Dës Kéier geet et fir d'éischt op d'Plage vu Kambodscha, éiert um Wee fir an de Vietnam en Tëschestopp an der Stad Kampot gemaach gëtt.

Een Deel vum Kambodscha läit um Mier, dat heescht, et gëtt och eng kleng Partie mat Plage.

Fir dohinner ze kommen, verléisst een d'Haaptstad a fiert op SIHANOUKVILLE. Dës Stad dréit zwar de Numm vum fréieren Kinnek Sihanouk, mee ass awer alles anescht wéi kinneklech: vill Knascht, näischt ze kucken an Industrieanlagen um Hafen. Allerdéngs muss ee mam Bus heihinner kommen, wann een d'Plage wëllt kucke goen. Well ronderëm d'Stad verspreet leien se.

Déi Plage, déi ech erausgesicht hat, an déi zimlech ofgeleeë läit, ass OTRES BEACH.

Otres Beach huet e puer kleng „Hotellen“, ganz simpel mee roueg. Et ass awer net nëmme roueg, well net vill do lass ass, mee och well ab und zu de Stroum fortgeet. Ech war 3 Deeg do, a munchmol owes, no engem klenge Stuerm, war dësen Deel stackdäischter.

RTL

D'Landschaft ronderëm d'Plage vu Sihanoukville

An deem Fall gëllt (sou och fir kleng Insele weltwäit) ëmmer eng Täscheluucht owes matzehuelen, well do et öfters ka sinn, dass Stroumausfall ass.

Munch Inselen bei Sihanoukville sinn mëttlerweil verkaf : entweder u Chinesen oder u Vietnamesen. Dat trauregt dorunner ass, dass d'Chinesen net vill Respekt virun der Natur hunn! Dat heescht, dass se des Inselen kafen vir iergend en topesche „Resort“ ze bauen, op Käschte vun der Natur.

Mee wat wëll ee man wann d'kambodschanesch Regierung méi un de Suen interesséiert ass, wéi um Schutz vun dësen Ökosystemer.

No e puer Deeg Plage a Mier, ass meng Rees weidergaang, ëmmer méi a Richtung vietnamesesch Grenz.

Do gëtt et eng kleng Stad mam Numm KAMPOT. Déi meescht Leit wëssen vläit knapp, wou dat leit, mee hunn vläit schonns de Numm „Kampot Pepper“ héieren, deen an der Welt net ganz onbekannt ass.

„Pepper“ oder op lëtzebuergesch „Päffer“, ass e Stéchwuert fir dat nächst Thema anzeleeden.

Zu Kampot ass et roueg, keng Hektik a vun hei aus kann een e puer Dagesausflig plangen. Een dovunner hat ech gemaach, an zwar de folgenden: ënnerwee mat mengem Tuk-Tuk (de Chauffer dovunner war en plus eise Guide) sinn mir duerch kleng Dierfer gefuer. Hei begéint ee vill Kanner, déi ëmmer virwëtzeg sinn aus wat engem Land ee kennt. Lëtzebuerg ass wéi ëmmer zimlech „geheimnisvoll“ well se dat nach ni héieren hunn oder net wësse wat et hei am Ländchen sou gëtt. Et waren och d'Kanner, déi eis Touristen de Wee, iwwert d'Räisfelder gewisen hunn, fir eis dann Höhlen ze weisen.

RTL

Keng Retouche: D'Räisfelder si wierklech esou knallgréng

Den 2. Deel vum Ausfluch war d'Visite vun enger Päffersplantage. Ganz interessant, leider war keng Saison vum Päffer, wat heescht, dass d'Kären nach ganz kleng waren. Mee egal, ech weess lo op mannst, wéi esou eng Päffersplanz ausgesäit.

Beim 3. Deel hate mir den Tuk-Tuk géint e Boot agetosch a sinn op „Rabbit island“ gefuer. „Rabbit island“ ass nach eng relativ roueg Insel, awer nëmmen an der Woch. Um Weekend kommen och vill Einheimescher heihinner. Si läit 5km virun der Uertschaft KEP.  Op der Insel sinn e puer einfach Schloofméiglechkeeten, déi et engem erméiglechen, e ganzen Dag do ze verbréngen an réischt den aneren Moien nees zeréck op Festland ze fueren.

RTL

En Tuk-Tuk aus dem Kambodscha

KEP war den 4.ten a leschten Deel vun der Tour. Hei si mir zwar just duerchgefuer, mee déi vill verloosse Villaen (déi nach vun de Fransouse gebaut goufen) sinn net ze iwwersinn. Kampot huet och vill verfalen Haiser (wou d'Fransousen och hier Fanger am Spill haten) an déi zum Deel vun de Khmer Rouges beschiedegt goufen.

Den Dag drop hat ech Kampot nees verlooss a sinn an de Vietnam gefuer.

Schmisi on World Tour (44): Kambodscha (3)
Am Video gesitt dir e puer flott Biller vun de Räisfelder, an der Bootstour a Richtung "Rabbit Island" grad ewéi eng Zeen aus dem Alldag am Kambodscha.