Ech kommen elo zu mengem leschte Kapitel vu menger Weltrees; an zwar zu INDIEN.

Vun Vientiane (Laos) aus goung et zwar net direkt an Indien, mee op Kuala Lumpur, Malaysien. Ech kann lo net matschwätzen waat d'Land ugeet, awer duerfir hunn ech den Fluuchhafen vun der gréissten „Low-cost airline“ ( Bëlleg-Airline) - jo hieren eegenen - gesinn.

Schmisi on World Tour (50): Indien
4 Videoclippen: Am Schëff fir op d'Havelock Insel; Stroossestänn bei der Plage mat Hochzäitsvirbereedungen; Welcome to India; Reportage vun Havelock.

Fir Indien ze bereesen brauch een e VISA. Et brauch een nëmmen op d'indesch Ambassade ze goen. An der Reegel kann een domadder 6 Méint am Land bléiwen.

An mengem Fall war awer de klenge Problem deen dass ech jo net vu Lëtzebuerg aus mai Visa konnt ufroen, well een daat net e Joer am viraus kann maan.

Als prakteschte Startpunkt vun enger Indienrees gellt an deem Fall Groussstadt CHENNAI. Well hei kritt een als Lëtzebuerger en VISA ON ARRIVAL. Deen brauch een eben net am Viraus unzefroen, just eng Passfoto an 60 USD ze hunn.

Schons am Fliiger haat ech gemierkt dass ech an e ganzt aanert Land giff fléien. Ech war bestemmt den eenzegen Waissen am Fliiger :) .

Um Fluchhafen wollten d'Inder schon wessen wou ech dann giff hierkommen.

An kengem aanere Land op menger Rees waren d'Leit esou interesséiert a faszinéiert vun mir, als waiss Persoun.

Meeschtens wollte se gären eng Foto vun engem maan fir des Begéinung festzehaalen.

D'lëtzebuergesch Summervakanz stoung virun der Dier. Daat war e gudde Moment vir meng Frendin Daisy de leschten Ofschnëtt vu menger Weltrees mat dabei ze sinn.

Eise Rendez-vous war an der Stadt CHENNAI, direkt un der Ostküst, am Bundesstaat TAMIL NADU.

Als klenge geografesche Rappel: Indien huet plus minus déi selwecht Fläch wei Argentinien, an Argentinien wunnen just 40 Milliounen Leit, an Indien em déi 1,2 Milliarden Menschen !

RTL

Et besteet aus 28 Bundestaaten, et ginn 100 Sproochen geschwaat, vun deenen der 21 offiziell vun der Regierung unerkannt sinn.

Zu Chennai kritt een en eischten Androck vun enger indescher Stadt a vum richtegen indeschen Alldag.

Normalerweis war ech mir op menger Rees nie ze schuet fir e puer Meter ze trëppelen an ausserhalb vu dem Hotel eppes ze iessen. Just hei zu Chennai haaten Daisy an ech 30 Meter gemaat an haaten dunn décidéiert am Hotel ze frupsen.

Chennai huet alles waat een sech vun enger indescher Stadt sou firstellt: vill Kaméidi, vill Knascht, vill Stëpps, vill Duerchenaaner ; net nemmen am Stroosseverkéier an en ziemleche Gestank

Zum Beispill waren direkt nierwend eisem Hotel e puer „Buden“ opgeriicht, wou aarm Leit gehaust haaten. De Kontrast vun aarm a réich – haaptsächlech an de Stiedt –  war op menger Rees néierens esou krass wéi hei an Indien.

Chennai war just e Sprongbriet vun enger Iwwernuechtung. Den Dag duerno souzen mir am Fliiger fir op d'ANDAMANEN ze fléien. D'Andamanen sinn eng Inselgrupp déi am Joer 2004 schwéier vun engem Tsunami getraff gouf. Gott-sai-Dank bloufen e puer Inselen vun der Katastrof verschount.

RTL

Sou och d'Insel HAVELOCK, déi een mat der Fär vun PORT BLAIR aus areescht.

An der Monsunzait, während der mir gereest waren, ass des Sträck – déi gudd 2 Stonnen dauert zimlech Gejuppels.

Havelock ass touristesch nach gudd organiséiert an esou ass et ganz normal dass een vun Autorischkas empfangen gett.

Typesch indesch ass dobai Praisfro : sie froen wouhinner, maachen dann de Prais an gewannen mat eis Touristen, an zwar ëmmer. Jo wiirklech ëmmer ! Och wann een mengt e gudde Prais mat hinnen ausgehandelt ze hunn, sou leit dee Prais oft iwwert dem 10fachen vun deem waat en Inder (also en Einheimeschen) bezuelen muss.

Daat ass mol secher e Fakt mat deem een einfaach liewen muss, wëll een Indien erliewen.

E Beispill : eng Sträck vun 3 km kascht – an der Reegel – teschent 50 a 80 « Rupies ». Wann een déi indesch Währung emrächent, kennt een op 1,20 Euro (1 Euro = 68 Rupies).

Mol éierlech : loose mir do net kloen !

Sou ass et mat ville Saachen an Indien : villes ass einfaach spottbëlleg !

Op der Havelock Insel war et roueg ; daat war normal et war ausserhalb vun der Haaptsaison. Wann een net um tauchen interesséiert ass, kann een emmer nach faulenzen, Natur genéissen oder mat engem indesche Vélo sech Been ofstrampelen. Dese Vélo huet kee Luxus, well keng Iwwerseetzung do existéiert.

Et war op der Havelock Insel wou Daisy an ech déi éischte Kéier an de Genoss vun der indescher Kiichen koumen. An ech kann soen : vun all deem Iessen wou ech op menger Weltrees geschmaach haat, fannen ech dass daat Indescht daat Beescht war, an och daat bëllegst. :) Ech haat öfters Fotoen vun de Menüskaarten gemaat fir ze wessen waat ech do giff iessen an herno nach eng Erennerung drun ze hunn WIEVILL e Menü kascht haat.

No 4 Deeg Andamanen sinn mir zeréck op Chennai komm, an dunn direkt e Bus Riichtung MAMALLAPURAM geholl.

Busfueren ass an Indien och gehiirlos bëlleg. Et daerf een sech just keen Luxus awaarden. Indesch Buser hunn normalerweis keng Fensteren, a wann et reent, gett einfaach eng Baatsch erofgezunn.

Nodeems mir nees festen Buedem ënnert de Féiss haaten, war et eng kuerz Busrees bis op MAMALLAPURAM.

Des kleng Stadt huet e puer Touristenattraktiounen : Flott Tempelen déi iwwert 1000 Joer hunn, e grousst Stéck Fiels waat « Krishnas Butterball » genannt gett. An och e grousst Fielsrelief vun 12 Meter Héicht (et gett gemunkelt dass et villait daat gréissten vun der Welt ass) gett et ze bestaunen.

Déi aaner Sait vun Mamallapuram war eng maaner flott : Daisy an ech haaten eis déi éischt Nuecht an engem « Hotel » verbruecht, deen kee Luxus haat (daat war absolut kee Problem). Problem war awer dass mir mat eppes konfrontéiert goufen, waat eis Lëtzebuerger komplett friem ass : Stroumausfall !

RTL

No der éischter Nuecht sinn mir mueres aweecht, well et extrem stéckeg am Zëmmer war. Keen Ventilator, keng Klimaanlaag, keng Luucht ass méi gaang. Do si mir eis an Rezeptioun informéieren gaangen a krueten dunn erzielt dass et ganz normal wier dass kee Stroum do wier. Dee kennt am Laaf vum Moien nees zeréck. A bis en nees eremkennt, wessen d'Inder sech unzeleen. Wann se sech et leeschten kennen, hunn se en Generator, deen mat Diesel gespeist gett.

De Stroumausfall gehéiert zum Alldag an Indien.

Am Bundesstaat TAMIL NADU, an deems mir als éischt gereest waren, spazéieren d'Kéi do wou se grad Loscht hunn. A wann daat matzen op enger villbefuerener Strooss ass, ass daat kee Problem. Well d'Kéi hei – an daat ass net iwwerall an Indien de Fall - sinn hëlleg Kéi.