Blog 42: Singapore / Kambodscha (1)

No Australien geet et elo fir d'éischt op Singapore an duerno op Siem Reap am Kambodscha.
Ech hat dem Down Under Äddi gesot, fir SINGAPORE Moien ze soen. Hei hat ech e gudde Kolleg besicht; den Olivier Klein. Hien hat hei studéiert a schafft elo fir eng Software Firma zu Singapore. Hien hat mech gewarnt, datt et hei ganz schéin deier ass! Hien huet absolut Recht. Et ass him ze verdanken, datt et net nach méi deier gouf: ech konnt nämlech bei him hausen fir déi puer Deeg vu mengem Openthalt.
Onglécklecherweis hat dem Oli seng Aarbecht eis e Stréch duerch d'Rechnung gemaach an hien huet musse geschäftlech fort (ech dierft awer an senger Wunneng bleiwen). Sou war ech op mech alleng gestallt, mä dat wor keen Drama.
Singapore ass flächeméisseg gesinn méi kleng wéi Lëtzebuerg, huet awer 10x méi Awunner, ganzer 5 Millioune wunnen hei!

D'Skyline vu Singapore
Lo natierlech DÉI Fro : Ass Singapore wierklech esou propper wéi oft gemengt gëtt?
Also do wou ech war, kann ech dat nëmme confirméieren!
Virun allem de Metro ass penibel propper. An an dësem Beräich ass alles mat Kamera iwwerwaacht. Et ginn souguer Geldstrofe fir Knätsch op de Buedem ze geheien (Singapore ass souwäit och déi eenzeg Plaz, déi ech kennen – op der Welt – wou ee kee Knätsch ze kafe kritt!).

De Metro vu Singapore ass ewéi geleckt!
Singapore ass multikulturell, wat een un der Gesellschaft erkennt. Si besteet aus Chinesen, Malaysiaer, Inder a Leit mat anerer Nationalitéit. Aus dësem Grond sinn déi meescht Saachen op 4 verschiddene Sprooche geschriwwen: englesch, chinesesch, tamilesch an malaysesch. Trotz den Ënnerscheeder, virun allem wat Relioun ugeet, liewen d'Leit hei friddlech zesummen.
Singapore gëllt als séchert Land an als Malaria-fräi.
Ech hat mir 3 Deeg Zäit geholl fir Singapore e bëssi ze entdecken; eng gutt Moyenne wéi ech fonnt hunn.
Während dësen 3 Deeg hat ech ORCHARD ROAD, LITTLE INDIA, CHINATOWN, CLARKE QUAY, d'Insel SENTOSA, an d'Esplanade mat der Marina Bays Centre besicht, an d'Aussiicht owes vun der enger oder anerer Bar (meeschtens muss een an deem Fall awer eppes konsuméieren; et ass näischt fir näischt) genoss.
Net alles ass deier zu Singapore. Et kann een zum Beispill gutt a bëlleg an engem sougenanntenen HAWKER-Zenter iessen (dat ass en Zenter mat ganz ville klengen Iessbuden) fir 2 bis 5 Euro fir en asiatesche Menü. Op der anerer Säit huet dëst Land eng héich Alkoholsteier, wat bedeit, datt beispillsweis 1 Béier 12 Euro kascht (dat ass de Präis vun owes). Si hunn och verschidden Happy Houren mat e bëssi méi bëllege Präisser. Generell gëllt: wat méi fréi, wat méi bëlleg de Präis ass. Och d'Softdrinks wéi Jus oder Waasser sinn net geschenkt.
Schéin ze kucken ass d'Waassershow oder Lasershow beim Marina Bays Centre déi 30 Minutten dauert an déi – opgepasst – gratis ass.
Vu Singapore sinn et 2 Stonne Fluch bis op SIEM REAP, dat ass am Kambodscha. Dëst war mäin éischt Land a Südostasien. Wann ech och am Zentral an Südamerika war; ech hu ni e Visa fir e Land gebraucht (als Lëtzebuerger). Am Kambodscha war dat awer anescht: 20 USD kascht de Visa fir en Openthalt vu maximal 30 Deeg.
Siem Reap huet vill kulturelles ze bidden; an der Haaptsaach Tempelen. Vill vun dësen Tempele si verfall oder ganz futti. Fir se nees opzebauen, brauch et nach Joren. Siem Reap ass déi wichtegsten Touristenattraktioun vun de Khmer (den Awunner vum Kambodscha). Ausserdeem gehéiert dat ganzt Tempelgebitt säit 1992 zum UNESCO Weltkulturerbe.
Et gi méi verfalen Tempelen, wéi en normalen Tourist verdaue kann.

Ee vun de sëllechen Tempelen
Fir et also net ze iwwerdreiwen, existéiert en 3 Dagesticket (deen 1 Woch gutt ass) an den 40 USD kascht. Et ginn e puer Tempelanlagen, déi méi wäit ewech sinn; do brauch een dann en TUK-TUK (inklusive Chauffeur). Mat engem Tuk-Tuk Fuerer entscheet ee selwer wéi laang ee bei enger Tempelanlag bleift.
A mat de manner bekannten Tempelen hunn ech um Dag 1 ugefaangen. Ech hunn déi Kultur, déi mat den Tempelen zesummenhänkt, net ganz bekäppt. Dat läit awer och dorunner, datt hier Erbauer verschidde reliéis Iwwerleeungen haten an doduerch sech alles e bëssi vermëscht.
Mir ass et an der Haaptsaach dorëms gaangen, déi Architektur ze bewonneren.
Ech probéieren awer kuerz d'Highlights vun den Tempelen e bëssi ze beschreiwen:
Dag 1: Déi perséinlech witzegsten Tempelanlag war eigentlech eng, déi an hiren Eenzeldeeler do louch (et huet e bëssi ausgesinn wéi Legossteng).

Wat e Chaos...
Dag 2: Moies Visite vum Tempel BANTEAY SREI mat gutt erhalenen Aaffestatuen, vir bei den Trape vun engem Tempeltuerm. Mëttes Visite vun der Tempelanlag TA PROHM. Hei ass spektakulär ze gesinn, wéi d'Natur lues awer sécher dësen Tempel ëmmer méi fest am Grëff huet. E puer Beem – deenen hire Som op den Tempel gefall war - sinn nämlech enorm grouss ginn an ëmschléngen den Tempel mat hire Wuerzelen.
Dag 3: Den interessantesten Dag war de leschten Dag mat den Tempelanlagen ANGKOR WAT an dem ANGKOR THOM.
Den Angkor Wat ass iwwregens och am kambodschanesche Fändel dran. Et ass déi gréissten Tempelanlag an ass - wéi vill Buergen an Europa - ëmréngt vun engem Waassergruef, dee scho bal sou ausgesäit wéi e klenge Séi. Et kann ee bis op den héchsten Tuerm eropklammen, awer just wann een laang Kleedung unhuet, soss gëtt een net erop gelooss! Et ass och am Angkor Wat, wou an engem Gang vill Zeechnungen an de Fiels ageklappt goufen.

E Gang mat alen Zeechnungen
Den Angkor Thom ass zwar e bëssi méi kleng, mä duerfir huet e vill kleng Tierm déi aus laachende Gesiichter bestinn, déi aus verschiddene Fielsstécker geklappt an iwwerteneen gestallt goufen.
Vu datt Siem Reap DEN Touristemagnéit ass vun dësem asiatesche Land, falen engem och déi „aarm“ Leit op. Dobäi handelt et sech meeschtens ëm Kanner, déi bei den Tempelanlagen op Touriste waarden a Saache probéieren ze verkafen (Postkaarten an aner Souveniren).
Ëm d'Iesse brauch een sech keng Suergen ze maachen: d'asiatescht Iessen ass bëlleg an och gesond. A wann ee mol kee Bock op asiatesch huet, bidde vill Restauranten Alternative wéi Pizza, Pasta a Co.
Op mengem Video gesitt Dir dann och nach e puer Andréck aus den Tempelen. Leider ass d'Tounqualitéit net immens gutt, mä ech hoffen, d'Biller schwätze fir sech!