AUSGEFALEN HOTELLEN 3/5: Iwwernuechten ënner Waasser

Bed & Breakfast, Club Hoteller oder All Inklusive ... ass dach ëmmer dat selwecht! Wisou dann net emol an ënner Waasser iwwernuechten?
Am Key Largo zu Florida stéisst ee ronn 6,5 Meter ënnert der Surface op e ganz besonneschen Hotel; den "Jule's Undersea Lodge", also en Hotel ënner Waasser. Fir iwwerhaapt dohinner ze kommen, muss een zwar en Dauchgang op sech huelen, mä dee lount sech definitiv!
Ursprénglech gouf dësen Hotel als Fuerschungslabo genotzt, mä vun engem sterilen Ëmfeld keng Spuer méi! Haut erwaarden d'Gäscht hei komfortabel ageriichten Zëmmeren, déi vun der Dusch iwwert d'Kiche bis hin zu enger Televisioun an enger Museksanlag alles ze bidden hunn, wat een sech nëmme wënsche kann.
Den absoluten Highlight ass awer sécherlech den eemolege Bléck op d'Ënnerwaasserwelt vum Key Largo. Ob e Papagéiefësch oder e Barracuda - et weess een ni, wat als nächst laanscht schwëmmt. Natierlech ass et dann och méiglech, sech vum Hotel d'Dauchausrüstung ginn ze loossen an d'Flora a Fauna op eege Fauscht ze besichtegen.
Alles an allem bitt d'Jule's Undersea Lodge een eemolegt Erliefnis, a ween eemol an dësem Hotel Moies erwächt, während eng Koppel Engelsfësch zur Fënster erakuckt, wärt dat wuel ni méi vergiessen ...