AUSGEFALEN HOTELLEN 2/5: Iwwernuechten am Bamhaus

Bed & Breakfast, Club Hoteller oder All Inklusive ... ass dach ëmmer dat selwecht! Wisou dann net emol an engem Bamhaus iwwernuechten?
Et muss ee soen wéi et ass; am Verglach zum Alter vun eisem Universum, ass et nach guer net esou laang hier, datt eis Virfahren, d'Afen, vun de Beem geklomme sinn. An net fir näischt übt dee Projet, sech e Bamhaus ze bauen, och haut nach eng grouss Faszinatioun op Kanner an all déi, déi sech e Stéck Kandheet erhalen hunn, aus. Mä wat den "Treehotel" am Norde vu Schweden ze bidden huet, dat geet wahrscheinlech wäit iwwert déi Bauwierker eraus, déi een sech als Kand selwer zesumme gebaut huet. Hei erwaart eis sou ze soen d'Bamhaus 2.0!
Matten an engem Dännebësch, zu Harads, fir genau ze sinn, huet d'Proprietairin Britta zesumme mat renomméierte schwedeschen Architekten eng ganz Noperschaft mat um Enn 24 Bamhaiser geplangt. Fir den Ament stinn der "réischt" 5 an eng "Bamsauna" vun där bis zu 12 Leit profitéiere kënnen. Ma déi 5 15-30 m² grouss Haiser bréngen een elo schonn zum Staunen!
Do wier eemol d'"Kabinn", e rechteckege Cube, vun deem aus een eng wonnerbar Vue iwwert de Lule Floss, den duerch dës Regioun fléisst, genéisse kann.

Donieft gëtt et dann nach de "Mirrorcube", e komplett verspigelt Bamhaus wat 4x4x4 Meter grouss ass, an duerch d'Spigele vun der Ëmwelt e flotten Effekt mëscht.

© Tripadvisor
Weem dat awer alles ze klassesch ass, dem sief zum Ufo geroden! An dësem extravaganten Haischen, dat ëmmerhi Plaz fir 4 Persoune bitt, dierft all Star-Trek a Science-Fiction Fan d'Häerz opgoen.
Fir den Ornitolog, den sech schonns ëmmer eemol wollt villen wéi seng Liiblingsdéieren, ass d'"Vullenascht" genau dat richtegt. Effektiv gläicht dëst Bamhaus engem risege Nascht, geformt aus honnerten Äscht.

Ween awer op der Sich ass nom ganz einfachen a grad dowéinst charmante Bamhaus aus Kannerdeeg, deem sief dat 5. Bamhaus un d'Häerz geluecht. Et gesäit e bëssen aus wéi ee vu Kannerhänn gemoolten an dann ëmgesatene Plang, och wann ee bannenan unhand vun der Televisioun an dem Internetaccès ganz schnell feststellt, datt hei méi sophistiquéiert Aarbecht hannendru stécht.
Alles an allem kann een awer all Naturfrënn einfach nëmmen dozou roden, dës wonnerschéi Regioun a Nordschweden ze besichen an sech dat eemolegt Erliefnis an engem Bamhaus ze wunnen net entgoen ze loossen!