Bed & Breakfast, Club Hoteller oder All Inklusive ... ass dach ëmmer dat selwecht! Wisou dann net emol an engem Prisong iwwernuechten?

Zu Luzern befënnt sech esou een Hotel am Prisongs-Stil. Matten an der historescher Alstad hunn Touristen hei d'Méiglechkeet erauszefannen, wéi et sech ufillt an enger Zell ze iwwernuechten, ouni dofir mussen eng ze stiichten.

Wéi an all anerem Hotel, ginn et awer och hei verschidden Zëmmer-Kategorien. Vum normalen Zëmmer (enger hondsgewéinlecher Prisongszell) bis zu der Suite, déi am fréiere Büro vum Prisongsdirekter ageriicht gouf, ass fir all Usproch eppes gebueden.

RTL

Sech eng Kéier fille wéi e Prisonéier...

Et ass sécherlech net jidderengem säi Goût, mä oft héiert ee jo vu fréieren Inhaftéierten, d'Zäit am Prisong hätt si geprägt an zu enger neier Liewensastellung bruecht. Wee weess, vläit kéint eng Vakanz an dësem Hotel jo och Äert Liewe nohalteg veränneren...

Eng ausgefalen Destinatioun fir d'Vakanz ass et allefalls!