MÜNCHEN, Blog 3/5: E grousst kulinarescht Angebot

© © AFP
Eis fräi Mataarbechterin Dany Thielen gehäit een aneren, ongewinnte Bléck op déi bekannten a beléifte bayresch Haaptstad.
Ugefangen hunn ech meng 5 Deeg zu München iwwregens am Café Tambosi. Riicht ewech vum Flughafen, mat engem kuerzen Zwëschestopp am Hotel fir dat lästegt Gepäck ofzeginn, goung et op den Odeonsplatz. Do hunn ech mech mat engem Münchner Kolleeg getraff a gemittlech Kaffi gedronk.. dofir ass de Café Tambosi nämlech an der ganzer bayresche Haptstad bekannt - normalerweis sëtzen d’Münchner do an der Sonn - all d’Still sinn a Richtung Sonn gedréiht! Mir sutzen beim Schloreen léiwer bannen an.
Vum kulinareschen aus gesinn, muss ech zouginn, dass ech mech net all ze wäit vun den Touristepied erofgetraut hunn!
Dofir hunn ech dann déi Restauranten ausprobéiert déi zwar matten am Zentrum sinn, mä wou awer de Gros vun de Gäscht Münchner sinn.
Do wier fir d’alleréischt emol den Orlando - ee vun de Restauranten um "Platzl" déi dem Alfons Schubeck gehéieren... eigentlech huet een souwisou d’Gefill, ausser dem Hofbräuhaus, géif dem Här Schubeck alles um Platzl gehéieren. Dat ass e bëssi schued, well een d’Gefill net lass gëtt, wéi wann do probéiert géif ginn e Numm, oder scho bal éischter eng Mark, beschtméiglechst un de Mann, d’Fra a virun allem un den Tourist ze bréngen. Bësse schued!
Allerdings schéngt dat och d’Münchner net der Däiwel ze stéieren, et huet een éischter d’Gefill si géifen de Chefkach himself all perséinlech kennen an dëse steet dann och do mat senge Gäscht ze “ratschen”. Mir bleift virun allem eppes am Gediechtnis: de "geeister Kaiserschmarrn"! Sou eng lecker Gisserei hunn ech soss néierens giess zu München.
Anere Restaurant, nach méi zentral geleeën, virun allem ënnert Münchner beléift a mat - zumindest dohanne - genee sou engem bekannte Wirt. Den Andechser am Dom (also niewent der Frauenkirche) vum Sepp Krätz - him gehéiert um Oktoberfest dat net manner bekannte Festzelt Hippodrom.
Hei kritt ee virun allem bayresch Schmankerl, d’Kaart ass méi grouss a virun allem ass net an all zweetem Plat Ingwer dran! Mäi perséinleche Lieblingsrestaurant zu München!
Ee Mëtteg hat ech mir fräigehal fir d’Schrannenhalle. Zanter dës am Oktober läscht Joer nei opgaang ass, kënnt d’Süddeutsche net méi aus dem Schwärmen eraus.
Als alleréischt emol, ass d’Schrannenhalle eppes wéi eng Maarthal. E Kazesprong vum Vitkualienmarkt ewech an awer ganz aneschters. Méi chic, méi ausgefall. Häerz wat begiers de méi: Uebst a Geméis an deene leckerste Faarwen, Oliven, Kaviar, handgemaache Schokola a Gummibärecher, ... et ass een Tour du Monde bei deem engem d’Waasser am Mond zesummeleeft.
Uewen op, op enger Zort Galerie kann ee sëch an der “Käfer Marktküche” bei engem aneren bekannten Münchner Wiert un den Dësch sëtzen. De Michael Käfer, dem eigentlech en Feinkosthandel gehéiert, ass och de Wiert vun der “Käfer Wiesn Schänke”, dem Zelt an dem déi meescht Promien während dem Oktoberfest geknippst ginn.
An d’Marktküche ass wierklech e Geheimtipp, si ass net och nëmmen eng Onz op Touristen ausgeluecht. D’Kaart ass net immens grouss, dofir ass alles knackfrësch. Mäin Zalot huet sech ugesinn wéi en Tour duerch der Boma hire Gaart: Laitue, krauselegen Zalot, ..., Rucola, Basilikum, kleng Tomaten, Radiesecher, Cornichong, Muerten, an nach sou munches. Sou frësch, dass keng Zooss drop muss sinn, fir de Goût vum, an anere Restauranten dacks latschegen, Zalot ze iwwertünchen. Och de gebrodene Poulet kënnt ouni vill Gewürz aus.. den Zalot ass mol eng Kéier net Bäilag mä spillt d’Haaptroll. De Präis ass dee nämmlechten, deen een zu Lëtzebuerg fir eng Zalot mat gebrodenem Poulet och géif bezuelen...
Wien richtëg richtëg gutt zu München wëll zu Mëtteg iessen, ouni duerno iwwerfëllt an awer gutt gestärkt fir weidere Sightseeing ze sinn, sollt onbedingt déi puer Schrëtt vum Viktualienmarkt bis an d’Schrannenhalle maan.
Där Plaz, wou d’Münchner déi am Zentrum schaffen Mëtteg maachen, sinn ech just duerch Zoufall op d’Spuer komm. Beim Oberpollinger, engem groussen Geschäft à la Lafayette, huet eng Vendeuse mer geroden ech sollt dach emol mat der Rulltrap bis ganz uewen aus op de läschte Stack fueren.
Uewen op am Oberpollinger ass ee Schnellrestaurant, vläit net esou gutt wéi e richtege Restaurant, mä vun impressionanter Diversitéit: eemol rondrëm de Globus. Kee Wonner also, dass sou vill Leit hei hier Mëttespaus maachen. Touriste fënnt een hei manner - villäicht well si grad hire läschte Frang op enger vun den Etagen ënnendrënner ausginn hunn.. dat ass, dat muss ech zouginn, net ganz schwéier.
En plus huet den Oberpollinger, eng ganz flott Terrasse um Daach.. hei kann een sech wonnerbar vum Shoppen erhuelen; am beschte wéi d’Münchner Dammen an Hären bei enger Coupe Schampes. Schickeria lässt grüßen..