Eis fräi Mataarbechterin Dany Thielen gehäit een aneren, ongewinnte Bléck op déi bekannten a beléifte bayresch Haaptstad.

Et ass scho beandrockend, a 60 Meter Héicht op enger metallener Ramp ze stoen an duerch Plexiglasplatten ënnert sech op déi gréng Sëtzbänke vum Münchner Olympiastadion ze kucken. Virun allem awer huet ee vum héchsten Punkt vum Stadiondaach aus eng interessant Vue op all bekannte Sehenswürdegkeete vu München. Lénks d’Allianzarena an d’Tierm vum BMW-Wierk, riets d’Münchner Innenstadt mat der Frauenkirche a ganz hannen um Horizont erkennt een - éischter schemenhaft a méi wéi an engem Dram wéi als glaskloer Realitéit - d’Alpen.

Quitte, och vum Olympiatuurm huet een dës Vue - nee wahrscheinlech suguer eng besser. Mä et ass genee dës Vue, déi ech op menger Rees op München gesicht hunn. Ech war schonn e puermol zu München, ëmmer méi oder manner ënnerwee op den Touristenpied. Elo wëll ech dee bëssen anere Bléck op München hunn.

Merci, Wieder? Merci, SZ!

Et wär utopesch ze mengen, dass ech mech elo géing fillen wéi eng Münchnerin ... Ech schlofen am Hotel, a virun allem huet d’Wieder mir e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Et ass net all ze schlecht, mä och net all ze gutt ... an et hënnert mech virun allem drun, dat ze maachen, wat ech am léiwsten zu München maachen - wéi och d’Münchner selwer ... Am Béiergaart, am Park oder un der Isar sëtzen an d’Sonn genéissen. D’Naturbad Maria Einsiedel, eng renaturéiert oppe Piscine matten an der Stad, sträichen ech bei killen 18 Grad a groem Himmel zimlech fräiwëlleg vun menger Lëscht.

An de Woche viru menger Rees hunn ech virun allem d'Online-Ausgab vun der Süddeutsche Zeitung gelies - am léifsten de Lokaldeel - well zu München schéngt et och fir Münchner villes ze entdecken ze ginn. An esou gëtt d’Zeitung vill flott Insidertipps ...

RTL

© Dany Thielen

Zréck op den Dag vum Olympiastadion - d'Zeltdachtour gëtt de ganze Summer duerch ugebueden. Si ass fir Architekturbegeeschterter absolut ze rekommandéieren, schlussendlech kënnt een dëser ganz aussergewéinlecher Konstruktioun ganz, ganz no.

Héihenangscht brauch een trotz duerchsichtegem Plexiglasdaach keng ze hunn.

Mat Klammgurt beschtens geséchert, kann een dem Guide ganz entspaant bei sengen Ausféierungen iwwert d’Baugeschicht nolauschteren. Doriwwer, dass sech München deemols just mat engem 2 Minute laange Videoclip fir d’Olympesch Spiller beworben hat. Doriwwer, dass de Günter Behnisch d’Ausschreiwung fir de Bau vum Stadion souzesoen mat Dammestrëmp gewonnen hat - op senger éischter Maquette hunn Nylonsstrëmp dee filigranen Daach duergestallt. An doriwwer, dass dëser Simplistik d’Komplexitéit vun der Struktur vum Daach entgéintstoung. Enn de 60er-Joeren, wou et nach keng super séier Computere gouf, déi d’Statik vun engem Gebäi errechent hunn, war d’Konstruktioun nämlech net nëmme visionnär, mä "eng Equatioun mat 10.000 Onbekannten". Eréischt 1989, net grad 20 Joer nodeems de Stadion gebaut gi war, konnt mat engem Computer bewise ginn, dass de Stadion och wierklech sécher do géif stoen.

Zäitlos elegant

An elo, genee 40 Joer no den Olympeschen Spiller zu München, wierkt den Olympiastadion nach ëmmer net al an demodéiert, ganz am Geegendeel. Seng filigran an transparent Architektur léisst en haut nach ëmmer genee sou modern erschénge wéi 1972.

Fir déi ganz Komplexitéit ze verstoen gëtt, et allerdings näischt Besseres, wéi erop op den Daach ze klammen!

Wien éischter e bëssi Nervekitzel sicht, dee ka sech no der Tour och ofseele loossen, oder - nach méi spektakulär - mam flying fox queesch iwwert de Stadion fléien.

Eng typesch Touristenattraktioun, sot Dir? Abee, anscheinend nach net. Mir sinn op eiser Tour zu 4 - mam Guide. Déi aner 2 koume vu Regensburg, also keng richteg Touristen.