Em 5.30 moies haat de Wëcker gerabbelt an ech hunn mech pret gemaach vir den Zuuch ze huelen.

Am Vietnam kann een nämlech och mam Zuuch reesen an ech war interesséiert wéi daat giff sou ausgesinn.

Wéi baal bei all Zuuchreesen ginn et e puer Klassen. Ech war an der Mëttelklass. Hei ginn et Kompartimenter mat je 4 Betten plus Klimaanlaach. An der méi bëlleger Klass par konter ginn et 6 Betten ouni Klimaanlaach.

Och wann vill och vietnamesch – zum Beispill – op der Gare stoung, sou konnt ech awer e bessi rausfannen wou ech misst hinngoen vir den Zuch ze huelen.

An mengem Kompartiment souz en vietnamesch Famill, daat heescht Papp, Mamm, e Meedchen vun knapp 10 Joer an nach e klenge Bouf vun 2-3 Joer. Wéi se gesinn haaten wievill Gepäck ech dabei haat, hunn se mir en Bett ginn vir meng Saachen drop ze leen. Daat war fein. Ech konnt och nokucken wéi eng typesch vietnamesch Famill am Zuch esst. D' Iessen war haaptsächlech – wéi keint et aanescht sinn – Räis; duerfir haaten se och e grousst Dëppen mat vill Räis dabei.

Schmisi on World Tour (46): Vietnam
Weider Asien-Andréck vum Thierry Schmitz.

Video01: Ennerwee mam Zuuch Riichtung Nha Trang 1

Video02: Ennerwee mam Zuuch Riichtung Nha Trang 2

Video03: Zu Nha Trang op der Plage

Video04: Déierewelt ass emmer faszinant

Video05: Ech wollt emol vietnamesch Sprooch obhuelen; daat klengt wiitzeg

Ech haat den Zuuch geholl vun Ho Chi Minh op NHA TRANG, enger Küstestaat an Südvietnam.

Obwuel des Stadt net zu mengen Favoriten gëllt, sou muss ech – am Nachhinein - soen dass ech héi een vun de beschten Dagesausfliich vu menger Rees haat. Net nëmmen war den Ausfluuch bëlleg mee en haat och baal de ganzen Dag gedauert.

Vir d'éischt hunn mir moies e Stopp bei engem Aquarium gemaach deen e bessi d'Ennerwelt erklärt ronderëm Nha Trang. Alles ok wann nëmmen net eng 5 Schildkröten an engem ze klengem Basseng missten schwammen ! A propos Schildkröten; hei gouf et och e Basseng baussen. Hei kruet een och Fudder ze kaafen vir entweder de Fësch oder de Schildkröten ze ginn.

Mee irgenwéi haaten Vietnamesen daat e bessi falsch interprétéiert. Zwar haate se d'Fudder verdeelt , awer wollten och domadder Schildkröten laackelen vir se esou kennten ze „hëmmelen“! Eeehh, Schildkröten sinn jo engersaits ganz léiw, mee et ass weder en Hond nach eng Kaz, wëll soen paakt se net un, et sinn nach ëmmer wëll Déieren, déi schons existéiert haaten ier de Mensch opgetaucht ass!

Soss war et awer interessant ze gesinn welch Déieren am Waasser héi am Südvietnam hausen.

Duerno ass op enger klenger Insel (an der Géigend vun Nha Trang) e bessi geschnorchelt ginn. Wien wollt, konnt och vir e puer extra DONG (daat ass vietnamesch Währung) tauchen goen.

Vir d'Mëttegiessen, waat um Schëff war, gouf et Räis, Nuddelen, Geméis, Fësch a Poulet. Duerno haat des Agence (vum Dagesausfluuch) e bessi Entertainement gesuergt an deem Crew vum Schëff zum Orchester gouf. Deen een op der Batterie, deen aaner op der Guitar an nach een um Gesang. A well och ausländesch Touristen um Schëff waren, sinn déi verschiddene Natiounen opgeruff ginn ze soen vu wou se koumen an eppes ze sangen, respektiv hiere „Sänger u Board“ huet gehollef. A mengem Fall, also d'Land Lëtzebuerg, haat mir eppes Franzéisches ugebueden. Naja, daat war zwar net d'Gielt vum Ee, mee op mannst haate d'Leit matkritt dass et e Land mam Numm Lërzebuerg op eiser Welt gett.

Nom Iessen sollt eng kleng Ofkillung jo net feelen....a wéi wier et mat e bessi „Räiswäin“ (eng Zort Drëpp), daat Ganzt servéiert um Waasser an enger improviséierter Bar ?

Lëscht Statioun war am Nomëtteg nach eng aaner Insel wou entweder sech konnt entspannen oder schwammen goen, ier am spéiden Nomëtteg nees alleguerten an eis „Hoteler“ zeréckgefouert goufen.

RTL

Wéi ech op der Promenade spazéiert war (déi direkt nierwend der Plage leit) haate mech öfters sougenannten „Easyriders“ ugeschwaat. Daat sinn einheimesch Motocyclisten déi den Touristen en aanert a oft manner bekannten Vietnam kenne weisen. No e bessi verhandelen, haat ech mai Chauffer vir en Dagesausfluuch bei méi eng roueg Plage gebucht. Zu Nha Trang sëlwer ass de Problem deen dass d'Plage direkt nierwend der Strooss leit, wou leider oft Kaméidi duerch Getuuts ass.

Vir awer och net de ganzen Dag op der Plage ze verfaulen haat main „Easyrider“ mech nach bei e puer aaner Saachen geholl, sou zum Beispill bei Fëscherduerf, Salzfelder (jo e bessi sou ähnlecher wéi déi ech an Bolivien gesinn haat, mee am méi klengem) an bei en ofgeleehenem Waasserfall.

Ech erënneren mech nach gudd un d'Plage DOC LET. Et war Sonndeg an et waren nëmmen vietnamesch Famillen um Dill. Daat war scho mol ganz interessant ze gesinn, virun allem Vietnamesen brauchen am Prinzip keng Schwammbox vir an d'Mier ze goen. A selbstverständlech waren e puer vun hinnen mat mir an d'Gespréich komm vir erauszefannen wou ech dann hier giff kommen. Alles an allem en coolen Ausfluuch deen, an daat muss ech och soen, villait net bëlleg war, mee duerfir kann een stoen bléiwen wann a wéini een Loscht huet.