Eis fräi Mataarbechterin Dany Thielen gehäit een aneren, ongewinnte Bléck op déi bekannten a beléifte bayresch Haaptstad.

De leschten Dag ass vum Wieder hier dee schéinsten. Gottseidank geet mäi Fliger eréischt owes spéit. Zäit genuch fir nach eemol München zu Fouss ze genéissen.

Mäi Lieblingsquartier ass Maxvorstadt, direkt nieft dem Touristemünchen, mä ebe just dernieft. An der Maxvorstadt fënnt een zwar allerhand Muséen, mä anscheinend ass et e Seegen vir e Quartier wann weder U- nach S-Bahn dohi fueren. Vun den Touristenmassen bleift ee plus au moins verschount..

E flotten Trëppeltour duerch d’Maxvorstadt: vum Hauptbahnhof geet ee Richtung Königsplatz - hei sollt een op alle Fall en Ofstiecher an d’Glyptothek man. Gleeft een der Süddeutschen kann een sech hei am spéiden Nomëtteg herrlech op de grousse stengen Trape sonnen.

Nächst Statioun sinn d’Pinakotheken an op mengem Wee dohin héieren ech op eemol eng Flûte, dann eng Gei, e Piano ... et huet schonn eppes magesches, laanscht d’Hochschule für Musik und Theater ze goen. A propos Konschthéichschoul, am nämmlechte Quartier läit och d’Hochschule für Film und Fernsehen. E ganz modernt Gebai, an e Bléck op d’Stroosseschëld weist, dass se ganz séier sinn zu München. Déi grouss Plaatz virun der Filmhéichschoul heescht Bernd-Eichinger-Platz, nodeem grousse Münchner Regisseur 2011 gestuerwen ass...

D’Pinakothéike loossen ech dëst Joer lénks leien, och de Museum Brandhorst. Dëse Musée huet eng ganz besonnesch ausgefale Fassade, oder wéi e Kolleg méi spéit wärt bemierken: en erënnert un e Störbild um Fernseh. Méi muss een net soen...

Vun Maxvorstadt eriwwer ass et just ee Kazesprong bis bei d’Haus der Kunst. Iwwerhaapt, wann iwwert München gesot gëtt, dass et e "Millionendor"f wier - ëmmerhin wunnen hei bal 2 Milliounen Leit - dann ass dat net aus der Loft gegraff. Virun allem am Zentrum sinn d’Weeër immens kuerz. Et kann een also vill bequem zu Fouss maachen.

Mä dat ass souwisou esou eng Prinzipiefro. E Kolleg vu mir klëmmt prinzipiell a keen Transportmëttel eran, wat ënnerierdesch fiert - et gesäit een net genuch vun de Quartieren déi tëscht de Sightseeing-spoten leien. Do huet en u sech absolut Recht. Déi aner Säit huelen ech awer ganz gär emol U- an S-Bahn. Éischtens well ech mer domat vill Geleefs erspueren an dann nach frësch a fit sinn fir dat ze kucken fir dat ech u sech den Trajet gemaach hunn. Virun allem awer ass d’U-Bahn ëmmer en interessante Spigel vun der Gesellschaft a virun allem vun de Leit déi an deem Quartier, wou d’Bunn hi fiert, wunnen - oder schaffen.

Ënnerwee fir bei den Olympiastadion war ech zimlech verwonnert. Um 2 Auer nomëttes, sutzen an de Waggonen vun der U3 gréisstendeels tierkesch Männer, a bloe Combinaisonen. Hmm, et huet mer net direkt ageliicht wien ëm dës Zäit schaffe fiert... bis d’”Blaumänner” och all beim Olympiapark erausgeklomme sinn - an schnurstracks Richtung BMW-Wierker gaang sinn. Dunn eréischt ass mir d’Späicherliicht opgaang: BMW huet net just e Musée a representativ Bureauen zu München, mä hei gëtt nach produzéiert.. an op Schichte geschafft! Dofir!

Zréck bei d’Haus der Kunst. Lénks do dernieft ass iwwregens d’Münchner Nobeldisko P1 - wien sech schonn ëmmer gefrot huet wou déi ass. A riets vum Haus der Kunst, do wou den Eisbach an den englesche Gaart eraleeft, do sinn d’Münchner Surfer ze fannen. Genee hei nämlech ass eng stehend Well an doduerch huet sech zu München eng ganz Surfercommunautéit gebild, déi ewell an der Surferszen op der ganzer Welt bekannt ass.

Wann ee gär Fotoe mëscht, kënnt et kee méi ee lounende Sujet zu München ginn... ech man nach e klengen Interview mat engem vun de Surfer. An dat war et fir München. Nomëttes geet et nach shoppen an dann nees heem.