Haut kann ee sech kaum virstellen, dat Shanghai mol ee klengt Fescherduerf war. Iwerall gesäit ee Chantiere, di d'stänneg Wandlung vun der Stad beweisen.

No engem laange Flug land de Fliger endlech zu Shanghai Pudong. Allerdéngs muss sech sou munche Passagéier ganz gedëlleg erweisen. De Grond: D'Schwéngsgripp. A China gëtt am Moment all Fliger kontrolléiert, jidderengem seng Temperatur gemooss an et muss een eng ganz Rei Froen um Gesondheetsformulär, deen ee schonn u Bord ausgedeelt krut, beäntwerten. Eng gutt Stonn muss een op d'Gesondheetskontroll waarden, dono nach eng hallef Stonn fir duerch d'Immigratioun. D'Stëmmung ënnert de waardenen Touristen bleift trotzdem gutt: Ee groussen Deel ass deen Dag extra op Shanghai gereest, fir kënnen an 2 Deeg déi längst Sonnefinsternis vum Jorhonnert mat ze erliewen.

D'laangt Waarden ass et awer derwäert, wann ee bis d'Skyline vu Shanghai ka mat sengen eegenen Aa bewonneren. Iwwerall héich Gebaier, déi an näischt u Lëtzebuerg erënneren. Als Passant kënnt ee sech nierft de Wolkenkratzer vun der Century Avenue richteg kleng vir!

RTL

Shanghai läit am Oste vum Land an ass déi gréisste chinesesch Industriestad. Duerch d'Stad fléisst den Huangpu Floss, dee se an 2 Quartieren trennt: Puxi, westlech vum Huangpu, den eelere Quartier, geprägt vu senge Kolonialbauten, a Pudong, de moderne Finanzzenter vun der Stad, deem seng Skyline a perpetueller Verwandlung ze si schéngt. Zu Pudong befënnt sech och de Shanghai World Finance Center, mat 492 Meter dat héchst Gebai vu China an dat 3. héchst vun der Welt, souwéi de Fernsehtuerm "Oriental Pearl", ee vun den Emblemer vun der Stad.

Mee och am Kolonialdeel vu Shanghai gëtt et genuch ze gesinn. Um Bund kann een net nëmmen déi al Gebaier bewonneren, mee et huet een och eng impressionant Vue op Pudong an d'Skyline vu Shanghai. Am Stadvéirel Xintiandi fënnt een eng Mëschung vun traditionelle Bauten a westlechem Afloss: D'Façade vun de Gebaier goufen hei alleguerten erhalen, mä an den Haiser fënnt ee modern Restauranten a Geschäfter.

RTL

Trafic a Pollutioun sinn zwee vun den Haaptproblemer zu Shanghai, déi jidderengem op den éischte Bléck opfalen. Obwuel d'Stroossen iergendwei eidel schéngen, mussen d'Autofuerer  eng gewësse Gedold opweisen. Och un d'tropescht Klima am Summer muss ee sech als éischt gewinnen: Souguer owes spéit sinn et dobaussen nach bis zu 35 Grad, am Dag kënnen d'Temperature bis op 40 Grad ropklammen. Trotzdeem schéngt et ëmmer méi Leit op Shanghai ze zéien an et ass interessant vu Joer zu Joer d'Verwandlung vun der moderner Stad ze observéieren.

Iwwregens, zu Shanghai gëtt et säit kuerzem och e lëtzebuergesche Produit ze kafen: Wann ee gutt kuckt, da fënnt een an der Metropole nierft all de Leuchtreklammen déi eng oder aner Reklamm fir lëtzebuergesche Béier!