sech hannert Regierung gestallt.Den Schlachtruf „REMEMBER PEARL HARBOR" huet Amerikaner die nächst 3 Joer begleet. 1945 hun dann Amerikaner mat hiiren  Allieieren, Nazi-Deitschland mat hiiren Verbündeten  Japan besiegt.

Haut treffen sech die die ehemolleg Feinde an enger Gedenkstätt,diem ARIZONA MEMORIAL,um sech un dessen 7.Dezember sech errennern.

ARIZONA MEMORIAL

Mat der dem Ennergaang vun der USS Arizana ,hun och 1177 Mann Equipage hiirt Liefen verluer.Haut gedenkt een 56m laangt Denkmol iwer dem mettelsen Deel vun diem Kriichsscheff.Daat Denkmol besteet aus 3 Deeler.Een Aagang an Ausgaang,een Metteltrakt fir Gedenkfeiertn ,an eng allgemeng Aussichtsform.OP enger Mauer aus Marmor sin dei Nimm vun den den Doudegen angraviert.

Daat Denkmol war een Bedürfnis,fir dass zu Pearl Harbor een Denkmol erricht soll gin,waat  die Doudeg vun dessert Attaque gedenken soll.

Dei eischt Unerkennung war 1950 wie den deenmollegen Admiral vun der Pazifikflott den Befehl gouf,iwer dem ennergegaangen Scheff een Fahnenmast ze errichten.

Präsident Eisenhower huet 1958 dann angewellegt een Denkmol zeerichten.Dessen Bau ass 1961 mat Regierungsgelder an privaten Spenden finanzeiert gin.1962 gouf daat Denkmol angeweiht.

Daat Arizona Memorial an d`Besucherzentrum befannen sech op dem Militärstützpunkt vun Pearl Harbor.D`Besucherzentrum ass den zentralen Ausgangspunkt fir eng Besichtigungstour vun der Gedenkstätt.Dei gratis thematesch Führung besteht aus engem Viirtrag,engem 23 minuten laangen Dokumentarfilm iwer den Iwerfall,dann können Visiteueren mat engem Fähre vun der U.S Marine sech op Denkmol fuehren loosen.

Am Emkrees vun dem Memorial gin et nach 3 aner interessant Sachen, déi een gucken goen kann: Een U-Boot aus dem Joer 1942, daat fir Besichtungen drechen geluet gin ass, een Fliigermuseum an een Schlachtscheff.

(Steve Müller)