München: Damplok nieft ICE, Käfer nieft Chevy

Visite vum "Deutsches Verkehrszentrum", enger Annex vum "Deutsches Museum".
Haut fuere mer mat der Münchener U5 vun der Gare Richtung Laimer Platz. Vun Enn September bis Ufank Oktober ass et wahrscheinlech déi meescht frequentéiert Linn am Münchener Metrosreseau. Kee Wonner, well den Arrêt Theresienwiese och op dëser Streck läit. Do wëlle mer elo awer net hin, duerfir awer klammen mer de Stop duerno eraus: Schwantherhöhe.
Vun do aus sinn et da 5 min ze Fouss, bis een op der Theresienhöhe 14a ass, der Adress vum "Deutsches Verkehrszentrum", ener Annex vum "Deutsches Museum" op der Museumsinsel an der Isar.
"Themeninseln"
12.000 m2 Ausstellungsfläch sinn opgedeelt op 3 Halen. Iwwer 350 Austellungstécker ginn et hei z'entdecken an ze bewonneren. All Hal huet hiert Konzept, sou kann ee Modernes an Ales beienee fannen.

De Sujet an der 1. Hal, direkt hannert der Entrée, ass: "Stadtverkehr".
Dorënner fënnt een dann eng Sammlung vun Gefierer, déi eng kleng oder grouss Roll an enger Stad spillen. Et si 6 verschidde Beräicher, déi d'Geschicht oder och d'Entwécklung vum Verkéier erklären. De Musée nennt dee Beräich intern Themeninseln. Dat sinn: "Verkehr und Umwelt", "öffentlicher Personenverkehr", "Stadt und Verkehrsplanung", "Verkehrs-ABC" a "Sicherheit und Rettung".
An der éischter Hal ginn iwwer 150 Exponaten, dorënner Autoen, Motorieder, Vëloen, verschidden Tramen oder eng S-Bunn, alles aus de verschiddensten Zäitepochen, ausgestallt. Och en ADAC-Helikopter däerf net feelen. Den eelsten Auto an der Hal 1 ass aus dem Joer 1867.
Zeenen opwänneg a realistesch nogestallt
Verschidden Zeenarioe ginn an der grousser Hal virgestallt, ob et elo en Autosstau ass oder eng entgleiste Stroosebunn, déi mat engem Pompjeeskran erëm zeréck op Schinne gestalt gëtt, hei gëtt alles realistesch gewisen an erkläert.

An der Hal 2 ass dann alles op de Sujet Reesen ausgeluecht an haaptsächlech ass et d'Eisebunn, déi engem an d'A spréngt. Awer och Kutschen, Rulotten a flott Cabrioe spillen eng grouss Roll an der Geschicht vun onser Reeskultur. Sou kann een zum Beispill eng Damplokomotiv niewent engem ICE oder e flotte Käfer virum engem amerikanesche Chevy erëm fannen. Eng al Tankstatioun mat hiren typeschen ale Reklammeschëlter däerf och net feelen.
Weider geet et an d'Hal 3, an och do kann ee soen, dass fir Frënn vum Automobil hei 2 besonnesch Leckerbësse sti, nämlech den original Model T vum Henry Ford oder dem Carl Benz säi Patentwon aus dem Joer 1886. Awer och den Automobilsport spillt hei eng grouss Roll, sou gëtt hei Geschicht vun der Formel 1 erzielt an et fënnt een déi aussergewéinlechst Sportsautoen erëm. D'Haaptiwwerschrëft vun der Hal 3 ass "Technik a Mobilitéit". Och hei kann een d'Geschicht vum Auto entdecken an dat mat villen Originalen.
No engem leckere Cappucino an der Museumscafeteria kann een, nodeems een den Zich an der Modeleisenbunnanlag nokuckt huet, d'Thema Vëlo nach erfuerschen, och do fënnt ee villes aus de verschiddenste Jorhonnerten.

No dëser interessanter Visite vum Musée, engem Muss fir all Auto- an Technikfrënd, fueren mer erëm, nom Passage am Muséesshop, hannescht an d'Münchener City, ouni um nächsten Arrêt erauszeklammen ... oder dach?
De Musée ass all Dag vun 9 bis 17 Auer op, ausser op de Feierdeeg. Et ginn och Féierunge fir Eenzelpersounen a Famillen.
Quellen: Deutsches Museum