Mir hunn de Raoul Roos fir RTL Radio Lëtzebuerg de ganzen Dag an déi éisterräichesch Haaptstad geschéckt.

A wéi den Zoufall et sou wëll, ass hie mat der Luxair an dat Land geflunn wou haut och nach Nationalfeierdag ass.

Mir schwätze vun Eisterräich a schalten elo an d'Haaptstad op Wien bei de Raoul dee schon dierft beim Kaffisdësch setzen.

AUDIO: De Café Central vu Wien
RTL

Am Café Central kommen d'Frënn vum Schockla an de Séissegkeeten voll op hir Käschten

Ween op Wien reest, deen däerf natierlech de Prater net verpassen. Dëst ass de gréissten Animatiounsparc an Éisterräich an den eelsten aus ganz Europa. Och wann de Prater schonn 1766 opgaangen ass, sou war e fréier just nëmme fir de Keeser zougänglech. Am Laf vun der Joren ass en dann awer och fir de Recht vum Vollek opgaangen.

AUDIO: Wiener Prater: 365 Deeg am Joer op!
RTL

Eng ganz flott Méiglechkeet fir déi wichtegst Sehenswürdegkeeten zu Wien ze gesinn ass de sougenannten "Hop On Hop Off" Bus. Et gëtt een direkt bis bei déi interessantst Plaze gefouert, mat engem Dages-Abonnement kann een esou dacks eran an erausklamme wéi ee wëll an d'Explikatioune kritt een an 12 verschiddene Sproochen.

AUDIO: Hop On Hop Off: Mam Bus duerch Wien
RTL

Ganz bedeitent ass och d'Schloss Schönbrunn mat sengem wonnerschéine Parc, dat zënter 1996 Deel vum UNESCO-Weltkulturierwen ass. E groussen Deel vum Schlass ass haut e Musée, deen ee mat verschiddenen Toure ka besichen. Mä och d'Fans vun der klassescher Musek kënnen hei regelméisseg op hir Käschte kommen.

AUDIO: Schloss Schönbrunn: E Muss fir Klassik-Fans
RTL

-----------------------------------------------------------------------

Oder Dir iwwerzeegt Iech einfach selwer op der Plaz dovun a gewannt eng Rees fir mat der Luxair fir 2 Persounen op Wien ze fléien, inklusiv zwou Iwwernuechtungen an engem 5 Stären Hotel aus dem Metropolis Katalog.

Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "LUXAIR Wien" a mat e bësse Chance sidd Dir geschwënn an der éisterräichescher Haaptstad.