Blog 41: Australien (4) - Fraser Island

Zu enger Rees un d'Ostküste vum Down Under gehéiert op jiddfer Fall e Besuch op der FRASER ISLAND.
Fraser Island ass déi gréissten Sandinsel vun der Welt an huet eng Längt vun 123 km. Fraser Island huet wonnerschein Landschaften. Déi meescht Touristen bleiwen 2-3 Deeg vir op mannst een Deel vun der Insel gesinn ze hunn.
Fraser Island ass en Naturschutzgebidd. Daat bedeit also dass een eng Geneehmegung brauch wann een mat engem 4x4 well heihinner kommen.
4X4 ? Jo, riichteg, nëmmen mat engem Allradauto kann een hei fueren, well et existéieren keng goudronéiert Stroossen, just Sandweer. Aus dem Grond sinn och Tourbussen emgebauten Unimoken (eng Zort heigelouten Camion). Wéi och schons op der Whitsundays Tour haat ech eng 3 Deeg Tour matgemaach. Vir op d'Insel ze kommen, brauch eng Fähr 45 Minuten.
Mat 3 Deeg op der Insel haat ech en interessanten Abbléck kritt. Well et jo iwwerall Sand gett brauch een einfach Zait. Zudeem sinn munch Plaazen ofhängeg vun Ebbe a Flut.
Eise Guide huet eis den eischten Dag op bei de LAKE MAC KENZIE bruecht, een vun de schéinsten Séier op der Insel. Den éischten Dag war Wierder nach tip top.
No enger Stärkung moies fréi sinn mir Sanddünen kucken gaangen, déi sech ëmmer weider ausbreeden (an zwar an d'Insel eran).
Géint 10 Auer moies konnten mir dunn iwwert Plage fueren, virdrun war daat net méiglech well Flut nach alles iwwerschwëmmt haat.
Iwwert Plage ass och de séierste Wee vir vun A no B ze kommen.
Als éischt hu mir déi faarweg „THE PINNACLES“ ugekuckt, dunn „CHAMPAGNE POOLS“, eng Fielsformatioun um Mier a goufen och gewarnt net ze no, a scho guer op de Fielser ze kluntschen well schons e puer Touristen héi déidlech verongléckt sinn.
Mëttes dunn nach als Highlight d'Iwwerreschter vun engem Schëff, der S.S. MAHENO, daat 1935 do festgesaat haat op der Plage. Virun Joeren ass probéiert ginn et ewech ze huelen, mee et haat alles naischt gehollef. Et leit elo nach emmer do an et rascht lues a lues virun sech hinn. Et daerf een et weder upaaken nach dropklammen.
Den drëtten a leschten Dag sollt nach ursprünglech an de Nomëtteg erangoen, mee vue que dass Wierder schlecht war (et war nass a frësch) doduerch konnt een mol keng anstänneg Fotoen maan.
Mir haaten als Grupp décidéiert desen leschten Tourdag ze kierzen an d'Fähr éischter zeréck ze huelen.
Egal wou mir giess haaten, kruete mer emmer gesoot keng Iessrechter op de Buedem ze gehéien. Op Fraser Island lierwen nämlech DINGOEN. Dingoen sinn an der Reegel net geféierlech, ausser déi vun deser Insel, dei schons agressiv kenne ginn. Sie kennen Iessreschter schons op grousser Distanz riichen a kommen domadder dem Mensch scho gären ze no.
Daat schlecht Wierder haat mech onglëcklecherweis oft begleet, wéi ech méi no zu BRISBANE komm sinn.
No de Fraser Island haat ech zu Mooloolaba iwwernuecht, waat un der Sunshine Coast leit.
Ausser Plage a Surfen huet des Uertschaft eng flott Attraktioun an daat ass d'UNDERWATER WORLD. Hei kann een Mieresbewunner a Flessbewunner aus Australien bewonneren. Et kann een beispeilsweis e puer typesch Mieresdéieren wéi de Séistär an d'Hand kréien; selbstverständlech nëmmen mat enger autoriséierter Persoun aus dem Park.
Hei hunn ech nach e bessi méi iwwert d'Mieresschildkröten geléiert, virun allem dass hir Existenz bedroht ass duerch Verschmotzung vum Waasser (wourunner mir Menschen Schold hunn). Ech mengen konkret daat waat een am Mo vu ville Schildkröten fënnt (eng vu mengen Fotoen weist daat)!
No der Visite vum Underwater World si ech mëttes bei GLASS HOUSE MOUNTAINS gefuer, déi 70km vun Brisbane ewech sinn.
Glass House Mountains faalen direkt an d'Aaen well d'Landschaft ziemlech flaach ass, an op eemol e puer Fielsstécker no beim Highway No 1 optauchen.
Méi genee handelt et sech em Vulkanhiewel, 12 am ganzen, déi virun Milliounen vu Joeren entstann sinn an déi mëttlerweil als Nationalpark klasséiert goufen. Bei normalen Wierderverhältnisser kann een vu deem engen oder aaneren Hiewel bis op Mier gesinn.
Hiere Numm krueten Glass House Mountains vum Entdecker, dem Captain JAMES COOK.
Wann ech schon am Bundesstaat Queensland sinn, an a Riichtung Brisbane fuere kann, da kann ech jo e klengen Détour iwwert de „Steve Irwin Way“ maan.
Waat ass esou besonneg um „Steve Irwin Way“?
De Steve Irwin war besser bekannt ennert dem Numm „Crocodile Hunter“. 2006 ass en bei engem TV Dréi em d'Liewen komm, an deems en vun engem „Stachelrochen“ gepickt gi war. Hien haat sech als Missioun gesaat Déierwelt ze schützen an de Leit méi no ze bréngen vir hinnen kloer ze maan wéi wiichteg Déieren vir eis Menschen sinn.
De Steve Irwin haat (zesummen mat senger Famill) den AUSTRALIA ZOO opgebaut.
Den Australia Zoo leit nierwend dem Glass House Mountains NP. E gouf schons 1970 gegrënnt an zielt haut gudd 1000 Déieren. A vue que dass Australien vill Plaaz huet, ass desen Zoo och alles anescht wéi kleng. Mëttelpunkt vum Zoo ass d'KROKODIL. Nierwend e sellëchen Exemplären gett et och eng Show am „Crocoseum“, enger Zort Arena. Hei gett eng Show présentéiert mat Greifvullen, Papageien an der Fidderung vun Krokodilen. Wann se dann „gefiddert“ ginn, gett och villes iwwert Krokodilverhaalen erklärt. Opklärung ass eng vun den Haaptzieler vum Australia Zoo.
Do donierwt kann een iwwert eng grouss Wiss trëppelen wou Känguruen duerch Géigend hopsen ( et daerf een se och fidderen :) )
En aneren Liebling vun den australescher Déierwelt ass de KOALABIER. Am Zoo kann een se hëmmelen, wann se waakreg sinn. Beim Friessen allerdengs soll een se mat Rou loosen.
Ausser der Déierewelt aus Down Under huet den Zoo mëttlerweil och e néien Deel mat afrikaneschen Déieren, genee esou wei en asiateschen Deel mat engem Tiger.
Nierwend dem Zoo gett et och en Déierespidol, wou krank oder verletzten Déieren bruecht ginn a gehollef kréien. Oft handelt et sech em den beléiwten Koala, deen entweder vun engem Auto ugestouss gouf oder vun engem Hond gebass gouf.
Am Nomëtteg sinn ech op Brisbane gefuer an haat den Auto ofginn. Vir de Fliiger zu Sydney ze huelen haat ech e Greyhound Bus owes geholl.