HUE war meng lescht Destinatioun am Vietnam. Ech war leider owes do, dat heescht, ech krut keng Geleeënheet méi, Fotoe vun dëser Stad ze maachen.

De nexten Dag moies fréi haat ech eng Plaaz am Bus reservéiert fir an de Laos ze fueren. Den eischten Deel deen bis bei laotesch Grenz gaang ass, war nach relax. Dunn goung et op der Grenz net schnell weider, daat well eng englesch Lycéesklass (mat hiere Proffer) e puer Areesschwieregkeeten haaten. Daat heescht mir hunn em déi 90 Minuten op der Grenz verluer.

De leschten Deel goung dunn iwwert futtis Landstroossen mat Plaazen wou kee Goudrong méi war oder wou deen scho ganz verlaaf war vun der Hetzt. No Bremsen a Gas ginn de ganzen Nomëtteg sinn mir owes endlech um 19 Auer an der Stadt SAVANNAKHET ukomm; enger Stadt am Laos wou net vill leeft.

Also am beschten de nexten Bus huelen an an Riichtung Vang Vieng fueren. Ech ennerstraichen daat Wuert „einfach“. Et war en Iwwernuechtsbus deen um 20 Auer fortgefuer war, e puer mol ennerwee stoe bliwwe war (vir iessen, drenken an op Toilette ze goen) an fréi moies geint 5 Auer zu VIENTIANE Endstatioun haat.

Schmisi on World Tour (48): Laos, 1. Deel
Vang Vieng, Tubing, Mountain Bike an Höhl ...

Video01: Mam Tuk-Tuk ennerwee op Vang Vieng
Video02: Räisfelder ronderëm Vang Vieng
Video03: Nom „Tubing“ stoung nach Kayak um Programm
Video04: Mam MTB ennerwee ronderem vun Vang Vieng
Video05: Dobannen an enger Höhl
Video06: Eng Höhl vun baussen gefilmt
Video07: Vun der Aussichtsplattform huet een eng flott vue

Do sinn ech vum grousse Bus an e klenge „Bus“ gesaat ginn. Naja, „Bus“ kann een daat definitv net nennen. Ech giff eischter „Remorque vun der Camionette“ soen. Egal wéi war ech dunn no Gewackels a Stëpps vun de Stroossen moies geint 9 Auer zu Vang Vieng.

Vieng Vang huet 2 Gesiichter :

eemol dei roueg Landschaft mat de Reisfelder zweschen Bierger, an deenen déi eng oder aaner Höhl verstoppt ass; gudd verstannen eng Höhl mat engem glaskloeren, killen Waasserlaach.

Grad an der Reensaison – an déi huet sech héi am Laos éischter gewiesen wéi am Vietnam – ass eng frësch Ofkillung an der Höhl besser wéi daat fiicht Wierder dobaussen.

RTL

Op der aanerer Sait „Party“Zone matzen am Zentrum vun Vang Vieng. Hei reihen sech Hostel un Hostel, mat Baren an „asiateschen“ Couchen. Vir dass dem Tourist nëmmen net soll laangweileg ginn, leeft och nach déi ganz Zait Tele mat amerikaneschen Serien. A firwaat grad hei esou vill Ramba Zamba ? Ma well een hei kann „Tubing“ maan.

„Tubing“ waat ass daat? Et handelt sech dobai em e Rëff mat deem een sech am Floss vu Punkt A op Punkt B kann dréiwen loosen. Doteschent ginn et e puer gäckeg Baren mat diverse Dommheeten: e puer Ruutschbahnen asw.

Lo awer nach e klenge, mee wiichtege Détail: hei si mir am Laos an net zu Lëtzebuerg oder Schwaiz. Daat Wuert „Seecherheet“ gett hei net ganz eescht geholl: des Rutschbahnen asw. Sinn net ganz sécher. Et goufen och schons Doudeger oder schwéier Verletztener; am beschten Fanger ewech a loost ierch de Floss erofdréiwen, daat deet manner wéi.

E Réi Aktivitéiten kann een hei zu Vang Vieng maan. Zum Beispill an engem Dag kann een Kayak fueren an Tubing an enger Höhl probéieren.

Tubing an der Höhl haat mir besonneg Freed gemaach, well en sech un engem Seel muss dauernd weiderzéien; den Henneschten ass awer am Reef.

Mee och Fielsklammen war des Kéier nees mat dabei (déi lëschte Kéier war an Bolivien !). Vun de Fielsformatiounen aus haat eng genial Vue iwwert Duerf an d'Reisfelder.

RTL

Op eege Fauscht war ech dunn op Siich no verstopptenen Höhlen. Ech haat mir en MTB gelount a konnt esou einfaach a mat e bessi Effort e puer Höhlen entdecken. Déi meescht Touristen lounen sech direkt e Moto a fueren e bessi ronderem fir dann schlussendlech bei „Blue Lagoon“ ze landen; enger Plaaz bei engem Floss deen Entspannung, mee och Spaass bidden kann.