Loscht op ee mëttelgroussen Trip an déi däitsch Grenzregioun? Ma wéi wier et da mat der Buerg Eltz an do virdru mat engem Stopp an der Abtei Himmerod?

Si war op enger vun de prestigiéiste Plazen, op déi een als Buerg oder Bauwierk iwwerhaapt lande konnt. D'Burg Eltz war fréier d'Motiv um 500-DM-Schäin vun eisen Noperen. Souvill dierft een där jo net ëmmer bäi sech gehat hunn, dofir huet een hirt Bild vläit net méi grad esou genee am Kapp - ee Grond méi, si mol in realiter kucken ze goen.

A well si schonn ë bëssi verstoppt an den Ausleefer vun der Eifel zimlech no bei der Musel läit, vun der Stad sinn et ronn 150 Kilometer, fir déi een zirka 100 Minutte arechne kann (iwwert d'Autobunn), bidd sech eng kleng Escale ënnerwee un.

Heifir sief d'Abtei Himmerod bei Grosslittgen prposéiert. Si läit zwar net direkt um Wee, et muss een nämlech erof vun der Autobunn A1, mee "elle mérite le détour", géng de Fransous soen.

D'Zisterziensermönchen hu sech nämlech eng wonnerschéi Plaz am Dall vun der Salm erausgesicht, fir hire "Claustrum" opzebauen. De Bernhard vu Clairvaux (an der Lorraine-Champagne) héchstperséinlech soll sech vun der idealer Lag iwwerzeegt hunn.

Op senge Spuere kann hautzedags jidderee wandelen, well Himmerod läit nach ëmmer ganz schéin a Mönche ginn et och nach do. Ze besichtegen ass ënnert anerem hir Kierch, a Buttiker gi lokal oder regional Produite verkaaft an da gëtt et natierlech och nach eng flott Terrass do ... also: avis aux amateurs.

RTL

D'Burg Eltz um ale 500-DM-Schäin ... / © Den däitsche Staat, fonnt bei Wikipedia

Vun Himmerod sinn et dann nach eng ronn 70 Kilometer (ca. 1 Stonn) bis bei d'Burg Eltz. Déi läit bei Wierschem a Rheinland-Pfalz, am Dall vun der Elz, net wäit vun der Musel ewech. Si ass iwwregens déi eenzeg Buerg an der ganzer Eifel, déi ni ageholl oder zerstéiert gouf, mol net während der Franséischer Revolutioun.

Ee Gléck kann een do just soen, esou schéin ass si. Et kann een iwwer e puer Weeër bei se kommen. Entweder iwwert ee laangen Trëppeltour oder et fiert ee mam Auto bis op de Parking virun der Buerg. Do kann een dann entweder e klenge Mini-Bus huelen (fir déi, déi kee Meter zu Fouss goe wëllen) oder et geet een déi lescht puer Honnert Meter per pedes. Dat huet de Virdeel vu ganz flotte Panorama-Vuen ënnerwee, mee zum Schluss geet et zimlech géi biergof ... an dono dann och nees biergop. Noutfalls kann ee jo dann de Minibus fir zréck huelen.

An der Buerg kann een och eppes Klenges iessen oder drénken an d'Buerg selwer kann een och visitéieren, awer just an de Summerméint, just mat engem Guide a just een Deel, si ass nämlech a Privatbesëtz.