Blog 52: Ophalen, wann et am schéinsten ass ...

Dat heiten dat ass en also, mäi leschte Blog vun menger Weltrees. En erzielt vum leschten Stéck vu menger Indien-Rees.
Daat ass den Deel vun KANYAKUMARI (der Spëtzt ennen un Indien) bis erop op FORT COCHIN.
Virun allem awer wieselt hei de Bundestaat: vum TAMIL NADU eriwwer an de KERALA.
Video01: Op enger Gare an Indien
Vidoe02: Mam Zuuch ennerwee an Indien 1
Video03: Mam Zuuch ennerwee an Indien 2
Video04: Alldagschaos op de Stroossen
Video05: Varkala Beach
Video06: Ennerwee mat der Autorischka
Video07: Mol eppes aneschters: eng Schlang schwëmmt hei am Kanal (vun de Backwaters)
Video08: Mam Kanu an de Backwaters
Video09: Hei sinn et Fraen déi op engem Chantier schaffen, net Männer!
Video10: Aarme Polizist ;)
Video11: Mam Hausboot duerch Backwaters
Video12: Zu Fort Cochin stinn des faszinant Beem
Video13: Ouni Kommentar!!!!!!!!
Nodeems Daisy an ech KANYAKUMARI hannert eis geloos hunn, goung et per Bus an Stadt KOVALAM.
Kovalam leit um Mier an normalerweis kann een e bessi Plage, ewech vum Kameidi an der Stadt geneissen. Leider ware mir hei op de Monsum getraff, deen während eisen (lëtzebuerger) Summermeint amgaang ass. An eisem Fall huet daat geheescht: schlecht Wierder entweder bedeckt oder Reen.
Well een gudd des Hors Saison spiert, gett et kee Gronn – sou fanne mir – deeglaang hei ronderem ze hänken.
Also goung et weider, mat Bus an Zuuch op VARKALA, méi genee VARKALA Beach.
Hei existéieren vill sou genannten „Eco“Lodges, mee opgepasst: Daat eenzegt waat hei keint „eco“ sinn, wieren villait Praiser, soss gett awer net vill Rücksicht op d'Emwelt geholl!
Bezüglech vum Zuuch ass nach ze erwähnen dass vill Inder de Prinzip vun „sech an d'Rei ze stellen“ oft net kennen. Fir se awer esou et gudd et geet drun ze arenneren, hänken an de Gare Schëlder mat „Q here“ Zeechen hei.
Op der aanerer Sait kann ech kloer bestätegen dass d'Inder en generall net fëmmen, waat och gudd ass. A vir déi puer déi awer fëmmen (am Zuuch) kann eng Geldstroof vun 200 rupies – ongeféier 3 Euros – net riichteg ofschrecken oder e Mensch duerzou ze beweegen opzehaalen.
Vill Schloofméiglechkeeten sinn direkt laanscht d'Mier verspreet. Allerdengs ass et esou; et heescht zwar Varkala BEACH mee d'Plage siicht een hei leider vergeblech. Alles leit no bei de Klippen.

Wéi gudd Wierder eis eng Kéier am Staach geloos haat, hu mir mol nees eng AYURVEDA Massage ausprobéiert; daat ass eng indesch Massage. An zur därer gehéiert virun emol waarmen Ueleg.
De Problem ass wéi sou oft: et ginn vill Leit déi et ubidden, mee just e Grappvoll beherrschen d'Ayurveda Massage och an et kritt een eppes fir sai Geld. Am beschten sech e bessi a sengem Hotel emfroen oder mat aaneren Touristen schwätzen. Firwaat net direkt bei en Infozenter fir Touristen?
Ganz einfaach: sou Zenteren ginn et nëmmen ganz weinig, grad och an der Géigend déi vill Touristen besiichen, dem KERALA.

Varakala Beach ass roueg a leit ofgeleen vum Zentrum wou vill Getuuts ass; entspannen konnt een also gudd.
Wien de Staat KERALA bereest, soll och BACKWATERS kucken goen. Heibai handelt et sech em e Netz vu kleng a grousse Flëss, dei sech vun KOLLAM bis KOCHI erstrécken.
A propos KOLLAM; et war hei wou mir fir d'éischt a Kontakt koumen mat de Backwaters. Mir haaten eisen nämlech ugemellt fir en halwen Dag Tour. Do sinn mir mat engem Kanu duerch dei kleng Kaneel vun de Backwaters getuckert.
De selwechtten Dag mettes haate mir dunn spontan décidéiert dass eng Autorischka eis sollt bis eisen nexten „Point of interest“ brengen, dem nexten interessanten Touristepunkt. An desem Fall war daat den Ashram (eng Zort Tempel) vum Mata Amritanandamayi oder méi bekannt AMA. Ama ass eng Fra déi weltweit bekannt ass fir hier Emarmungen. Duerch dese enken Kontakt iwwerdreit sie esou hier Léift déi se an sech dréint.
Fir d'AMA perséinlech ze begéinen, ass et eng Saach vu Chance: et ass permanent op eiser Eerd ennerwee a wann dann d'Chance do wier et kucken ze goen, muss een sech nach stonnelaang an der Réi gedëllegen.
Eisen Rischkafuerer huet eis bis bei déi nexten Busstatioun bruecht, wou mir op de Bus fir ALAPPUZHA gwaarrt haaten. Mir krueten ugeroden dohinner ze fueren well wou dei meeschten Dagestouren (oder esouguer 2 Dagestouren) vir d'BACKWATERS hei ofleen.
No 2 Iwwernuechtungen zu Alappuzha sinn mir via Bus a Autorischka bei e Floss gefuer wou eist perséinlecht Backwaters Schëff op eis gewaardt huet.

Backwaters soll virun allem fir den Tourist heeschen: kee Stress, gut raschten an d'vue op Nierwendflëss an d'Liewen vun de Mënschen hei genéissen. Am grousse a ganzen ass daat e flott Erliefnis, wann een net grad an der Haaptsaison kennt. Dann ass nämlech vill lass op de Flëss an et kann zu Stauen kommen.
Duerch e klengen Hautproblem, deen um Enn vun der 2 Dagestour, bei menger Frendin opgetaucht war, hunn mir missen an en indesch Spidol fueren. Lo denken bestemmt vill vun ierch dass daat chaotesch an net propper ass. Do si mir awer eppes Besseres geléiert ginn. Meng Frendin huet keng Eiwegkeet missten waarden an ass och profesionell servéiert ginn. Alles an allem huet des Erfahrung e positive Feedback hannerloos.
Iwwreens dest Spidol war zu FORT COCHIN oder och COCHI, eiser allerleschter Stadt op eiser Indienrees.
Fort Cochin ass eng Multi-Kulti Stadt: eng Synagoge, uraal Moscheen an dann nach de portugieschen an de britischen Afloss kennzeechnen des 1,36 Milliounen Metropol.
Et war e gudde Moment fir nach eng lescht Shoppingtour ze maan an vun hei eng Minitour bei indesch Elefanten ze maan.
Besonneg des lescht Tour vu menger Weltrees bléift mir a schlechter Erënnerung.
Am Laos haat ech schons Bekanntschaft mat dese groussen Déieren gemaat.
Lo hei an Indien hunn ech och d'Elefanten begeint,an zwar beim Buedem: den Mahout (deen deen den Elefant dirigéiert an uewen dropsetzt) huet daat sensibelt Déier e puer Mol misse schloen fir daat et sech an Waasser sollt leen! (Ech hunn e Video driwwer, deen sollt der onbedengt kucken).
De selwechten Dag owes goung et per Fliiger op NEU DELHI, duerno an der Nuecht op LONDON. A moies um 11 Auer sinn ech - zesummen mat menger Frendin Daisy - midd, mee gesond zu Lëtzebuerg ukomm.

Domat ass meng Weltrees no 23 Länner faerdeg an ech hunn elo genuuch Zait fir all meng Souveniren (Fotoen a Saachen) ze sënneren.
Ech hoffen dir konnt ierch duerch mai Blog e bessi inspiréieren, dreemen oder ganz einfach och Loscht kréien vir ze reesen.
ÄRE SCHMISI