Blog 45: Vietnam - Ho Chi Minh City a Mekong Delta

Dës Kéier verschléit et de Schmisi op Ho Chi Minh City am Vietnam. Et ginn Andréck aus dem Mekong Delta an de Schmisi erkläert den Terme "Agent Orange".
Main Dagesziel war SAIGON oder och lo HO CHI MINH CITY genannt, am Vietnam. Vir dohinner ze kommen souz ech deen Dag als eischt an enger Camionette bis bei vietnamesch Grenz.
Grenziwwergeeng op beiden Saiten (Kambodscha a Vietnam) waren easy an et war kee Stress.
Duerno goung et mat engem klengen Bus e puer Stonnen op dei next gréisster Busstatioun. No baal 2 Stonnen waarden, sinn ech (zesummen mat 2 Engländer) an déi Camionette komm, déi eis op HO CHI MINH CITY bréngen soll.
Schon op deser Rees ass mir direkt eppes opgefall: vill méi Leit wéi am Kambodscha. Mir waren stonnelaang laanscht Haiser gefuer, sëllen war mol e bessi Natur datëschent.
Waat moies um 9 Auer ugefaangen haat, war nuets um 23 Auer eriwwer an ech sinn a main „guesthouse“ zu Ho Chi Minh City komm („Gasthaus“ , e bessi ähnlech wéi en Hotel awer vun enger Famill gefouert).
Main „guesthouse“ haatt sech an enger Gaass verstoppt (eng typesch Foto vun esou enger Gaass fannt dir bei mengen Fotoen). Hei wunnen – e bessi hannerwanntz – iwwerall Leit. An sou engem engen System existéieren naatirlech keng Autoen, just Motorrieder. An d'Leit fueren mat hieren Motorrieder bis virun oder esouguer an d'Haus eran!

Waat vir Amsterdam déi vill Véloen sinn, ass vir Ho Chi Minh City déi enorm Quantitéit un Motorrieder. Et gett geschaat dass et ongeféier 10 Milliounen Motoen an deser Stadt ginn !
Daat heescht am beschten an am schnellsten kennt een mam Moto vun A no B. Zu Fouss kann een och do goen, allerdengs soll een keng Angscht hunn wann een iwwert Strooss geet. Motorieder bleiwen – am Prinzip – net stoen, mee fueren ronderem een. Also huet een am beschten lues, Stéck vir Stéck weider ze goen, da klappt daat schon. Motorieder kenne aus all Riichtung kommen, mee kee Problem sie tuuten vir ze warnen dass se kommen. Verréckt nozekucken ass och d' „rush hour“ (also de Féierowend) wann Motorrieder baal non-stop circuléieren, einfaach immens deem e puer Minuten nozekucken.
Déi meescht Touristen kommen heihinner vir e puer Saachen kucken ze kommen : de Kriichsmusee, „Cu Chi tunnels“ oder d'MEKONG DELTA.
De Kriichsmusee behandelt de Vietnamkriich, an zwar aus der Siicht vun de Vietnamesen. Villes vun deem waat een hei gesait, ass alles anescht wéi schéin, jo souguer grausam. Ugefaangen bei de verschiddenen Waffen déi benotzt goufen bis hinn zu Fotoen vun Affer. Et war ziemlech roueg am Musee, waat och domadder ze dinn haat, dass déi meescht Leit einfaach nëmmen geschockt woren, virun allem vun de Fotoen vun entstalltenen Menschen.

De Krichsmusée zu Ho Chi Minh City
De Vietnamkriich ass ze komplex vir lo hei ze erklären, mee eng Saach well ech gären hei uschneiden: AGENT ORANGE. Ennert desem Numm versteet een en Herbizid, also e Mittel daat d'Onkraut futti mescht. Dest Mëttel ass och am Vietnamkriich vun den Amerikaner zum Asaaz komm. Ziel war et Bëscher a all Gréngs ze zerstéieren, vir esou kenne ze gesinn WOU Vietcong (daat waren déi kommunistesch Vietnamesen géint déi gekämpft gouf) sech giffen ophaalen. Daat Katastrophalt bei deser „Waff“ sinn awer Konsequenzen. Net nëmmen Natur ass do komplett krepéiert, mee och d'Leit hunn schlëmm Schied dovunner gedroen. A well dest Mëttel an d'Grondwaasser gaang ass, sinn och haut nach vill Kanner déi mat grausamen Behënnerungen zur Welt kommen.
Wéi gesoot e puer vun desen Grausamkeeten sinn als Foto (am Musee) festgehaal. Ech muss soen ech haat de Courage net vir daat ze fotograféieren, et ass einfaach gruggeleg. Op der aanerer Sait encouragéieren ech jiddfereen – falls schons zu Ho Chi Minh City – desen Musee kucken ze goen!
Eng aaner beléiwten Tour ass déi déi bei „Cu Chi tunnels“ geet. Bei desen Tunnelen handelt et sech em en komplext Tunnelsystem daat am Vietnamkriich permanent vun de Vietcong benotzt gouf. Et sinn ganz schmuel Tunnelen, duerch déi sie schnell waren an onentdeckt virun den Amis bliwwen waren. Zu desem Zaitpunkt haat de System eng Längt vun 200km ! Haut sinn déi meecht verschoot. E Mini-Stéck ass vir Touristen op an gouf „re-aménagéiert“ : en Originaltunnel haat eng Héicht vun ca. 80 cm an 60 cm breet. Den „Touristentunnel“ huet elo eng Héicht vun 120 cm an 80 cm breet. Ech haat desen Deel ausprobéiert an eppes kann ech soen: et ass onheemlech, an ech kann mir nëmmen virstellen dass et am Kriich – mat nach méi enken Tunnelen – ganz fuerchtbar huet misse sinn. Also mai Message ass: Leit mat minimaler „Platzangst“ sollten do guer net erangoen. Net nëmmen ass et enk, mee et ass schwaach beliicht, an daat mescht Saach nach méi schwéier.
Da muss ech nach eppes negatives erwähnen waat Vietnamesen bei deser Tour ubidden. Et gesait een Tunnelen, kritt verschiddenen Faalen gewiesen (déi deemols benotzt goufen) an, an elo kennt et: et huet als Tourist méiglech mat Waffen ze scheissen op engem Schéissstand, eigentlech direkt do wou virun gudd 30 Joer Leit embruecht goufen. Daat fannen ech eng reegelrescht Frechheet!
De Problem ass: genuuch Touristen schengt daat irgendwéi net ze kraazen. Tjo, mir ass daat baal virkomm, wéi wann och Vietnamesen (déi daat héi ennerstëtzen) naischt aus der Vergaangenheet geléiert haaten! Also mai Root: Loost d'Fanger dovun a huet Respekt mat deenen Persounen déi héi hiert d'Liewen geloos haaten! Gidd laanscht de Schéissstand!
Zum Schluss vun desem Blog well ech op e freelecht Thema kommen: eng Dagestour bei de MEKONG DELTA.

Um Mekong Delta
De Mekong Delta ass geprägt duerch de Flooss MEKONG, deen sech hei duerch daatduerch schlängelt. Mekong Delta selwer huet ongeféier eng Gréisst vun 39.000 km2.
De Mekong Delta ass bekannt vir seng vill „Hausbooter“, wou d'Menschen dran lierwen. Déi meescht vun hinnen sinn Händler an esou entsteet „e schwammenden Maart“, wou villes ausgetoosch gett. Leider ass et mëttlerweil esou dass den Auto oder Camionette Booter um Mekong e bessi verdréngt hunn, mee ginn nach ëmmer gennuch déi héi circuléieren.
Op desem Ausfluuch kritt een dann, an klengen Dierfer (déi op de verschiddenen Inselen léien) eenzel Produiten gewiesen, déi een mat Reis hierstellen kann. Vill vun dese Produiten ginn och am Alldag konsuméiert, wéi beispillsweis de ganz rengen Reisdeeg vir frësch Frühlingsrollen ze maan. Eng aaner Saach ass de Reispopcorn (eenzel) oder zesummengepecht mat e bessi Hunneg iwwerzunn.
Um Enn vun deser Tour ass een entweder puppsaat giess oder doudmidd vun de villen Saachen déi een arlierwt oder geknipst haat :)