Éischte Mann mécht Weltrees komplett ouni Fliger

De Graham Hugues - E Mann dee vill erlieft huet / © AFP
Zënter 4 Joer ass de Graham Hughes ënnerwee. An Tëschenzäit huet de Brit als éischte Mënsch all d'Länner besicht, ouni mam Fliger ze reesen.
Am Ganzen ass den 33 Joer ale Graham Hughes duerch 201 State gereest. Nieft den 193 UN-Memberstaten, war hien awer och a Länner wéi dem Kosovo, dem Vatikan, Taiwan an de Palästinensergebidder. Mat VISAen a Stempele konnt hie ganzer 4 Päss fëllen.
Éischt Desitinatioun um Graham sengem Plang war den 1. Januar 2009 Uruguay an zënter deem ass hien ouni Paus op der Rees. Deemools ass et säin Zil-Land, de Südsudan, nach guer net ginn.
4 Joer laang huet de gebiertege Liverpooler sech u 4 Grondsäz gehalen:
- kee Fliger
- keng eege Fortbeweegungsmëttel
- nëmmen ëffentlechen Transport
- e Land eréischt als "bereest" markéieren, wann hien e Fouss um dréchene Buedem hat
"Déi meescht Leit hu geduecht, ech wär verréckt. Vill hu gemengt dat wär onméiglech", sou de Globetrotter bei senger Arrivée. Ma och Krisegebidder wéi den Afghanistan oder Somalia ware keng Schwieregkeet, wéinst de rare Grenzkontrollen. Souguer an Nordkorea konnt hien "op den Zéiwespëtzen" eraschläichen.
Mat senger Weltrees sammelt de Brit niewebäi Spende fir WaterAid, eng britesch Hëllefsorganisatioun, déi sech fir weltwäit proppert Waasser asëtzt.