No der Visite vum däitsche Musée mat sengem "Verkehrszentrum" wëlle mer elo e Bléck an d'Welt vum Fussball geheien - an d'Münchener Allianz-Arena.

Normalerweis ass jo e Fussballstadion kee Sujet, fir eng ganz Reesreportage ze maachen. Ma d'Allianz-Arena ass zënter hirem Bestoen e Bléckfang a steet och an aktuelle Reesguidë vun der bayerescher Landeshaaptstad.

Mir sinn nach ëmmer an der Münchener City ënnerwee, duerfir klamme mer haut um Marienplatz an d'U6 eran a fuere Richtung Garching. Mir klammen um Arret Fröttmaning eraus.

De Fussballstadion, deen dem FCB gehéiert, steet zënter 7 Joer zu Fröttmaning, engem Staddeel vu München. D'Allianz-Arena, déi hiren Numm engem grousse Sponsor verdankt, ass ee renge Fussballtempel. Dat war vun Ufank un de Wonsch vun de Responsabelen.

D'Arena huet fréier deels dem FC Bayern, deels dem TSV 1860 München gehéiert. Nodeems d'Léiwen, wei si am Volleksmond genannt ginn, finanziell Schwieregkeeten haten a souguer just virun der Insolvenz stoungen, ass dem FC Bayern näischt aneschters iwwreg bliwwen, wéi den Deel vum TSV 1860 zeréck ze kafen. Sou ass de Fussballclub aus der Säbener Strooss säit 2008 alleng Besëtzer vum Stadion. Wann déi Blo hire Fussballsmatch an der Arena spillen, musse si Loyer bezuelen.

Während engem Spilldag schaffe ronn 2.000 Leit an der Arena. D'Allianz Arena huet säit der Saison 2012/2013 eng Kapazitéit vun 71.137 Plazen, also engem Plus vun 3.000. Dat ass méiglech ginn duerch d'Embaue vu Sponsorenplazen.

Bei internationalen an Championsleague-Matcher däerfe 67.812 Leit an de Stadion kommen. Dann sinn och nëmme Sëtzplazen erlaabt. D'Arena ass deen drëttgréisste Stadion an Däitschland. Dee gréisste steet zu Dortmund mat 80.720 Plazen, op der 2. Plaz ass et de Berliner Olympiastadion mat 74.244 Plazen.

RTL

D'Bierger vu München haten an engem Referendum d'Méiglechkeet, sech entweder fir oder awer géint de Bau vum Stadion z'entscheeden. Mat enger iwwerzeegender Majoritéit vu 65,8 % fir de Bau konnt dann de Grondsteen den 21. Oktober 2002 geluet ginn. Den 30. April 2005 war d'Allianz-Arena fäerdeg. 340 Milliounen Euro huet de Bau kascht.

D'Allianz Arena huet elo genau 71.137 iwwerdaachte Plazen. En Deel dovu kann awer och als Stéiplaz bei Ligaspiller benotzt ginn, et sinn dat 13.794 Plazen an der Nordsäit an der Südsäit vum Stadion.

Well Fussballfrënn awer och nach ausserhalb vu engem Spilldag animéiert wëlle ginn, gëtt et eng FC Bayern Erliefneswelt, dee gréisste Veräinsmusée an Däitschland, ausserdeem e Lego-Club fir déi Kleng, eng Aart Crèche, wou d'Elteren hir Kanner während engem Match kënnen ofginn, an de gréisste Fanshop vum FC Bayern, de Megastore. Leit, déi Duscht an/oder Honger hunn, kënnen an 2 Fanrestauranten, an engem grousse Bistro mat 400 Plazen oder bei den 28 Kiosken eppes, fir ze drénken oder z'iessen, kafen. 550 Toilettë ginn et am ganzem Stadion.

RTL

D'Moosse vum Spillfeld sinn 68m x 105m. Well keng Lafpist am Stadion ass, ass d'Distanz vun de Spectateure bis zum Spillfeld nëmme 7,50m. Am Ganzen huet d'Arena eng Dimensioun vun 258m x 227m x 50m, huet 7 Stäck an en ovalen Ëmfang vun 840m. Fassad an Daach hunn eng Fläch vu 66.500 m2, dat sinn 2.760 "Loftkëssen". D'Loftkësse sinn aus engem spezielle Material hiergestallt ginn. All Këssen ass mat Loft gefëllt an huet eng Déckt vun 0,2 mm. Zënter 7 Joer ass nach keent futti gaang. Eemoleg ass och d'Beliichtung vun der Arena. Si kann an 3 Faarwe liichten, dat si Rout fir Bayernmatcher, Blo fir 1860er-Matcher a Wäiss fir neutral Partien, zum Beispill wa Lännermätscher gespillt ginn. Fir d'Championsleague-Finall 2012 gouf d'Arena an de Faarwe vun der UEFA beliicht. Et gëtt driwwer nogeduecht, d'Arena owes net méi sou laang ze beliichten, oder souguer, wann spillfräi ass, guer net méi. Well d'Gefor, dass op der Autobunn, déi direkt niewendru läit, Accidenter geschéien, ganz grouss ass.

Kritik vun de Bayernfans ass opkomm, well an der Arena keng Stëmmung opkënnt; si nennen dat "Arenatourismus", well vill Leit oft nëmmen an de Stadion kommen, fir d'Atmosphär ze genéissen an net fir selwer matzemaachen.

Fir bei d'Allianzarena ze kommen, huet ee verschidde Méiglechkeeten:

Et ginn 350 Plaze fir Busser an 130 reservéiert Behënnerteparkplazen.

Déi interessantsten Urees ass wahrscheinlech de Metro. Mat der Linn U6  kënnt een aus dem Zentrum 400m virun der Arena eraus. Schonn ënnerwee kann ee matten an der Stëmmung vun de Fans dra sinn. De Fröttmaning-Arrêt ass extra fir d'Arena gebaut ginn.

Wëll ee mam Auto kommen, huet een d'Méiglechkeet, op engem vun den 9.800 Plazen an de Parkhaiser entweder virum Stadion, der Esplanad oder op den 1.200 Plazen ënnert dem Stadionsgelänn ze parken.

Vill Gedold muss ee jee nodeems awer nom Match hunn, et ka bis zu 2 Stonnen daueren, bis ee mam Auto erauskomme kann.

Och net vergiessen däerf e seng Arenacard, well nëmme mat der interner Prepaidcard geet d'Barrière op, fir erauszefueren - e Minimum vu 10 Euro muss nach drop sinn, esou vill kascht de Parking während engem ganze Spilldag. D'Arenacard kann ee virum oder am Stadion opfëllen. Nëmme mat dëser Kaart kann ee säi Gedrénks an Iessen am Stadion bezuelen.

Well FC Bayern-Matcher bal alleguer am Virfeld ausverkaaft sinn, kann et sinn, dass ee keen Ticket an engem vun de 54 Guicheten ze kafe kritt. Bei de Matcher vun 1860 München huet ee besser Chancen.

RTL

E Ausfluch an d'Geschicht vum däitsche Rekordmeeschter kann een an der FCB-Erlebniswelt maachen. Fir Bayernfans een absolute Muss ...