Déi flottst Fräizäitparke ronderëm Lëtzebuerg

© Fun & Karting Center
Ween an de Schoulvakanzen oder de Weekend net wäit wëll mat de Kanner fortfueren, fir dee si Fräizäitparken eng flott Alternativ.
Mä wou kann ee goen a wat interesséiert meng Kanner a mech? Mir hunn Iech eng Selectioun erausgesicht, bei där jiddereen eppes dierft fannen...
Phantasialand - Brühl (D) 180 Kilometer vu Lëtzebuerg
Ee vun den eelsten europäesche Fräizäitparken ass d'Phantasialand, dat et zënter 1967 gëtt. Ween awer elo mengt hei wär alles almoudesch, deen iert sech, well regelméisseg ginn nei Attraktiounen op, déi Kleng a Grouss begeeschteren. Nieft Spiller ginn awer och flott Showe gebueden, déi keng Langweil opkomme loossen.

Parc Astérix - Plailly (F) 360 Kilometer vu Lëtzebuerg
30 Kilometer am Norde vu Paräis fënnt een zënter 1989 de Parc Astérix, wou ee sech wéi an enger aner Zäit ka fillen. Fuerdert den César eraus, spiert dem Zeus seng Roserei oder erlieft de Bësch vun den Droiden. Nom Disneyland, ass dëst iwweregens den zweet-meeschtbesichte Park a Frankräich.

© Parc Astérix
Europapark - Rust (D) 280 Kilometer vu Lëtzebuerg
Den Europapark ass an 13 verschidde Quartieren opgedeelt, déi all engem europäesche Land dediéiert sinn. Sou kritt ee vu skandinavesche Fësch-Spezialitéiten, iwwer schwäizer Raclette bis zu italienescher Pasta net nëmme kulinaresch alles wat ee sech wënsche kann. Dank de 5 Hoteller, Gäschtezëmmer an engem Camping brauch och kee midd heem ze fueren.

Warner Movie Park - Bottrop (D) 280 Kilometer vu Lëtzebuerg
Fillt Iech wéi am Film "Ice Age", erlieft Stuntshowen oder gitt op eng Zäitrees. Am Warner Movie Park ginn et Saachen, déi ee soss nëmmen aus den Hollywood-Filmer kennt. Op de 40 verschiddenen Attraktiounen däerft jidderee säi perséinlecht Gléck oder den Nervekitzel fannen...

Eurospace Center - Transinne (B) 90 Kilometer vu Lëtzebuerg
An der Province du Luxembourg fënnt een zënter Ufank der 1990er Joren de Euro Space Center, en flotten an edukative Komplex, dee Kleng a Grouss d'Astronomie-Wëssenschafte méi no soll bréngen. Ma och Séminairen an Teambuilding-Initiativë kann een hei an enger aussergewéinlecher Atmosphere plangen.

Walygator - Maizières-Lès-Metz (F) 50 Kilometer vu Lëtzebuerg
Aus dem Stroumpfepark an dem Walibi ass zënter 2007 de Walygator ginn. Haut ass de Park awer net méi nëmme fir déi kleng Visiteure geduecht. Ënner anerem fënnt een hei d'Achterbunnen "Anaconda" an "The Monster", déi bis zu 80 respektiv 92 Stonnekilometer séier kënne ginn.

LIK: Walygator Parc & Attractions
Snowhall - Amnéville (F) 50 Kilometer vu Lëtzebuerg
Loscht op Ski oder Snowboard, mä weder Zäit nach Sue fir wäit fort ze fueren? Eng flott Alternativ ass de Snowhall zu Amnéville. 620 Meter laang, 35 Meter breed, 90m Héichtenënnerscheed an eng Bannentemperatur vu -2 bis -3 Grad: Do kommen d'Fans vum Wantersport op hir Käschen. Dat néidegt Material kann een op der Plaz léinen.

© Snowhall Amnéville
Disneyland Paris - Marne-la-Vallée (F) 350 Kilometer vu Lëtzebuerg
30 Kilometer am Oste vun der franséischer Haaptstad fënnt een Disneyland Paris, dee sech aus 2 Parken zesummesëtzt: De Parc Disneyland (Ouverture 1992) an de Parc Walt Disney Studios (Ouverture 2002). Wee méi wéi een Dag wëll op der Plaz verbréngen, dee kann an engem vun de 7 Disney-Hoteller oder 7 Partner-Hotellen iwwernuechten.

Plopsa Coo - Stavelot (B) 150 Kilometer vu Lëtzebuerg
2006 ass de Plopsa Coo mat engem neien Numm an neien Attraktiounen opgaangen. E groussen Ënnerscheed zu villen anere Parken ass, datt den Entrée am Plopsa Coo gratis ass, déi eenzel Spiller muss een awer bezuelen. Mat engem "All In" Ticket kann een awer e ganzen Dag vun den Attraktioune profitéieren.

© Plopsa Coo
Zoo d'Amnéville - Amnéville (F) 50 Kilometer vu Lëtzebuerg
1986 huet den Zoo vun Amnéville seng Dieren opgemaach an zënter deemools ass et regelméisseg ze Vergréisserunge komm, sou datt en haut 17 Hektar grouss ass a ronn 360 verschidden Déiere vun de 5 Kontinenter an him wunnen. All Joer besichen iwwer eng hallef Millioun Visiteuren den Zoo.

© Zoo d'Amnéville
Fun & Karting Center - Burg-Reuland (B) 80 Kilometer vu Lëtzebuerg
De Fun & Karting Center am däitsch-belsch-lëtzebuergeschen Dräi-Lännereck bitt dat ganzt Joer iwwer Spaass fir Grouss a Kleng. Nieft dem Karting fënnt een hei awer och e spektakuläre Bowling-Center, Lasertag, 3D Indoor Minigolf, Sumokämpf an Air Hockey.

© Fun & Karting Center