D'Grand-Central Station zu New York huet e Freideg hiren 100. Gebuertsdag gefeiert. All Dag passéiere ronn 750.000 Leit d'Gebai am Beaux-Arts-Stil.

D'Gare, déi och eng Touristenattraktioun ass, gouf 1913 ageweit.

An de 70er Joere wier se bal ofgerappt ginn, fir op där Plaz Héichhaiser opzeriichten.

D'Jacqueline Kennedy Onassis, d'Witfra vum fréieren amerikanesche President John F. Kennedy, konnt dat awer deemools mat Hëllef vun enger Biergerinitiative verhënneren.