AUSGEFALEN HOTELLEN 1/5: Iwwernuechten am Fliger

Den Jumbo Bar & Restaurant
Bed & Breakfast, Club Hotellen oder All Inklusive ... ass dach ëmmer dat selwecht! Wisou dann net emol an engem Jumbo-Fliger iwwernuechten?
Wee scho mol eng Kéier an der Business Class geflunn ass a weess, wéi bequem et an sou enger ka sinn. Den huet sech bestëmmt och scho mol geduecht, datt dat duerchaus e gudden Hotel géif ofginn. Ma dat ass längst Realitéit!
Zu Stockholm um Arlanda Airport steet, keng 6 Minutte mam Bus vun den Terminals ewech, eng Boeing 747, déi zu engem Hotel ëmgebaut gouf. Besonnesch praktesch zum Beispill fir d'Leit déi Moies fréi schonn e Fliger mussen erwëschen. Si kënnen hei ganz entspaant d'Nuecht verbréngen an dann den Dag drop, ouni Stress a Waarderei op en Taxi an de Fliger klammen. D'Rezeptioun ass 24/24 Stonnen vun engem Member vun der "Crew" besat, an deemno ass een hei flexibel beim Depart.

© Tripadvisor
29 Zëmmer mat insgesamt 61 Better huet den Jumbo Stay senge Gäscht ze bidden, an dat an alle Kategorien - vum einfachen Eenzelzëmmer bis hin zur Suite, déi direkt un de Cockpit ugebonnen ass an eng privat Dusch an Toilett mat abegraff huet. Déi aner Visiteure mussen sech leider mat de 5 Gemeinschafts-Duschen an Toiletten zefridde ginn. Duerfir fënnt een an all Raum awer e Flat Screen TV an souguer eng wireless Internetverbindung!

Déi grouss Suite am Cockpit vum Fliiger
Och fir d'Gastronomie ass gesuergt: Am "Jumbo Bar & Restaurant" soll keen hongereg bleiwen! A fir déi, déi sech hiert Iesse selwer matbrénge wëllen, stellt den Jumbo Stay esouguer nach 2 Mikrowellen zur Verfügung.

Den Jumbo Bar & Restaurant
De gréisste Virdeel zitt den Jumbo Stay awer sécherlech aus der Proximitéit zum Fluchhafen an der domat verbonnener Méiglechkeet, och déi ganz fréi Flich ouni ze vill Ëmstänn ze erreechen. An dem Kontext sief och nach ze soen, dass et an dësem Hotel de Moieskaffi scho vun 3 Auer Moies u gëtt!
A sinn mer mol éierlech ... wien huet scho mol net dovu gedreemt eemol am Cockpit vun engem risege Fliger ze setzen? D'Léisung hutt der jo lo fonnt ...