MÜNCHEN, Blog 4/5: E reenereschen Dag

© © AFP
Eis fräi Mataarbechterin Dany Thielen gehäit een aneren, ongewinnte Bléck op déi bekannten a beléifte bayresch Haaptstad.
Den zweetleschten Dag ginn ech schwaach. Dat grot Wieder schléit mir op d’Gemitt, ech hu keng Loscht dobausse rondrëm ze spadséieren... Bei dem groen Himmel ginn et souwisou keng schéi Fotoe, soen ech mer, a loosse mäi Fotoapparat um Zëmmer.
Well d’Motivatioun um Nullpunkt ass, ginn ech eng absolut Touristenattraktioun kucken, déi matzen am Zentrum läit an an all Reesguide ervirgehuewe gëtt: d’Residenz. Op menger Lëscht stoung eigentlech d’Staatliches Museum für Völkerkunde, mä well dat Gebai vu bausse wéineg uspriechend ausgesäit, an am Gebai vun der Residenz och d’Museum Ägyptischer Kunst ass, entschléissen ech mech vir de Wunn- a Regierungssëtz vun de bayresche Kinneken.
Vun der Touristerealitéit ginn ech direkt an der Entrée, oder besser gesot an der Kees, erëmgeholl. De Musée fir ägyptësch Konscht ass zwar am nämmlechte Gebai, awer e separate Musée, wëll heeschen, kascht och extra! De Porte-monnaie méi grouss opmaache muss een och wann een d’Krounjuwelen oder de Cuvilliés-Theater wëll kucke goe.
Eng Féierung gëtt et net, just een Audioguide an dorop reagéieren ech - haalt mech fir aalmoudësch - zimlech allergesch. Musse mir iwwerall de Mënsch duerch en Apparat ersetzen a grad bei enger Féierung mëscht et dach d'Liewegkeet vum Guide aus, wéi gutt engem d’Besichtegung an Erënnerung bleift... d’autant plus, dass een engem Audioguide keng Froe ka stellen.
Nujee, dir mierkt meng Laun ass net déi bescht. Vläicht läit et dorun, dass d’Residenz mir net wierklech gefällt. Vun deene 19 Raim ka kaum ee meng Laun däitlech hiewen. D'Gebai war am zweete Weltkrich gréisstendeels zerstéiert ginn, a mat him vill vu sengem Mobiliar - wat d’Münchner awer net immens gestéiert huet. D'Gebai gouf nees opgeriicht an de fehlende Miwwel duerch aneren - aus anere Schlässer - ersat.
Sou kënnt et dann, dass an engem vun de Schlofzëmmeren nëmme Still stinn. Interessant och de Saz op der Erklärungstafel dee seet : “Original an diesem Zimmer sind nur die Türrahmen” - aha, ëmmerhin!
Spéitstens elo schwieren ech mir keng weider Touristenattraktioun ze besichen. Mat eis Touristen ass anscheinend dacks einfach Suen ze maachen. Ech komme mer vir, wéi an engem vun de bëllegen Touristerestauranten - bëllegt Iessen fir een iwwerdeierte Präis. Schued eigentlech, oder Tourismus ad absurdum. Et reest een iergendwou hin, fir dat Land oder déi Stad esou kennen ze léieren wéi se ass, a virgefouert kritt een e Klischee am Plaatz d’Realitéit.
A propos Klischee! Engem Raum verfalen ech dann awer - deem wahrscheinlech klischeehaftsten. E Prunksaal mat grousse, wonnerschéine Lüsteren... am léifste géif ech wéi d’Sissi duerch dëse Raum danzen - wéi gesot : Klischee! Op d’Lüstere wuel wierklech original sinn ? - mir ass dat deen Ament egal...