"Bella Italia" (1): Dauwen zu Mailand, Vëloen zu Ferrara

Roadmovie duerch Norditalien: An der éischter Folleg vun eiser neier Rees-Serie "Bella Italia" geet et vu Mailand op Ferrara.
"Ich liebe es, wenn ein Plan funktioniert." Schonn ëmmer wollt ech eng Reesreportage mat dësem Sproch ufänken. (Wie kennt en net aus der onfräiwëlleg selbstironescher TV-Serie "A-Team"?)
Ech sëtzen zu Mailand, net direkt vrum Doum, awer bal, a kréien eng Pizza zervéiert. Si schmaacht zwar lamentabel an trotzdem sinn ech zefridden, well ech den Dag virdrun de Mond gutt voll geholl an ugekënnegt hat: Muer de Mëtteg wëll deen hei zu Mailand beim Doum iessen.
An et huet geklappt. Matten an der Nuecht ass sech an den Auto gesat ginn an du goung et lass. Éischten Arrêt: Basel, notamment fir eng "Vignette" ze kafen. Dono goung et ratsch duerch d'Confoederatio helvetica, wat déi laténgesch Bezeechnung fir d'Schwäiz ass. Si huet dem Land och déi offiziell Ofkierzung "CH" ginn, wéi et heescht, fir keng vun de 4 Amtssproochen ze bevir- resp. ze benodeelegen ...
Tëschestopp zu Milano
Mat de Bierger ass awer och d'Middegkeet geklomm, mee déi net ëmmer esou evident Autobunn am Agang vun Italien huet d'Konzentratioun nees an d'Luucht gedriwwen. Et huet een einfach missen hellwaakreg bleiwen.
Dann, endlech, Mailand. E Parking sichen (natierlech esou no méi méigelech beim Doum) ass zwar net grad evident an och net grad bëlleg, mee dofir kritt een den Auto dann awer och geparkt. Duerch dëse System passen einfach méi Autoen an d'Garage.
D'Plaz vrum imposanten, helle goteschem Doum hält awer, wat ech mir vun hir versprach hunn: Si ass grouss, voller Leit a voller Dauwen, a léisst de Gebaier ronderëm genuch Plaz, fir net ënnerzegoen. Stonnelaang kinnt een hei de Leit nokucken: deenen, déi gestresst si, well si mat vollen Tute ronderëm lafen, an deenen, déi Zäit ze vill hunn an dat dann och cool a lässeg weisen. Einfach flott!

Mee, wéi et sech fir e gudden Tourist gehéiert, nëmme keng Zäit verléieren, nëmme näischt genéissen a weider goen. "Ohne Rast", awer mat Zil. Fir ee klengen Ofstiecher an den Duomo S. Maria Nascente ass awer Zäit an - et muss een et ënnersträichen - dobannen am Saile-Bësch kinnt ee genee esou vill Zäit verbréngen wéi op der Plaz virdrun. Finalement handelt et sech heibei ëm déi zweetgréisst Kierch vun Italien, wat déi iwwerbaute Surface ugeet (no der Basilika Saint-Pierre am Vatikan). 40.000 Leit passen hei eran! Joerhonnertelaang gouf un dësem immens verzierte Mega-Bauwierk geschafft. D'Resultat ass einfach nëmme grandios.
Eng Trap oder e Lift bréngt een esouguer op d'Terrazzi vun der Kathedral, iwwer 100 Meter héich.
Foussgängerzon mat Daach
Dono geet et dann an déi grousseg a groussaarteg Galeria Vittorio Emanuele II., déi direkt un d'Piazza del Duomo grenzt. Duerch eng Aart Arc de Triomphe betrëtt ee si, si, déi steet fir de Glamour vun der norditalienescher Metropol, no Roum déi gréissten a wichtegste Stad vum Stiwwel. Mee, Iwwerraschung, an der eleganter Galerie gëtt et net nëmmen Haute Couture an Edel-Butteken, et kann een do och (fir nach akzeptabel Präisser) iessen. Esouguer e McDo ass do.
Ech flanéieren duerch d'Galerie, entscheede mech da fir e klengt Lokal baussen a bestellen eng Pizza. (What else?) Dat Gutt dorun: Si war ze bezuelen. Dat manner Gutt: Si hätt kënne besser sinn, war awer z'iessen ... Soit!

Ech mellen trotzdem "Mission accomplie" zu Mailand a maache mech op de Wee op Ferrara. Mee wéi kommen ech nëmmen aus Mailand eraus? - Endlech op der richteger Autobunn a via Parma, Modena a Bologna geet et dann op Ferrara.
Ee Geheimtipp!
Och wa Ferrara net grad esou bekannt ass wéi verschidden aner Stied aus der Emilia Romagna, et ass der Wäert, dohin ze fueren. Ferrara ass eng kleng an am Zentrum éischter roueg Stad a nennt sech selwer italienesch Haaptstad vun de Vëloen. Mat ee Grond: Et ass eng zimlech flaach Stad (an et ginn net terribel vill Parkplazen an der Città vecchia).
An der Alstad lakkelen den Doum, deen op enger schéiner Plaz steet, dee beandrockende Castello Estense mat dem Palazzo Communale an natierlech de Palazzo dei Diamanti, deen awer net wéinst echten Diamanten esou heescht, mee wéinst sengen eckeg geschniddene Fassadesteng aus Marber.

De Castello estenense an der Città vecchia vu Ferrara blénkt an der Luucht vun der Sonn, déi grad ënnergeet.
Ee weidere Virdeel vu Ferrara: Am Zentrum ginn et eng sëllesche flott Terrassen. Aner Restaurante hunn an hire Fënsteren hir Wurscht- an Ham-Spezialitéiten hänken, esou datt een onméigelech laangscht goe kann, ouni eranzegoen. A wann een dann ënnert Einheimesche seng Pasta a säi roude Wäin kritt, da weess een, datt een dat richtegt Land gewielt huet, fir Vakanz ze maachen ...

© Google-Maps
Déi gutt erhale Renaissancestad Ferrara läit an der Po-Ebene, mat deem Floss ass si via e Kanal verbonnen. 50 Kilometer sinn et vu Ferrara un d'Adriaküst, dohi féiert eis dann déi nächst Episod vu "Bella Italia". Esou vill sief awer elo well verroden: Et muss net ëmmer Venedeg sinn!