MÜNCHEN, Blog 2/5: Op Schratt an Tratt e Stéck Geschicht!

© Dany Thielen / RTL
Eis fräi Mataarbechterin Dany Thielen gehäit een aneren, ongewinnte Bléck op déi bekannten a beléifte bayresch Haaptstad.
E richtege Geheimtipp hunn ech, méi oder manner, duerch Zoufall entdeckt. An engem Reesguide gouf - tëscht 110 anere Plazen - d’Ausstellung iwwert d’Weiße Rose am Justizpalast um Stachus ernimmt. An engem Niewesaz gouf och d’Gebai un sech erwähnt.
Ganz laang hat ech iwwerluecht, op ech iwwerhaapt sollt era goen. De Justizpalast gesäit zwar vu bausse riesegrouss aus - mais rien de plus.
Well et awer grad souwisou ugefaang huet ze reene, sinn ech eragaangen... an sinn eppes bessere beléiert ginn! Schlecht Wieder kann also och seng gutt Säiten hunn.
Ouni ze zécken, kann ech soen, dass de Justizpalast eent vun deene schéinste Gebaier ass, déi een zu München ka besichtegen. Iwwert de Bannenhaff spaant sech eng 67 Meter héich, gliese Kuppel. Rondrëm ass en neobarockt - seet de Fachmann - Trapenhaus gebaut. D’Gebai erfëllt op jiddefall säin Zweck, et empfënnt een nämlech automatesch Respekt virun der Staatsmuecht, wann een d’Trapen eropgeet vir an d’Sitzungsraim.
Eng Staatsmuecht déi dacks genuch mëssbraucht gouf, wéi d’Ausstellung iwwert d’Weiße Rose weist. 17 Memberen goufen hei veruerteelt, 6 vun hinnen - dorënner d’Geschwëster Hans a Sophie Scholl - zum Doud, well si Flugblätter géint dem Hitler säi Régime verdeelt haten. De Geriichtssall ass nach quasi ganz erhalen, et ass ergräifend dës Originalplaz ze gesinn, sech op d’Uklobänk ze setzen a Kopie vun den Originaldokumenter ze liesen. Et ass e Raum, dee vir sech schwätzt, ouni grouss Multimediainstallatiounen. Ëm sou méi kann een déi ganz Stëmmung op sech wierke loossen, virun allem och well kaum Touristen de Wee hei erop op den 3. Stack fannen.
Der Geschicht begéint een zu München op Schratt an Tratt ... a well d’Geschicht esou omnipräsent ass, sinn d’Erënnerungen doru meeschtens ganz onopgereegt. Et sinn dacks kleng Monumenter, déi dorun erënneren wat geschitt ass.
Puer Schrëtt ewech vum Justizpalast, steet e grousse Steen, deen un déi al Haaptsynagog vu München erënnert. Si gouf 1938 vum Nationalsozialistëschen Regime zerstéiert.
Tëscht der Theatinerkierch an der Residenz - an enger klenger Säitestrooss - symboliséiere gëllen, an de Buedem ageloosse Plättercher d’Drückebergerstraße. Wien duerch dës Säitestrooss goung, huet net misse laanscht d’Nazischergen virun der Feldherrenhalle an huet sech sou erspuert den Hitlergruß missen ze man.
An der Theatinerkierch leien iwwregens d’bayrësch Kinneke begruewen. De "Kini" allerdings - de Kinnék Ludwig II, dem säi Schlass Neuschwanstein haut wäitaus méi bekannt ass wéi hie selwer - läit an der Fürstengruft an der Akafsstrooss tëscht Marienplatz an Stachus. Wou awer genee, kann ech net soen - ech hunn en net fonnt.

E Bléck an d'Theatiner-Kierch. / © Dany Thielen / RTL
Mäi coup de coeur ënnert de Münchner Muséen ass d’Glyptothek! D’Glyptothek ass den eelsten ëffentleche Münchner Musée. Si ass Deel vum Köngisplatz - baue gelooss gi vum Kinnek Ludwig I, deen e Faible fir d’Antik hat. Net nëmmen de Königsplatz ass ugeluecht wéi een antike Forum, och d’Fassade vun deenen zwee Gebaier - d'Antikensammlung an eben d’Glyptothek - erënneren un e griicheschen Tempel.
An der Glyptothek si griichesch a réimesch Statuen ausgestallt.
Dat kléngt net forcément spektakulär, mä et ass e Musée wou een d’Konscht richteg ka genéissen. Et steet keng Touristeschlaang virun der Dir, an am ganze Musée ass eng eemoleg Rou. Ech hat natierlech och d’Chance, dass ech Samsdes moies de ganze Musée vir mech alleng hat.
Virun allem awer kann een sech d’Statuen vu ganz no ukucken, an et gëtt engem bewosst wat fir eng Konscht et ass, aus sou eppes graffem wéi Steen ganz detailléiert Skulpturen ze man.
A mir Fraen sinn och eemol am Virdeel ... déi meescht Skulpturen sinn nämlech plakesch Männer! ;)