Waat ech zu Nha Trang vermësst haat, haat ech zu HOI AN fonnt: eng roueg Plage. Hoi An ass méi kleng, méi kolonial an huet doduerch méi Charme...

Firwaat kolonial? Well vill Gebaier vun Englänner, Franzousen oder Hollänner beaflosst goufen, dei duerch dei gudd Lag vum Hafen ugezunn goufen.

D'Altstadt mat hiere Gaassen war verschount bliwwen vum Vietnamkriich an gouf 1999 vun der UNESCO als Weltkulturerbe erklärt.

Bei den Touristen ass Hoi An awer och nach vir eppes anescht bekannt: an deser Stadt kann een sech all Kleedungsstéck op Moos maache loossen. An daat innerhalb vun 2 Deeg! Et kann een mat enger X-beliebiger Virlag bei Vietnamesen kommen an sie brengen déi Saach dann an d'Réi. A keng Angscht: waat zu Lëtzebuerg eng Raritéit ass – an desem Fall eng Néiesch – gett et zu Hoi An em déi 300mol! Jo, riichteg, baal all Vietnamese déi héi wunnt bidd esou Servicer un Touristen un.

Bei esou vill Méiglechkeeten fir Kleeder – Schong net ze vergiessen – kann een seng Saachen Gott-sai-Dank och heemschécken loossen.

An de wiichtegsten Detail: Är Kleeder op Mooss sinn spottbëlleg!

Schmisi on World Tour (47): Vietnam mat HOI AN
Weider Andréck vum Globetrotter aus Asien.

Video01: Owes an de klenge Stroossen vun der Altstadt vun Hoi An
Video02: Bannendran an de Marble Mountains
Video03: D'Küstenlandschaft an der Géigend vun Da Nang
Video04: Wir verloosen lues awer secher d'Biergregioun
Video05: Sou gesait eng typesch Schnellstrooss am Vietnam aus

Eenzegen Nodeel an deser Stadt ass, dass een baal a keen Buttek kann erangoen fir nëmmen ze kucken. Vill Vietnamesen hunn d'Ugewunnescht Touristen direkt ze iwwerrennen mat Froen: „Kann ech Ierch hëllefen?“, „Waat siicht Dir?“. An soubaal een just an d'Riichtung vun enger Saach kuckt, mengen se du wiers drun interesséiert. Duerfir mai Root: gidd a Moossen akaafen, a verdeelt daat op e puer Deeg, soss kann een mol dronken ginn :)

Well touristesch gi vun hei aus och vill Dagesausfliich organiséiert; sou zum Beispill d'Tempelen vun MY SON (wou ech ganz kloer eng Präferenz vir Ruinen am Kambodscha hunn!) sou wéi op d'Insel - déi vis-à-vis vun der Altstadt läit -  gefuer.

No e puer Deeg „fa niente“ gouf et nees Zait fir Action. Mai Plang war mat engem „Easy Rider“ vun Hoi An op HUE ze fueren. Eengersaits waren Wierderkonditiounen exzellent, aanerersaits wollt ech gär eppes vun Géigend gesinn a puer Tëschestopps aleeën vir Fotoen kënnen ze man.

Moies hat ech main éischten Stopp bei de MARBLE MOUNTAINS an der Géigend vun der Stadt DA NANG.

RTL

Marble Mountains si fënnef grouss Marberstécker déi verspreet nierwend der Stad Da Nang ronderëm léien. Nëmmen een dovunner ass fir Touristen zougänglech. Waat ass elo sou besonnesch un dëse „Bierger“. A bee, bannendran sinn verstoppt Höhlen mat Hindu- oder Buddhastatuen. An des Statuen sinn en Deel vum Fiels, daat heescht se sinn hei ageklappt ginn. Och haut nach ginn des Statuen veréiert. A well a munchen Höhlen net vill Dagesluucht erakennt, fillen sech och d'Fliedermais hei wuel.

RTL

No 2 Stonnen Trapen erop an Trapen erof, hat ech mech nees op de Motorrad gesaat a mir haten Küstestrooss verloos fir duerch Bierger ze gondelen. De Biergpassage hat – nierwend der Landschaft – och en historeschen wiichtege Touristestopp.

Et handelt sech em déi fréier Grenz tëschent Nord an Südvietnam. Hei kann een nach Iwwerreschter vu Bunkeren aus dem Vietnam Kriich gesinn, déi d'Amerikaner opgestallt haten.

Sie waren nämlech der Meenung dass VIETCONG missten dëse Wee duerch Bierger benotzen, falls se weider Liewensmëttel an aaner Saachen briechten.

De Rescht vun mengem „Easy Rider“ Trip goung dann an der Haaptsaach laanscht Reisfelder, ier ech am fréien Owend, sou geint 18 Auer, zu HUE ukomm sinn.