Dëse Blog beschreift den 2. Deel vun eiser Indien-Rees, an dat nach ëmmer am Bundesstaat TAMIL NADU.

D'Ostküst weider erof trefft een op d'Stadt PUDUCHERRY oder och nach PONDICHERRY genannt. Eppes fällt engem direkt op: d'franzéisch Nimm op elo fir e Gebai oder e Stroossenumm.

Daat huet domadder ze dinn dass bis 1955 Puducherry d'Haaptstadt war vun „Etablissements français de l'Inde“, also eng franzéischer Kolonie.

Schmisi on World Tour (51): Indien, 8 Clippen
Indesche Bus, Stroosse vu Puducherry (franséischen an ee manner rouege Véirel), am Zuch, Rockfort- a Sri-Ranganathaswa-Tempel zu Trichy a Kanyakumari.

Aus deem Grond ginn et nach Iwwerbleibsel vun franzéischen Villaen, woubai deng renorvéiert ginn an déi aaner zerfaalen. Vill kleng Stroossen hunn bis haut nach keen anstännegen Belaag. Duerch d'Stadt verleeft och e Kanal, deen allerdengs baal kee Waasser huet, a well et oft waarm ass, sténkt et deementsprechend zimlech staark.

An deser Stadt steet och eng Statue vum GANDHI, deen protestéiert haat geint d'englesch Kolonialherrschaft; an daat ganzt ouni Gewalt. Vill Menschen haate hien bewonnert, e puer Stéck waren hiem awer en Där am Aa an sou koum et dass am Joer 1948 zum Attentat koum, wou de Gandhi em d'Liewen komm ass.

2 Deeg Puducherry ginn duer fir den aalen kolonialen Deel ze erliewen; de modernen Deel dageint huet vill Verkéier a Kaméidi.

RTL

Eis Rees ass mam Zuuch weider erof op TRICHY gaang. Et waren zwar generell vill Menschen an den Ziich, mee nie esouvill wéi een se lo typesch an sengem Kapp giff virstellen (um Daach vum Zuuch och Menschen). Well et esou waarm an Indien ass, ginn et vill Ventilatoren an den Ziich; en plus loosen d'Inder gären Zuuchdier opstoen, fir nach besser ze lëften. Wéi schons eng Kéier gesoot,  ass Zuuchfueren praktesch a bëlleg an Indien. Och während dem Zuuchfueren brauch een keen Honger oder Duuscht ze leiden; permanent laafen Leit mat waarmen Iessen, Softdrinks oder indeschem Kaffi duerch Wagonen.

Zu Trichy steet den ROCKFORT TEMPEL, daat ass en Hindu Tempel deen uewen op eng grousse Fiels steet.

Bei all Hindu-Tempelen ass Tradition dass een buerféiss muss duerch Tempelanlaag trëppelen. An als net Hindu-Tempel daerf een net an daat Allerhëllegst, matzen am Zentrum vum Tempel.

Vu que dass d'Inder staark reliös sinn, ass ëmmer e va-et-vient an den Tempelen, an daat all Dag.

Zu Trichy gett et nierwend dem Rock Fort Tempel och nach den Sri-RanganathaswamyTempelkomplex, mat 21 Tierm, deen héchsten ganzer 73 Meter héich! All Tuerm ass speziell „dékoréiert“ mat vill klengen Detailer.

Et koum net oft fir dass mir e Guide geholl haaten an Indien; hei zu Trichy, bei desem Tempelkomplex war daat anescht. Hie konnt eis munch interessant Saachen aklären an d'Sproochebarrière tëschen eis (den Touristen) an den Einheimeschen briechen. D'Inder sinn un waissen Touristen ëmmer ganz interesséiert, kennen awer oft keen englesch fir mat kennen an Kontakt ze kommen. Indesch Kanner wollten gären Fotoen mat menger Frendinn maan; wier de Guide net gewierscht hätte mir se bestemmt net verstaanen.

Obwuel den Tempelkomplex laang op huet, ass daat Allerhëllegst ëmmer mëttes e puer Stonnen zou. Well vill Inder awer keen Auto hunn a vun méi wait hier kommen, waarden se am Tempelkomplex, brengen hir Iesssaachen mat oder haalen eng Mëttesrascht.

De grousse Ennerscheed an der Hindu Relioun an der katholescher Kierch leit och doran dass d'Hindus all Dag, de ganzen Dag iwwer an hir Tempelen ginn. Permanent ass e Va-et -Vient vu Menschen.

RTL

No Trichy gouf nach e kuerzen Tëschestopp zu Thanjavur gemaach, vun den Brihadishvara-Tempel steet. Sait 1987 gehéiert desen Tempel zum UNESCO Weltkulturerbe.

An Indien ginn et vill Tempelen, déi eng méi grouss, déi aaner méi kleng. Et brauch een se net all gesinn ze hunn, mee wann ech spontan 2 misst uginn, da sinn daat de Sri-Ranganathaswamy an den Brihadishvara-Tempel.

Och falls een Visiten vun Tempelen a Museen e bessi langweileg fënnt, gehéiert de Besuch vun engem indeschen Tempelkomplex einfaach zu all Indien-Rees. D'Entrée kaascht meeschtens nëmmen e puer Rupies oder ass gratis.

Fir desen Blog ofzeschleissen, kommen ech nach op KANYAKUMARI ze schwätzen. Daat ass Spëtzt vun Indien, wou zwee Mierer openeen treffen: d'arabescht Mier an de Golf vun den Bengalen.

Traureg ass dass des Stadt vum Tsunami vun 2004 schwéier getraff gouf. Glécklecherweis ass dobai weder Vivekananda-Denkmal nach Tiruvalluvar-Statue beschiedegt ginn, dei matzen op Fielsstécker direkt un der Küst stinn.

RTL