MAILAND: Déi schéinste Plaze vun der italienescher Stad

D'Raphaëlle Dickes war mam RTL-Mikro am Norde vun Italien ënnerwee, nämlech zu Mailand, an huet eis flott Andréck vun der italienescher Stad matbruecht.
De beschten Ausgangspunkt fir d’Stad einfach mol ze spieren, ass matten an den Zentrum bei den Doum ze fueren an dann d’Galleria Vittorio Emmanuele Due ze entdecken, dem Stéier vun Turin op säi bescht Stéck trëppelen an dono am Bar Camparino en italienesche Kaffi ze drénken.
AUDIO: De Reportage vum Raphaëlle Dickes (1).


Schon am Mëttelalter huet sech e ganze System vu Kanäl duerch Mailand gezunn. Dat fir d’Stad ze bewässeren, awer och fir Saachen ze transportéieren. De ganze Marber vum Doum zum Beispill, gouf schon am 13te Jorhonnert vum Lago Maggiore iwwer d’Kanäl op Mailand geschëfft. Haut si just nach zwee Kanäl iwwreg, an et fuere just nach Touristeschëffer driwwer. Ma am Quartier hu sech eng sëllegen Antiquairen an aner Vintagebuttécker néiergelos. An owes spillt sech d’Mailänner Nuetsliewen laanscht den Naviglio Grande of. Trotz dem villen trëppelen, Féis wéi huet eis Reporterin op der Plaz nach net...
AUDIO: De Reportage vum Raphaëlle Dickes (2).


D’Adress vum Juliana sengem Vintage Buttéck Superfly : Ripa di Porta Ticinese, 27 20143 Milano
De Lëtzebuerger Designer Christophe de la Fontaine lieft zanter 10 Joer zu Mailand an huet ënner anerem fir grous Nimm wéi dem Patrizia Urquiola geschafft. Viru kuerzem huet hie mat senger Fra en eegent Editiounshaus gegrënd. Eis erzielt en beim Mëttegiessen iwwer d’Liewen hei an der Stad a wat een net verpasse sollt. Och d’Designerin Dunja Weber liewt zu Mailand. Hei ass hier Lëscht mat Suggestiounen, wat een op kee Fall verpasse soll: Seng Tipps fann dir als PDF an eise Links.
AUDIO: De Reportage vum Raphaëlle Dickes (3).

Zanter 2007 ass am Palazzo dell’arte den Triennale Design Museum. Et ass dëst dee wichtegsten Design Musée a ganz Italien, deen all Joer nei Themen opgräift.
AUDIO: De Reportage vum Raphaëlle Dickes (4).
An der Fashion Metropol ass et nawell geleefeg, e “Personal Shopper” ze buchen. Hien – oder éischter sie – kennt di bescht Adresse, wees wat grad in ass a gëtt engem eng éierlech a professionnel Berodung.
D’amerikanerin Melanie Payge liewt zanter 20 Joer zu Mailand a kennt d’Stad wéi hier eegen Täsch. Souguer lëtzebuergesch Klientele froen hier Servicer. Eis verréid se, di neisten Trends a wou een och am berühmten Quadrilatero della Moda mi bëlleg akafe kann.
AUDIO: De Reportage vum Raphaëlle Dickes (5).
