No 4 Deeg Vang Vieng goung et – via Microbus – op LUANG PRABANG, waat nach weider nördlich leit.

D'Rees bis dohinner huet gudd 6 Stonnen gedauert an do an engem „Bus“ wou et een keng Plaaz - mol net fir Been -  haat.

Waat Vang Vieng un Rambazamba bidd, huet Luang Prabang un Rou. Munch kolonial aal Gebaier sinn renovéiert ginn a bidden Schloofméiglechkeeten.

Luang Prabang huet schéin kleng WATen (e WAT ass en  e Gebai waat vun enger Mauer emginn ass a waat als reliéis Zwecker benotzt gett) déi d'Haaptrelioun vun de Laoten verkierperen, dem „ Theravada Buddhismus“.

Schmisi on World Tour (49): Laos, 2. Deel
Luang Prabang, Elefanten a Waasserfäll ... 9 kleng Clippen.

Video01: Landschaft an der Géigend vun Luang Prabang
Video02: D'Elefanten am „Elefant village“
Video03: Hei setzen ech direkt hannert dem Elefanten sengen Oueren
Video04: Ennerwee bei de Tadthong Waasserfäll
Video05: D'Schwarzbieren bei de Kouang Si Waasserfäll
Video06: De Kouang Si Waasserfall
Video07: Laoten beim „Pétanque“ spillen
Video08: An der Haaptstadt Vientiane ennerwee
Video09: Laotesche Fitnesscours op der Promenade

Och zu Luang Prabang kann een  Kayak oder Velo fueren, Rafting maan an als Highlight d'Elefanten besiichen goen. Wann ech „besiichen“ soen heescht daat dass een 1 bis 2 Deeg bei den Elefanten verbrengen kann. Déi 2 Deeg Optioun war leider net disponibel, mee ech wollt op alle Fall gären des grouss Déieren live materlierwen.

Beim  Dagesaufluuch an d'„Elefant village“ kritt een en Abléck an Dageslierwen vun den asiateschen Elefanten.

Am Laaf vun desem Dag léiert een d'Elefanten als éischt vu waitem kennen, zum Beispill mat wiichtegen Verhaalensreegelen (wéi kommen ech dem Elefant méi no, wéi muss ech dem Elefant sain Verhaalen interprétéieren, asw.).

Den éischten flotten Kontakt mat desem Déier ass d'Fidderen mat de Bananen. Vir e puer Kip (der laotescher Währung) kann een hinnen der eng gudd Dozend ze friessen ginn. Witzeg ass dobai wann hiere Rüssel eis Hand beréiert.

Duerno kennt dann den Haaptdeel, waat och am interessantesten ass: op en Elefant eropklammen, direkt hannert sengem Kapp ze setzen, mat hiem an d'Waasser ze goen AN hien ze wäschen. Jo hien mat enger Biischt ze wäschen an dobai selwer eng Duusch mat sengem Rüssel ze kréien.

Ronderem Luang Prabang leien e puer Waasserfäll, méi oder manner grouss. Vu que dass ech mëttlerweil Übung mam MTB hunn, sinn ech bei TADTHONG Waasserfäll gefuer, net wait ausser vum Zentrum. Hei handelt et sech em e Wanderwee deen laanscht vill kleng Waasserfäll geet an deen net vill besiicht ass (villait well en net esou bekannt ass).

Déi mescht Touristen kommen – wann se Luang Prabang besiichen – wéinst engem aaneren Waasserfall, dem KOUANG SI Waasserfall. Dese leit gudd 25km vun der Stadt ewech. Et ginn 2 klassesch Methoden dohinner ze kommen: per Tuk-Tuk (wann een ze 3, 4 Persounen ass) oder via Moto. Ech perséinlech wollt mech awer e bessi „ofstrampelen“ fir herno mech bei de Waasserfäll auszerouen. Also daat war schon ziemlech hefteg well et permanent erop an erofgaangen ass an et dompeg Wierder war.

Waat schéin un desem Waasserfall ass, ass dass en op e puer „Etagen“ eroffällt. De KOUANG SI Waasserfall leit an engem klenge Park wou och Schwarzbieren lierwen.  Mee et handelt sech heibai awer net em en Zoo, d.h. des Déieren daerf een als Tourist och net fidderen (och wann een „et gudd mengt“), et ass éischter eng Opfangstatiuoun fir dese gemittleche Kadett.

Um Heemwee hunn ech missen bei engem Grupp Laoten stoebléiwen deen am gaangen waren „Boule“ oder „Pétanque“ ze spillen an déi ech dunn och misse filmen.

Nodeems ech nach de „Nightmarket“ (also Nuetsmaart) zu Luang Prabang besiicht haat, haat ech meng siwen Saache gepaakt an sinn via Nuetsbus (am Vietnam an Laos huet een speziell Schloofbuser) an d'Haaptstadt VIENTIANE gefuer.

D'Haaptstadt ass net grouss an huet deementsprechend wéineg ze bidden. Et war fir mech awer den einfachsten Wee vun hei aus op KUALA LUMPUR, Malaysien, ze fléien. Ausserdeem konnt ech nees live dabei sinn wéi Laoten hieren „Afterwork“ Fitness op der Promenade gemaach haaten.

Zu Vientiane ass mir dunn och nees beigefall dass et de leschten Dag an engem asiatesche Land op menger Weltrees wier. Komesch war et schon, mee ech war einfach nëmmen opgereegt a virwëtzeg op mai leschten Reesland, INDIEN.