Singapur – Eng unique Mëschung vu Kultur, Iessen a Shopping

© Lynn Welter
„Uniquely Singapore“ – Sou heescht de Site vun der Touristevereenegung vu Singapur. Beweiser datt Singapur eenzegarteg ass fënnt een der genuch.
Hei wunnen 3 verschidde Kulturen zesummen, iwwerall fënnt een zu allen Auerzäiten Iessen (d'Singapurer iesse gär och mol matzen an der Nuecht) an d'ganz Stad ass immens propper, néierens läit Pabeier oder eidel Fläschen um Buedem, ob am Metro, an ëffentleche Gebaier oder op der Strooss.
Op 3 Deeg oder 2 Wochen, Singapur ass e Land wou ee kann alles gesinn hunn an trotzdem ëmmer rëm nei Plazen entdecken, virun allem wann de leschte Besuch op der Insel e puer Méint oder Joer hier sinn. All Joer kennt dat eent oder anert neit Gebai dobäi, am Moment suergt de Projet vun engem Casino a Luxushotel um Mier fir vill Gespréich bei den Awunner.
Zu Singapur gesäit een haut nach den Afloss vun de Britten aus der Kolonialzäit. City Hall läit am Häerz vun der Insel. Hei befënnt sech och de bekannte Raffles Hotel, wou de Cocktail Singapore Sling erfonnt ginn ass. Geet ee weider Richtung Singapore River, trëfft een op déi Plaz wou de Sir Stamford Raffles 1819 d'modernt Singapur gegrënnt huet. Vun hei huet een eng schéi Vue op de Central Business District vun der Insel.

Vum 165m héije Singapore Flyer huet een d'ganz Skyline vun der Insel am Bléck.
Wien eng Vue op de ganze Finanzzentrum vun der Stad well hunn, deen dréint am beschten en Tour um Singapore Flyer. Um 165m héije Riserad kann een di ganz Stad vun uewe bewonneren. Natierlech kann een net Singapur besichen ouni de Merlion, en hallef Léiw-hallef Fësch, deen d'Symbol vum Land duerstellt, ze gesinn. Bis owes 11 Auer späitzt hie Waasser um Singapore River.
Déi 3 Haaptkulture vu Singapur fënnt een a verschiddene Quartiere rëm: Am Kampong Glam befënnt sech den Zentrum vun der malaisescher Kultur, a Chinatown wunne virun allem Singapurianer vu chinesescher Origine an a Little India kennt ee sech bal fir wéi an Indie mat den hinduisteschen Tempelen a villen indeschen Awunner op all Eck.
Shopping gëtt op der Insel grouss geschriwwen. Déi meeschten Akaafszentren sinn an der Orchard Road, wou ee vu Markenartikele bis op Lokalproduiten alles fanne ka wat d'Häerz begiert. Wann ee sech awer net onbedéngt ënnert di vill Leit am Zentrum mësche well, kann een och an di deelweis méi authentesch „Heartland Malls" goen: Op Plaze wéi Toa Payoh, Tampines oder Jurong East kann ee genau sou gutt shoppen, ass awer net méi am Zentrum vum Land a kann dofir a Rou seng Akeef erleedegen.
Fir Souveniren huet een am beschten an d'Pagoda Street vu Chinatown ze goen. An de klenge Geschäfter kann een alles kafen, vu chinesesche Kleeder iwer all méiglech T-shirte bis hinn zu moderne Konschtwierker a multikulturellem Iessen.

An der Pagoda Street an Chinatown fënnt jiddereen de richtege Souvenir.
Um Enn vun der Pagoda Street befënnt sech de Sri Mariammam Tempel, den eelsten hinduisteschen Tempel vu Singapur. Impressionant sinn hei virun allem d'Dekoratioune vum Tempel, souguer déi klengste Statue vun de Gëtter an Déieren ass mat ganz vill Präzisioun hiergestallt ginn. An der selwechter Strooss vum Sri Mariammam Tempel fënnt een och de Buddha Tooth Relic Tempel, een impressionant Gebai an traditioneller chinesescher Kultur. Hei gëllt, wéi an de meeschte reliéise Gebaier, dat ee soll d'Schëllere bedecken an och keng ze kuerz Jüppen oder Boxen undoen.
Loscht op e bësse méi relaxen Dag wäit ewech vum hekteschen Alldag vu Singapur? Sou wäit muss een dofir net reesen. Sentosa ass eng Insel südlech vu Singapur, op déi een ganz séier mam Metro, Bus, Taxi oder souguer zu Fouss kennt. Héi kann een sech bei Sonn op d'Plage leeën, am Underwaterworld de Fësch an Haien nokucken oder am „Images of Singapore" e bësse méi iwwert di verschidde Kulturen am Land gewuer ginn.

E Metro verbënnt d'Stad mat der Insel Sentosa.
Fir e bësse méi Natur ass en Spadséiergank duerch de Fort Canning Park ideal. Mëtten an der Stad kennt e sech hei vir wéi am Dschungel.
An wann dann nach e bëssen Zäit iwwreg bléiwt ass et et derwäert op eng Visite an de Singapore Zoo ze goen. Hei liewen d'Deieren no engem „Open Zoo" Konzept, sou dat si net hanner Gitter sinn, méi kenne fräi ronderëm lafen an awer net direkt un d'Visiteure kommen. Virun allem d'Night Safari ass e flott Erliefnis fir di ganz Famill. Iwer 3 Weeër kann de Visiteur entweder zu Fouss oder mat engem Tram iwwer 1000 Déiere kenne léieren.