E Stadkär, deen ausgesäit wéi e Schampesstopp, an de Ruf, d'Haaptstad vun den Outleten ze sinn: Dat ass Troyes, déi al Haaptstad vun der Champagne.

Dierf een iwwerhaapt am Hierscht oder Wanter an d'Champagne fueren? An dann och nach op Troyes an net op Reims oder Epernay? Et dierf een! A sief et nëmmen, well ee Schampes, dees Richtegen, fir d'Fester kafe fiert, well dees gëtt och do gemaach. Och wann - dat sierf hei direkt gesot (Dir Musel-Wënzer sidd berouegt) - den Hiwäis "Champagne" op enger Fläsch nach laang (!) net heescht, datt en automatesch besser wier wéi Crémant. (Zum Gléck.)

Voilà, ceci dit, kann et dann elo lass goen. Wann een iwwert d'Autobunn fiert (via Metz a Châlons-en-Champagne) sinn et zimlech genee 325 Kilometer bis op Troyes. Dofir brauch een eppes méi wéi 3 Stonnen. Firwat Troyes elo net grad zu den "destinations favoris" vun de Lëtzbuerger an der erweiderter Groussregioun gehéiert, ass schwéier ze soen. Vläit ass déi banalst Erklärung, déi Richtegst: Et läit eben net direkt op der Streck op Paräis.

Trotzdem ass Troyes eng Rees (oder en Trip) wäert. Ech behaapten aus dräi, fir muncher ee vläit esouguer aus véier Grënn. Gi mir der Rei no vir.

1) D'Alstad

Troyes ass déi al Haaptstadt vun der Champagne an huet als solch eng ganz flott Alstad. Vun uewe gekuckt an op de Stadpläng dacks extra ervirgehuewen, huet de Stadtkär de Profil vun engem Schampesstopp. Dat passt natierlech wéi d'Fauscht op d'A, well och an der Géigend vun Troyes gëtt Schampes gemaach - wann och manner wéi zu Reims an Epernay, wou et jo déi dräi anscheinend beschte Lage ginn: Côte des blancs, Vallée de la Marne a Montagne de Reims.

RTL

Hutt Dir en erkannt, de "Stopp" vun enger Schampesfläsch, deen d'Alstad bilt?

An der Géigend vun Troyes zielt just ee klengt Gebidd zu der Ubaufläch vum Schampes, e bëssi méi wäit ëstlech a südëstlech, an der Aube, gehéieren dann awer nach méi Wéngerten dozou.

Zréck zu der Alstad mat hire ville Fachwierkhaiser, an där natierlech déi gotesch Kathedral St-Pierre-et-St-Paul en absolute Must duerstellt, och wa just ee vun den 2 Tierm (66 m héich) fäerdeg gebaut gouf. Et ass sécher net déi eenzeg Kierch zu Troyes, mee et ass déi, déi een net verpasse sollt! Alleng scho wéinst deene wonnerbare Fënsteren.

2) D'Butteker

RTL

Zu Troyes gëtt et awer net nëmmen Ales ze kucken, mee och Neies ze kafen. Troyes behaapt nämlech vu sech selwer, d'Haaptstad vun den Outlet-Butteker ze sinn an ass en echte Shopping-Eldorado - wien hätt dat geduecht? Mam Slogan "240 grandes marques à prix réduits" lakkelt zum Beispill d' "Marques Avenue" an hiren "Outlet Shopping Centre". An der Mëtt steet iwwregens och e Schëld mat den Distanzen zu den anere Filiale vu "Marques Avenue". 248 km sollen et si bis op déi vun Talange bei Metz.

Zu Troyes selwer ginn et mindestens 3 "Dierfer" mat Fabrikantebuttiken. Dat ka sech demno wéi rentéieren, et gi Geschäfter, déi garantéiren nämlech e Virdeel vu mindestens 30 Prozent par rapport zum eigentleche Präis ...

3) D'Ëmgéigend

Troyes läit an enger Géigend, déi net knéckeg ass, wat Schéinheeten ugeet. An éischter Linn wier do de Bësch an de Séi vun Orient ze nennen, ee flott "Noerhuelungsgebidd" an dat sech esouguer d'Paräisser entspane kommen.

Dann, net ze vergiessen, "la route du Champagne" duerch den Departement Aube en Champagne, ëstlech vun Troyes, wou si zwar net dee renomméiertste Schampes, awer trotzdem zum Deel ganz leckere maachen, zum Beispill an der Côte des Bar. A maacht roueg en Ofstiecher op Landreville; och an de klenge Kellereien ass ee wëllkomm ...

Eng interessant Wäin-Decouverte kann och de Rosé vu "Les Riceys" sinn, anscheinend de Lieblingswäin vum Louis XIV.

Dat vläit schéinsten Duerf an deem Eck ass Essoyes, an dat sech de Moler Renoir sécher net ouni Grond 25 Joer laang all Summer zréckgezunn huet.

RTL

Op zwee lescht Dierfer sief nach higewisen: Clairvaux (net ze verwiessele mat Clervaux), wou de Bernard vu Clairvaux am 12. Joerhonnert eng ganz bedeitend Abtei vun de Zisterzienser gegrënnt huet (all ze vill gëtt et do haut leider net méi ze kucken), a Bouy-Luxembourg, e Kazesprong nërdlech vun Troyes. Dëst Dierfchen awer héchstens wéinst dem Numm usteieren, ausser datt d'Ruelle d'Enfer laangscht d'Kierch verleeft, ass et éischter moer, wat Siten ugeet ...

Um Heemwee, iwwerflësseg ze soen, kann een dann awer och nach dervu profitéieren, zu Epernay oder Reims an eng vun deene grousse Champagne-Kellereien ze sprangen, déi jo zum Deel ganz faszinant Visiten offréieren, mat Zichelcher a Videoshowen, fir de Kult ëm de Schampes um Liewen ze halen ... an de Präis iwwert dee Wee och indirekt ze legitiméieren ;-)

Mam Hiwäis laangscht d'Autobunn "100 kilomètres de caves" fuerdert Epernay zum Beispill d'Automobilisten op, dach net einfach laangscht ze fueren. Bon, wien et mécht, ass selwer schold. Oder eben och net.

4) Andouillettes

Je no kulinaresche Virléifte gëtt et da vläit nach e 4. Grond, fir op Troyes ze fueren an dat ass d'Spezialitéit aus der Stad: les Andouilletes de Troyes. Et handelt sech dobäi ëm eng Wurscht aus dem Daarm an dem Mo vum Schwäin (méi seele vu Kälwer a Kéi). Si ass am Prinzip manner staark gewierzt wéi eng Andouille, doduerch trëtt awer de Goût vun den Innereie méi an de Virdergrond. Avis aux amateurs also ...