Eng Rees mam Auto duerch Südkorea

Ma Südkorea huet net nëmme grouss Stied ze bidden, mä och eng wonnerschéi Natur.
"An nyeong ha se yo", dat heescht "Bonjour" op koreanesch. An domatten wëllkomm am Land vun Hyundai, Kia, Ssang Yong a Samsung.
Effektiv, ech war iwwerrascht wéi Südkorea säi Verkéierssystem am Grëff huet. Fläiss an Disziplin läit an hirer Natur.
Dat gëllt och fir d’Autofueren. Den asiatesche Stroosseverkéier bréngt ee jo gemenkerhand mat vill Chaos, Getuuts a Gestikuléieren a Relatioun.
Mee net esou a Südkorea. Dem Land vun der "Morgenstille" um japanesche Mier geleeën, mat just enger Grenz zu Nordkorea. A vun do, resp. an déi Richtung leeft jo wéineg, fir net ze soen guer kee Verkéier.
Déi éischt Fuerimpressioune ginn et schonn um Flughafen. Dee läit op enger Insel, 52 Kilometer westlech vun der Haaptstaad Seoul. Déi 12,3 Kilometer laang Incheon-Breck iwer d’Mier, ass en impressionant Bauwierk.
Seoul, esou hat een am Guide gelies, huet 12 Milliounen Awunner. Rechent een dann nach déi sëlleche Quartieren an der Péripherie dobäi, da kennt een op no bai 20 Milliounen Leit. Een Drëttel vun der Populatioun. Ma dat ka jo heiter ginn.
Mee weit gefeelt. Déi 4-Spureg Autobunn ass zwar vill befuer, mee stop and go oder kilometerlaang Stauen ginn et keng.

Ma Südkorea huet net nëmme grouss Stied ze bidden, mä och eng wonnerschéi Natur.
De Klaxon huet och Paus, genee wéi Gedrecks an aggressivt Fuerverhalen. Ganz "gentle" gëtt am Sënn vum Wuert matenee gefuer.
D'Südkoreaner sinn d’Rou selwer, frëndlech an zeréckhalend, och mäi Mann hannert dem Steier, den Ho Bo Chang. Iwwregens mengt elo net et misst ee Kapitalist sinn fir sech de ganzen Dag mam Erdgastaxi kutschéieren ze loossen. Jo Taxien an ëffentlech Verkéiersmëttel hunn de sperregen LPG-Tank u Bord.
Fir den Ho Jo Chang oder engem vun de 36.000 Taxien zu Seoul si fir 7 Stonnen Sightseeing Tour grad mol 100 000 Won fälleg.
Dat sinn mol keng 70 Euro. An du sëtz an enger klimatiséierter Hyundai Limousine, an hues Chauffeur a Guide an enger Persoun. Wann dat dann mam Versteesdemech klappt. Double Check ass bei all Ausfluch dach unzeroden.
Do läit et op der Hand dass ee sech bei deem Prais net selwer hannert d’Steier setzt. Et kéint ee schon en Auto lounen, mee wéisou eigentlech. Taxien sin emmer disponibel, 24 Stonnen op 24, an et gin 4 Kategorien.
Standard, International, mat Chaufferen déi eng Dozent Wieder englesch méi kënnen, Jumbo fir grouss Familljen, an Deluxe wann et beim Confort u näischt soll feelen. Un déi Sëtzpositioun hanne riets amplaz vir lenks, huet ee sech séier gewinnt.
Sprit ass zimlech deier, de Liter Super fir 1.35, an den Diesel fir ëmgerechent 1,23 och nach héich.
Ënnerwee mierkt ee séier, di koreanesch Produkter dominéieren total. Am Seoul Business District do wou och di auslännesch Ambassaden leien ass emol en europäescht Fabrikat ze gesinn.
Och Luxusmodeller komme mëttlerweil aus koreanescher Produktioun. Equus beispillsweis ass d’Nobelmarque vu Hyundai an dem Staatspräsident seng Kaross. Präis an der Topversioun : 145 Millioune Won, dat sinn ëmgerechent 97.000 Euro.
Gläicht dofir enger S-Klass vu Benz wéi aus dem Gesiicht geschnidden, e V8 an eng Kühlerfigur inclus.
Wien d’Luxusmodeller vu KIA, de K7 oder K9, resp. Genesis fiert, ass och bei de Leit. Do ass een dann awer scho mat ëm déi 50.000 Euro dobäi.
Et fällt engem op, dass och op gutt ausgebauten Autobunne kaum iwwer 100 gefuer gëtt, Automatik op Drive a matgecruist. Kuerz drop kënnt d’Explicatioun. Et wimmelt nëmmen esou vu Radarkontrollen. De Navi mellt dat akustesch vehement.
D'Koreaner hunn sech bei hirem Verkéierssystem um amerikanesche Modell inspiréiert. D’rout Luuchten hänken an der Mëtt vun der Kräizung, vill Verkéiersschëlder kéinten och esou zu New York oder LA stoen. Ah nee iewer net, well a Südkorea sinn dës zweesproocheg, koreanesch an englesch.
An och an dësem asiatesche Land mécht sech de Moto an de Vëlo well rar. Vill méi Fräizäit wéi elementart Fortbewegungsmëttel.
Korea baut selwer Motorieder. Kymco an Daelim deelen sech hei de Marché.
Opfälleg onopfälleg léisst et sech duerch dat südostasiatescht Land reesen. Dat gëllt och fir Métro, Zuch a Bus. Penibel propper a pénktlech op d’Minutt.
Zanter 2004 bréngt KTX, déi südkoreanesch Form vum TGV, Iech rapid gënschteg a confortaabel vun Stad zu Stad.
Wie mam Bus ënnerwee ass, kënnt och gutt virun, well et gëtt eng blo marquéiert Prioritéitsspuer.
Sou si mir dann no knapp 2 Wochen erëm heem gereest, an iwwer de Wolleken hu mir déi vill Andréck vu Südkorea Revue passéiere gelooss. Engem Land wou Fläiss an Disziplin d'Leit "viru" bréngt, an dat am duebele Sënn vum Wuert.