Awer sécher! Matten a München kann ee surfen. An zwar um Eisbach am Englesche Gaart. En Interview mam "Alex aus München", d'Froe si vum Dany Thielen.

Wéini hues du ugefaang ze surfen ?

Ech surfen zanter 1999 an hunn et hei zu München geléiert.

Wat ass mécht de Reiz aus, fir hei um Eisbach ze surfen?

Dat Besonnescht ass natierlech, dass een zwëschent der Aarbecht an der Mëttestonn kuerz surfen ka goen. Dat kann ee jo soss leider néierens, wann ee net grad um Mier wunnt.

Ass et dann net vill méi schwéier, hei ze surfen wéi um Mier?

Nee, ganz am Géigendeel. Et ass vill méi schwéier, et um Mier ze léieren. Well am Géigendeel zum Mier weess een hei, wou d’Well ass, et muss een och net fir d’éischt bis bei d’Well paddelen.

Fir déi, déi bis elo just um Mier gesurft sinn, ass et awer dacks méi schwéier um Eisbach, well si et net gewinnt sinn.

Et gëtt zu München jo schon eng relativ grouss Surferzeen, wéi ass et dann elo wann een als Tourist hei surfen wëll?

Ech fannen, et soll ee jiddwereen encouragéieren, deen hei surfen wëll. Jiddwereen huet hei kleng ugefang an huet et als éischt léiere missen. Wann awer elo immens gutt Wieder ass, da muss een sech op e bëssi Geraibers astellen, well da vill Surfer hei sinn, déi onbedingt wëllen un d’Rei kommen.

RTL

Eisbach hin, München hier, wou fënnt een dech wanns du um Mier surfs?

Am léifsten an Indonesien, fir Kuerztrips fueren ech a Portugal.