Ronderëm Shanghai: En Abléck an d'chinesesch Kultur

Zhouzhuang gëtt vun ville Léit och als „Venedeg vu China" beschriwwen. / © Lynn Welter
D’Chinese soen oft dat Shanghai net wierklech een Deel vu China ass. Well een d’traditionell Kultur entdecken, muss een awer net wäit reesen.
Wie kuerz dem hekteschen Alldaag vun Shanghai well entkommen, dee kann en Daagestrip op Zhouzhuang plangen. An desem Duerf kann een di traditionell Architektur bewonneren a sech all méiglech handgemachte Souvenire mathuelen. Zhouzhuang gëtt vun villen Léit als „Venedeg vu China" beschriwwe, well keng Transportmëttel am Duerf erlaabt sin an ee sech nemme kann zu Fouss oder per Boot fortbewegen. Op Ufro sangen d'Bootfuererinnen den Touristen och e puer chinesesch Lidder fir, während se duerch di schmuel Kanäler gondelen.
Wann een dee wäite Wee bis op Shanghai untrett, dann soll een och zwou vun den schéinste Stied aus China net verpassen. En alt Spréchwuert seet: "Above there is heaven, below there are Hangzhou and Suzhou".

„Three Ponds Mirroring the Moon" um West Lake zu Hangzhou
Hangzhou läit 190 km süd-ëstlech vu Shanghai. Bekannt ass d'Stad virun allem weinst dem West Lake, engem 6,5 km2 grousse Séi, deen bei ville chinesesche Poete remzefannen ass. Op enger Bootsfahrt kann een net nëmmen d'Stad selwer bewonneren, mee och d'Natur an déi vill Curiositéiten ronderem de Séi, wei d'Leifeng Pagod oder „Three Ponds Mirroring the Moon", 3 kleng Pagoden an der Mëtt vum Séi, déi an der Nuecht d'Moundliicht am Waasser spigelen.
Ausserdeem fënnt een zu Hanghzhou all méiglech Saachen aus Seid an der „Silk Street". D'laang Stroos schéngt keen Enn ze hun, op alle Säite kann een iwer Präisser vu Seidekleeder, Poschen an Fächeren handelen an schéi Souvenire mat Heem huelen.

"Impression West Lake" vum chinesesche Regisseur Zhang Yimou
Waat zu Hangzhou definitiv ee Besuch derwärt ass, ass d'Spektakel "Impression West Lake" vum bekannte chinesesche Regisseur Zhang Yimou. Hien huet schon 2008 Millioune vu Léit mat senger Realisatioun vun der Ouverture vun den Olympesche Spiller zu Péking impressionéiert. Chinesesch Kenntnisser brauch den Zuschauer keng fir kennen d'Kombinatioun vu farwege Luuchte, chinesescher Architektur, traditioneller Musek an Danz um Wasser ze genéissen.
Knapp 200 km nördlech vun Hangzhou befënnt sech Suzhou. Och wann deen Numm engem vläit net direkt eppes seet, wien e Bléck op d'Architektur vu Suzhou Museum werft, deem misst d'Gebäi bekannt firkommen: et huet eng gewëssen Ähnlechkeet mat eisem MUDAM. Entworf goufen di zwee Muséeën vum Pei I Ming, deen en Deel vun senger Kandheet zu Suzhou verbruegt huet.
D'Schéinheet vun Suzhou läit virun allem a senge chinesesche Gäert. De gréissten ass den „Humble Administrator's Garden", deen 1513 färdeggestallt ginn ass an haut als Unesco-Weltierfschaft klasséiert ass. Stonnenlang kann een duerch di traditionell Landschaften trëppelen, sech un e Séi setzen oder exotesch Blummen bewonneren.

Den „Humble Administrator's Garden" zu Suzhou
Zhouzhuang, Hangzhou a Suzhou sinn e Beweis dofir, dat d'Géigend vu Shanghai net nëmmen vu moderne Baute geprägt ass, mee dat och nach e groussen Deel vun den aalen chineseschen Dynastien erhaale bliwwen ass.