AUSGEFALEN HOTELLEN 4/5: Iwwernuechten am Äishotel

Bed & Breakfast, Club Hoteller oder All Inklusive ... ass dach ëmmer dat selwecht! Wisou dann net emol an engem Äishotel iwwernuechten?
Schwede schéngt e Geheimtipp fir ausgefalen Hoteller ze sinn! Nodeems mir Iech schonn den Jumbo Stay an den Treehotel virgestallt hunn, hunn d'Skandinavier nach eng drëtt extravagant Méiglechkeet, hei ze iwwernuechten: en Äishotel!

Wéi de Numm et scho seet, besteet dësen Hotel komplett aus Äis a Schnéi an ass dowéinst - dat sief vu vir era gesot - näischt fir Leit, deenen et séier kal gëtt. Dat besonnescht um Äishotel ass, datt en all Joer nees nei muss opgebaut ginn, an dowéinst ëmmer e bëssen anescht ausgesäit. Eng Equipe vun internationale Kënschtler an Architekte setzen sech dofir virun der Wantersaison zesummen, a plangen den Opbau.
Den Hotel ass mëttlerweil och eng ganz Location fir Hochzäiten ze feieren, allerdéngs sollt een da villäicht besser an der Jackett am Plaz am schicke Kostüm oder Kleed kommen. Hei ze iwwernuechten ass mat Sécherheet en eemolegt Erliefnis, mä et muss ee bei der Reservatioun mat vir bäi sinn, well d'Nofro ass immens héich an d'Zäit begrenzt! Spéitstens wann am Fréijoer d'Sonn nees ufänkt ze wiermen, ass et mat der Herrlechkeet schnell eriwwer an den Äishotel verkënnt erëm zu dem, aus wat en am Prinzip besteet, nämlech Waasser.

Den Hotel ass e richtegt Konschtwierk
All déi, déi sech fir eng Iwwernuechtung am Äis kënnen erwiermen, sollten also net ze laang waarden, wann se di eemoleg Konschtwierker an Architekturen, déi d'Kënschtler all Joer op e neits hei schafen, wëllen erliewen. Wee ka scho vu sech behaapten, en hätt scho mol an engem Luxus-Iglu geschlof? Also eppes fir déi déi op e richtegt Erliefnis eraus sinn.