"Bella Italia" (2): Comacchio an Chioggia amplaz vu Venedeg

Zu Comacchio geet et nach roueg of ...
Roadmovie duerch Norditalien: Vu Ferrara ass et e Kazesprong un d'Adria. Dofir geet et haut an eiser Rees-Serie un d'Mier - awer net op Venedeg ...
Ech ginn zou, vu Comacchio hat ech virun dëser Vakanz nach ni eppes héieren. Deen een Abschnitt, deen am Guide awer stoung - ënnert der Iwwerschrëft "Emgéigend vu Ferrara" -, deen huet mech awer virwëtzeg gemaach.
55 Kilometer sinn et vu Ferrara op Comacchio, mat 22.000 Awunner den Zentrum vun der Regioun "Valli di Comacchio". D'Stad ass, wéi Venedeg an Chioggia, op Insele gebaut, dorun erënneren nach haut déi sëlleche Kanäl a Flëssäerm an der Stad. Natierlech ass Comacchio awer méi kleng wéi seng grouss Schwësteren.
Haaptattraktioun ass - nieft dem Stadbild - eng Bréck aus Trapen iwwer direkt 4 Kanaläerm, Trepponti gëtt si genannt a bei hir schléit dann och dat touristescht Häerz vun der Stad, déi ausserhalb vun der Saison awer e bëssi verschlofe wierkt, wat hirem Charme awer ze gutt kënnt.
Berühmt ass Comacchio fir seng Éilen, Anguille, déi iwwerall geziicht an da mat spezielle Netzer gefaange ginn.
Vis-à-vis vu Venedeg

... Chioggia ass dogéint ewell eng Nummer méi grouss.
Eng Grëtz méi wäit vu Ferrara ass et op Chioggia, ronn 100 Kilometer, an anerhalwer Stonn awer ze maachen, dat och an der Laguna Veneta oder am Golfo di Venezia läit, also quasi vis-à-vis vu Venedeg. (Vu Comacchio sinn et 65 Kilometer bis dohin, fir si brauch ee ronn 1 Stonn an eng Véierel.)
Chioggia ass schonn eng Nummer méi grouss wéi Comacchio an och hei lount sech den Trip. Et ass nach eng Kategorie ënnert Venedeg, huet och keng Markusplaz an och keen Dogepalais, mee trotzdem eng ganz Rëtsch vu flotten Ecken, déi een duerchaus mat Venedeg verwiessele kinnt ...
Ech ginn awer zou: Wa Comacchio, wat ech am Reesguide zoufälleg ënnert Ferrara fonnt hat, net zoufälleg mat Choggia verglach gi wier, wär ech net hei opgedaucht. Zum Gléck ass ee flexibel op der Rees, wann ee keng Zäit hat, en uerdentleche Plang ze maachen.
Op alle Fall: D'Inselstad Chioggia (55.000 Awunner), ronn 40 Kilometer südlech vu Vendeg, ass en Ausfluch wäert (wann een net grad Venedeg als Destinatioun huet).
Déi wichtegst Strooss ass de Corso del Popolo, mat Kierchen a Palaisen entsprécht en duerchaus den Erwaardunge vun den Adria-Touristen. A Kanäl ginn et hei, an deem alen Zentrum vun der venezianescher Salzproduktioun, och méi wéi genuch. Avis aux amateurs also ...

© Google-Maps
An der nächster Editioun wiessele mir kuerz d'Land, ouni Norditalien esou richteg ze verloossen. Op eisem Programm steet en Trip op San Marino, méi genee op de Monte Titano.