Dës Kéier mécht sech de Schmisi am Kambodscha op d'Sich no de Spuere vum brutale Regime vun de Khmer Rouges, déi dësem Land vill Leed bruecht hunn.

Siem Reap huet awer net nëmmen Tempelen ze bidden, mee kennt leider och eng grausam Vergaangenheet, déi nach net esou laang hir ass.

Dat war d'Zäit vun den „Khmer Rouges“, déi d'Land an eng Diktatur verwandelt haten, vun 1975-1979. Ënnert der Féierung vum POL POT sinn vill Leit zu Doud gefoltert ginn. Fir Munitioun ze spueren goufen se oft net erschoss.

Obwuel dësem Terrorregime 1979 en Enn gesat gouf (duerch Vietnamesen) hate sech Khmer Rouges nach net ganz geschloen ginn an sou hate si sech nach bis 1998 ab und zu manifestéiert.

Net wäit ewech vu Siem Reap leien 2 „Überbleibsel“ aus dëser schlëmmer Zäit.

Engersäits ass et de Landminen-Musee, dee vun engem fréiere Member vun den Khmer Rouges gegrënnt gouf. Dësen „aktiven“ Musée bekëmmert sech ëm verstoppte Minnen (am Buedem) déi nach ëmmer am Kambodscha verspreet sinn. Mir schwätzen hei vun Milliounen!

Vill Minne goufe vun de Khmer Rouges geluecht, fir d'Bevölkerung drun ze hënneren fortzelafen!

An dësem Musée gëtt et en Extrait vun de gesammelte Minnen ze gesinn (an déi verschiddenen Arten), souwéi typesch Khmer Rouges Uniformen an aner vun hiren Accessoiren.

RTL

De Landminnemusée

Et soll een op alle Fall dëse Musée besiche goen, well et ënnerstëtzt een den Proprietär a senger „Entschärfungsaarbecht“ déi vill Sue kascht, mee duerfir der Bevëlkerung hëlleft sech fräi op de Felder nees kënnen ze beweegen.

Anersäits ass nach d'Duerf ANLONG VENG ze besichen. Et ass hei wou 2 wichteg Persounen vun dësem Regime nach ëmmer „present“ sinn. Zum enge gouf hei de Pol Pot no sengem Doud  1998 verbrannt, zum aneren huet en anere wichtege Personnage sech heihinner verkroch an och nach dësen Deel vum Kambodscha bis Enn vun den 90er Joeren regéiert. Et handelt sech ëm de Generol TA MOK. Och haut nach liewe Sympathisanten vun de Khmer Rouges an dësem Deel vum Land.

Wou mir grad beim Thema sinn, 2 fréier Membere vun dësem schlëmme Regime setzen haut an der kambodschanescher Regierung, HUN SEN (Premierminister) an den HENG SAMRIN (Präsident vun der Nationalversammlung)! Si ware virum Pol Pot geflücht.

Fir eng Idee ze kréien wéi déi Diktatur ausgesinn huet, muss een an d'Haaptstad vum Kambodscha, PHNOM PENH, fueren.

Hei ginn et 2 wichteg Saachen ze kucken, déi mat der Vergaangenheet an de Khmer Rouges zesummenhänken. Engersaits de PRISONG „21“, anerersaits d'KILLING FIELDS.

RTL

E Lycée den zu engem Prisong ëmgebaut gouf

Beim TUOL-SLENG-Musée (oder och nach Prisong 21) geet et ëm e Lycée, dee vum Pol Pot ëmgebaut gouf, als Foltergebai. Hei si Mënschen hallef dout gebeetscht ginn. An zwar hat hien a ville Klassesäll Eenzelzelle bauen gelooss. Op engem Stack woren se aus Beton, op engem anere Stack aus Holz. Wa Persounen net vill gepéngescht goufen, sinn se un Honger gestuerwen. A munch Klassesäll si Leit verhéiert ginn, krute Froen gestallt, hu Frënn oder Famill verroden. Nodeems se uerg gefoltert goufen, koumen se op „KILLING FIELDS“, déi lescht Statioun. Hei kruten se der dunn nach mam Bengel (oder ähnlechem) soulaang bis se doud an d'preparéierte Massegraf gefall waren.

Wéi ech am Prisong ronderëm gaange war, Fotoe vun Prisonéier gesinn hat (an hir Foltermethode gelies hat) ass et mir kal de Réck erof gelaf. Well op de Fotoe waren net nëmmen Fraen a Männer, mee och Kanner déi hei ëm d'Liewe koumen.

Killing Fields ass nach méi onheemlech. Et gesait een nëmmen nach Iwwerreschter vun de Massegriewer, wou bis dato 8000 Skeletter fonnt goufen an déi an der STUPA exposéiert sinn. Vill Massegriewer goufen aus Respekt virun den Doudegen net opgemaach. All Joers, an der Reenzäit, bréngt d'Natur nees nei mënschlech Kierperreschter zum Virschäin oder deckt e puer Fatzen (vun aler Kleedung) nees op. Vu munch Plazen aus konnt ech einfach keng Foto man, dat war einfach ze schlëmm. Beispillsweis, d“Khmer Rouges haten och Bébéen embruecht, op eng däiwelech Aart a Weis déi ech hei net wëll beschreiwen. Souvill sief verroden: et iwwersteigt all verstänneg Moral!

RTL

Sou gesi Massegriewer aus, si sinn haut ganz bewuess

Komme mer, zum Ofschloss vun Blog 43, zu eppes méi Erfreelechem: dem Iessen am Kambodscha.

Perséinlech hat ech zu Lëtzebuerg e bëssi Erfahrung mat asiateschem Iessen. Mee wann een da wierklech an de Länner ass wou vill Iessen op Räis baséiert, fënnt een dat op eemol och ganz gutt.

Zwar hat ech probéiert oft Fotoe vu mengem Iessen ze man (speziell an Asien), mee et ass net simpel Platen mat hirem Numm ze nennen. Egal wéi, ech hu bal ëmmer gutt a gesond giess. :)

Schmisi on World Tour (43): Kambodscha (2)
An dësem Video gesitt der eng al Sendestatioun vun de Khmer Rouges, kritt e puer Andréck aus dem "Prisong 21" an et geet mam TUK-TUK duerch Phnom Penh.