En Ausfluch bei de Johann Lafer op seng "Stromburg"

De Johann Lafer ass tatsächlech Besëtzer vun enger Buerg. Et gëtt deemno an iwwer 1.000 Joer alem Gemaier opgedëscht.
D'Stromburg, Wunnsëtz vum « deutschen Michel », ass eng idyllesch Plaz am Naheland, eng 150 Kilometer vun der Stad Lëtzebuerg ewech. Am Stiedche Stromberg ass een houfreg op de prominente Matbierger. Well duerch de Mediestar Johann Lafer passéieren do vill aner bekannt Perséinlechkeeten fir sech vum sympatheschen Éisterräicher kulinaresch verwinnen ze loossen.
Eng Partie dovunner mellen sech dann och direkt am Kichestudio zu Guldental un. E ganzen Dag als Normalstierflechen dem Meeschter iwwer d'Schëller kucken a nieft him e komplette Menu zoubereeden; extrem beléift, Waardezäit allerdéngs ongeféier 2 Joer.
Hei ass och den hauseegene Foto- an Téléstudio wann mam Horst Lichter oder aneren Toques blanches enregistréiert gëtt.
AUDIO: Op Besuch beim Johann Lafer - e Reportage vum ChristianSchmit