"Bella Italia" (3): Uewen um Monte Titano a San Marino

© Luc Marteling
Am drëtten Deel vun eisem Roadmovie duerch Norditalien geet et vu Ferrara an een anert Land - an zwar op San Marino.
Bon, vu Ferrara aus, deem éischten Ausgangspunkt vun eisen Ausflich duerch Norditalien, ass et net grad e Kazesprong bis op San Marino, mee wann ee schonn an der Géigend ze dinn huet, dann ass et natierlech flott, kuerz an een anert Land ze "switchen" - an dat ouni grouss Grenzformalitéiten. Et muss een esouguer oppassen, datt een de Moment vum Grenziwwertrëtt net verpasst!
Zwou Stonne kann ee scho rechnen, fir vu Ferrara - via Bologna a Rimini - op San Marino ze fueren. Knapp 2 Säiten huet mäi Norditalien-Guide deem klenge Land gewidmet, an dat bei wäit iwwer 500 Säiten, déi en alles an allem huet. Egal, ech sinn awer dohi gefuer, schliesslech ass d'Repubblica di San Marino - wéi et heescht - déi klengsten an och déi eelste Reublik vun der Welt.
Eng laang Geschicht
Anscheinend geet hir Grënnung op den 3. September 301 zréck. Deemools soll den Aarbechter Marinus vu Rimini, dee wéinst sengem chrëschtleche Glawe verfollegt gouf, op de Bierg Titano geklomm sinn a sech do verstoppt a sech do direkt och en Haus gebaut hunn. Wéi gesot, op engem 3. September am Joer 301 an dee gëtt dofir elo offiziell als Grënnungsdag vun der Republik San Marino ugesinn. Op deem Datum gëtt dann och all Joer den Nationalfeierdag gefeiert ...
A wéi dat gefeiert gëtt! Op engem Blad vun engem Reeskalenner ("In 365 Tagen um die Welt") aus dem Joer 2005, dat ech mir gutt versuegt hunn, steet geschriwwen: D'Feiere fir den 3. September gëllen als faarwegste Feierdag vun der Welt, et kéim ee sech dann nämlech vir wéi am Mëttelalter, esou vill Folklore wier dann ugesot. Bon, de 4th of July an de States ass jo och net grad ohne, mee wann dat da mol esou behaapt gëtt, da loosse mir dat alt esou stoen, well ech war bis elo weder op engem 4. Juli an den USA, nach op engem 3. Sepember zu San Marino. Et kann ee jo net iwwerall sinn, wou eng Kaz geschleeft gëtt ...
Hannescht bei den hellege Marinus. Aus sengem Haus ass anscheinend e Klouschter ginn, dunn en Duerf an 1263 e Staat, an zwar deen éischten op der Welt mat enger schrëftlecher Constitutioun. A fräie Wahlen ginn haut déi 60 Membere vum "Grousse Conseil" (Consiglio Grande e Generale) gewielt an deen ernennt da fir ëmmer 6 Méint déi 2 gläichberechtegt Staatscheffen, déi "regéierend Kapitänen" (Capitani Reggenti) genannt ginn. A pronkvollen Zeremonie gi si ëmmer den 1. Abrëll an den 1. Oktober "inthroniséiert". Klengt och e bëssi no Folklore :-)

San Marino ass 61 Quadratkilometer grouss a läit op de Flanke vum 745 Meter héije Monte Titano. Bis op Rimini sinn et knapp 20 Kilometer, mee un d'Mier grenzt d'Republik um Wupp vun den ëstlechen Apenninen awer net. Si besteet aus der Haaptstad San Marino an aus 8 klengen Dierfer ronderëm. Ronn 25.500 Leit wunnen do, déi meeschte Sue maache si duerch d'Vente vun Timberen a Mënzen an am Summer Tourismus.
The Rock ...
Wat virun allem zu San Marino ze kucken ass, dat ass evidenter Weis de Monte Titano, op deen ee bequem mat der Seelbunn (Funivia) fuere kann. Uewen huet een dann eng flott Vue op déi klenge Republik an natierlech och op Italien. Ganz flott ass dat alles bei Sonnenënnergang, och wann et dann op eemol zimlech eidel uewen um Bierg ka ginn.
Uewe selwer si kuckeswäert d'Alstad, déi flott Piazza della Libertà mat dem Palazzo del Governo, e puer Kierchen an natierlech déi 3 al Festungen op den 3 Spëtze vum Monte Titano, déi duerch eng Festungsmauer matenee verbonne sinn: Rocca Guaita, Rocca Cesta a Rocca Montale. E Genoss, fir uewe ronderëm ze trëppelen an ze kloteren, fir Loft a Land ze genéissen - an heinsdo fillt ee sech dann u Gibraltar erënnert ...

© Google-Maps
Elo heescht et, der Po-Ebene an der Renaissancestad Ferrara, déi eis bis elo als Ausgangspunkt gedéngt huet, Äddi ze soen, well elo gëtt de Paysage gewiesselt, et geet nämlech an den Norden an zwar op Bozen a Südtirol. Méi genee op Jenesien, dat wonnerbar op enger Alm héicht iwwert der Stad Bozen/Bolzano am Etsch-Dall läit.